Wir spalten die Welt in Gegenstände auf

Interesting stuff I read today:

 

„Unabhängig von Begriffsschemata existieren keine „Gegenstände“. Wir spalten die Welt in Gegenstnde auf, indem wir dieses oder jenes Beschreibungsschema einführen. Da die Gegenstände und die Zeichen gleichermaßen interne Elemente des Beschreibungsschemas sind, ist es möglich, anzugeben, was wem entspricht.

Innerhalb der Sprache, der ein Wort angehört, ist eseine triviale Angelegenheit, seinen Bezug anzugeben nämlich indem man das Wort selbt verwendet. Worauf bezieht sch „Kaninchen“? Na, auf Kaninchen natürlich! Worauf bezieht sich „Außerirdischer“? Auf Außerirdische.

[Der Externalist] […] betrachtet solche Aussagen nicht als Angaben darüber, was der Bezug eigentlich ist. Für ihn ist es ein dringendes Problem, herauszufinden, was der Bezug eigentlich ist, d.h. was das Wesen der „Übereinstimmung“ zwischen Wörtern un Dingen ist. […] Darüber, was der Bezug innerhalb eines Begriffsystems ist, gibt es für mich dagegen wenig mehr zu sagen als diese Tautologien. (Bsp. Tautologie: Kaninchen=Kaninchen).

Der Gedanke, die kausale Verbindung sei notwendigwird schon durch das Faktum widerlegt, daß sich „Außerirdischer“ mit Sicherheit auf Außerirdische bezieht, ob wir jemals mit Außerirdischen in aktiver Wechselbeziehung gestanden haben oder nicht!“

 

In: Hilary Putnam: Vernunft, Wahrheit und Geschichte. Suhrkamp S.78-79.

Published in: on Mai 27, 2009 at 8:25 am  Comments (2)  

Ich fürchte mich so … Rilke

Ich fürchte mich so vor der Menschen Wort.
Sie sprechen alles so deutlich aus:
Und dieses heißt Hund und jenes heißt Haus,
und hier ist Beginn, und das Ende ist dort.
Mich bangt auch ihr Sinn, ihr Spiel mit dem Spott,
sie wissen alles, was wird und war;
kein Berg ist ihnen mehr wunderbar;
ihr Garten und Gut grenzt grade an Gott.
Ich will immer warnen und wehren: Bleibt fern.
Die Dinge singen hör ich so gern.
Ihr rührt sie an: sie sind starr und stumm.
Ihr bringt mir alle die Dinge um.

 

(et kennt emmer rem, daat Gedicht. J’aime bien.)

Published in: on Mai 13, 2009 at 8:42 pm  Kommentar verfassen  
Tags: , ,

zivile Ungehorsamkeit – Antigone und Sokrates

Waat huet d’Antigone gemeinsam mam Sokrates?

Firdeischt mol ween sin di 2?

– d’Antigone ass eng Figur aus der griechescher Mythologie. D’Antigone huet säin Brudder (deen ‚unwürdeg‘ gestuerwen ass) begruewen, obwuel säi Monni de Kreon, Chef, him et verbueden huet. De Sophokles, suwi och den Jean Anouilh zielen eis des Geschicht.

– de Sokrates, ech mengen, dee kennt der, wuar gr. Philosoph, Lehrer vum Platon. Hien wuar en aktiven Philosoph. Hien huet d’Leit op der Agora (gr. Muartplaatz souzeson) drop opmierksam gemaach, daat se eigentlech keng Ahnung vun deem hun, waat se soen (daat do ass lo ganz grob resumeiert…gaaaaanz grob). Hien leent en Befehl vun engem Tyrann of. (ech gin keng Detailler well dei net relevant sin)

Soit! Waat ass dann lo mat desen 2? Ma si sin allen 2 weinst hieren eegenen Sense vun Gerechtegkeet gestuerwen, deen, gesetzeswidreg wuar. Se hun, aus rengem Gewessen, gesetzeswidreg gehandelt. Se wuaren zivil ungehorsam. Daat sin dach mol Leit, dei zu deem stin, waat se moralesch gudd fannen. Daat sin dach mol eierlech Leit, di net faerten, hieren Ideen no konsequent ze handelen!

En plus hun se domadder, mat hirem aktivem Handeln, op Lücken an der deemols herrschender Uerdnung higewisen. Do gouf net domm gespackt, mais gemaach!

Also wann daat keng Firbilder sin!

Published in: on Mai 13, 2009 at 5:01 pm  Comments (6)  
Tags: , , , ,

Eise Claude (Lévi-Strauss)

Jo den Ethnolog. Waat zielt en?

Haut hu mer en Auszug aus dem Claude Lévi Strauss säin ‚Structures élémentaires de la parenté‘ gelies. An ech hu mer geduecht: boaaaah, how boring. Hien zielt do, an engem zimmlech mühsam-liesbarem Schreiwsstil, daat et bestemmten universell Normen gett, wann et em d’Bestueden geet. ( bon, mier hun den Text op Däitsch gelies….vläit ass d’Iwwersetzung och einfach schäiss)

Bref. Daat leet en dann su duer, inwiefern een daat beim Beispill vun den matrilateralen Kreuzkusinen-Heirat gesin kann e.t.c. Also daat ass dee eischter latzegen Deel. Bref, op jiddefall well en dorob eraus, mengen ech mol, daat et bei all deenen verschiddenen Heiratsnormen, dei et op der Welt su gett, et eng Norm gett, oder soen mer eischter een Prinzip, deen universell ass, deen emmer statttfennt e.t.c….

Et ass den Prinzip vum Austausch. Austausch an deem Senn, daat amfong zwou verschidden Saachen mateneen verschmelzt gin an soumadder eppes Neies bilden. Neit Blutt kinnt een son. Deen Prinzip geet amfong mi wäit nach.

Hien seet, daat all Mensch an Geigensätz denkt: hell-donkel, Daag-Nuescht, kaal-wuarm e.t.c. (naja, ech fänken lo net un daat ze kritiseieren) An daat Geigensätz  komplementär sin, op jiddefall als esou ugesin gin. E Mann bestid eng Fra, well et säin Geigensaatz ass, lo mol ganz banal weinst dem Geschlecht. Dofir ass Homosexualiteit esou verpöhnt. Well keng 2 Geigensätz sech komplementeieren. Oder och Masturbation. Do ass jo kee Melange

Daat as jo nawell interessant waat deen do zielt. Mais geet et wierklech dodrems an engem Marriage? Oder besser gesoot: Kann een all Zort vun Marriage op een universellt Prinzip zereckféieren loossen? Ech si net iwwerzeegt.

An iwwerhaapt soll daat e Grond sin, wisou Homosexualiteit mat esou méfiants-en Aen gekuckt gett (bon, also hautesdaags vläit nemmi sou….oder vläit awer???) ?

So its all about blood? Daat as jo mega primitiv. Mais bon, geint den Inzestverbot seet jo wuel keen eppes…

vläit si mer jo all primitiv?

Published in: on Mai 12, 2009 at 5:01 pm  Comments (2)  
Tags: , , ,

Soll ech lo wierklech an d’Virliesung gon?

Eng Fro, di wahrscheinlech all Student sech mindestens eemol de Mount stellt. An? Soll ech? Ech hun de Skript. Soll ech awer? eieiei. Ech hun nach 28 minutten fir mer et ze iwwerleen. Alt erem, en Ringen tescht Vernunft an Haerz…wee gewennt? Wee gewennt ze oft? Loossen mer de Bilan zéihen. An? Waat kennt eraus??? Jaja, daat hun ech mer geduecht…

Sin liddreg Menschen wellensschwaach? Ech gin an d’Virliesung. Mer wellen jo net, daat de Platon denkt, mier wieren ze blöd, daat richtegt ze wellen. Merci Platon. Oder…..och net…Keng ahnung. Et ass jo alles eng Saach vun Ofweihen. Wann ech net gin, dann kann ech amplaatz mäin Text liesen fir muar….maan ech awer net….oder dach? Wann ech gin, brauch ech den Skript net ze liesen an selwer iwwerleen, well ech kreien daat ganzt jo dann schein erklärt an alles. Waat ass di richteg Entscheedung? Ass di beschten Entscheedung di vernünftegst? Ass et am beschten, vernünfteg ze sin? Meeschtens vläit, mais net emmer…oder?

Published in: on Mai 11, 2009 at 1:07 pm  Kommentar verfassen  
Tags: , , , ,

Die Bla-Philosophie

Bla.

Ass Bla näischt-soend? Nee. Bla ass alles. Bla ass d’Wuert daat alles emfaasst.

Alles ass Bla oder Bla ass alles. Daat selwescht? Waat soll een dozou soen? Maja BLA.

Bla ass desen Blog, Bla ass di Welt di mech emgett. Klengt daat net iergendswei poetesch? Ech fannen schon. Sin ech bla, oder sin di aaner all bla?

Waat ass bla? Loossen mer bla defineieren. Bla ass Bla. Domadder ass scho genuch gesoot. Haha, lo haat ech ee Moment geduecht, daat kinnt lo iergendswei su dadaistesch eriwwer kommen. Mais och daat….ass bla.

Just say Bla to yourself and to the world….. and everything gets better. or worse……it’s bla, so you don’t need to differentiate.

Ass desen Bätitraag eescht ze huelen? Et bien, d’ass bla also bla! 🙂

P.S: Ech fannen daat witzeg. Aanerer fannen daat dooten wahrscheinlech komplett bla. Waat et jo och ass. Mais vue daat alles bla ass….hahaha.

Published in: on Mai 8, 2009 at 9:21 pm  Comments (1)  
Tags:

The Value of Philosophy – Bertrand Russell

„The value of philosophy is, in fact, to be sought largely in its very uncertainty. The man who has no tincture of philosophy goes through life imprisoned in the prejudices derived from common sense, from the habitual beliefs of his age or his nation, and from convictions which have grown up in his mind without the co-operation or consent of his deliberate reason. To such a man the world tends to become definite, finite, obvious; common objects rouse no questions, and unfamiliar possibilities are contemptuously rejected. 

As soon as we begin to philosophize, on the contrary, we find, […] that even the most everyday things lead to problems to which only very incomplete answers can be given. Philosophy, though unable to tell us with certainty what is the true answer to the doubts which it raises, is able to suggest many possibilities which enlarge our thoughts and free them from the tyranny of custom.“

Ass daat dann näischt?

Published in: on Mai 3, 2009 at 3:25 pm  Comments (2)  
Tags: ,

De Brevitate Vitae – Seneca

„Mortels vous vivez comme si vous deviez toujours vivre. Il ne vous souvient jamais de la fragilité de votre existence; vous ne remarquez pas combien de temps a dejà passé; et vous le perdez comme s’il coulait d’une source intarissable, tandis que ce jour, que vous donnez à un tiers ou à quelque affaire, est peut-etre le dernier de vos jours. Vos craintes sont celles de mortels: à vos désirs on vous dirait immortels.

Let’s think about that….

Published in: on Mai 3, 2009 at 2:12 pm  Comments (5)  
Tags: , , ,

a new discovery – Bärlauch

D’lescht keier wuar ech op Bebenhausen iessen, an do hun ech Bärlauch Gnocchi geholl.

Ech wuar begeeschtert. Bärlauch ass esou eng Pflanz, dei oft benotzt gett fir Pesto ze maan zum Beispill an et schmaacht wi Knuewléck. Exzellent.

Bärlauch fennt een am Freijoer am Besch. D’ass och eng Heilpflanze an anscheinend gudd géint heijen Blutdrock, an et wierkt antibakteriell. Et kann een et awer och selwer upflanzen (jaaaa, hätt een e Guart….) Soit.

Ech hun na nie vun daer Pflanz heieren, mais anscheinend ass dei lo well an der Haute Cuisine sou in, an gett oft benotzt als Gewürz oder fir Zoosen ze maan an sou. Also ass op allefall net schlecht de Gout, et schmaacht wi gesoot wi Knuewleck awer net su staark. Et ass mei pflanzeg halt. 🙂

Published in: on Mai 2, 2009 at 11:21 am  Comments (4)  
Tags: , ,

Seneca-Strategie

Ech hu mer grad eng Master-arbescht vun engem bestemmtenen Worgitzki ugekuckt am Internet. An dei ass nawell cool.

Hien probeiert ze erklären, wei een Gedanken vum Seneca benotzen kann, fir engem op sengem Liewenswee ze hellefen. Se sollen souzesoen therapeutesch benotzt gin. Daat ganzt nennt en dann Seneca-Strategie: 7 Schritte zu Glück und Reichtum. An daat gesäit esou aus:

Schritt 1: Besinne dich auf dich selbst / ziehe dich in dich selbst zurück

Schritt 2: Suche nach deinen Lebensziele / Nenne drei Lebensziele

Schritt 3: Würdigung der Lebensziele unter Berücksichtigung der Seneca-Philosophie

Schritt 4: Lebensziele setzen

Schritt 5: Nutze die Zeit im Hier und Jetzt

Schritt 6: Das Glück der Gegenwart ausschöpfen

Schritt 7: Lege dir täglich Rechenschaft ab.

Naja. Also d’Idee ass jo net schlecht. Mais domadder ass jo lo nun wierklech kengem gehollef. ….

Published in: on Mai 1, 2009 at 7:36 pm  Kommentar verfassen  
Tags: ,