Soll ech lo wierklech an d’Virliesung gon?

Eng Fro, di wahrscheinlech all Student sech mindestens eemol de Mount stellt. An? Soll ech? Ech hun de Skript. Soll ech awer? eieiei. Ech hun nach 28 minutten fir mer et ze iwwerleen. Alt erem, en Ringen tescht Vernunft an Haerz…wee gewennt? Wee gewennt ze oft? Loossen mer de Bilan zéihen. An? Waat kennt eraus??? Jaja, daat hun ech mer geduecht…

Sin liddreg Menschen wellensschwaach? Ech gin an d’Virliesung. Mer wellen jo net, daat de Platon denkt, mier wieren ze blöd, daat richtegt ze wellen. Merci Platon. Oder…..och net…Keng ahnung. Et ass jo alles eng Saach vun Ofweihen. Wann ech net gin, dann kann ech amplaatz mäin Text liesen fir muar….maan ech awer net….oder dach? Wann ech gin, brauch ech den Skript net ze liesen an selwer iwwerleen, well ech kreien daat ganzt jo dann schein erklärt an alles. Waat ass di richteg Entscheedung? Ass di beschten Entscheedung di vernünftegst? Ass et am beschten, vernünfteg ze sin? Meeschtens vläit, mais net emmer…oder?

Published in: on Mai 11, 2009 at 1:07 pm  Kommentar verfassen  
Tags: , , , ,

Vun de Wierder

Alt erem hun ech e bessen gestöbert an eng Arbescht iwwert dem Platon säin Dialog Kratylos fonnt.

Et geet an deem Dialog dodrems, ob d’Benennung vun Saachen zoufälleg ass oder net.

Thes 1: D’Bennenung vun Geigenstänn ass net zoufälleg.

Daat erschengt logesch, wann een kuckt, wei d’Kanner Geigenstänn nennen: Eng Kou ass eng Muh, en Hond ass e Wau wau. Mais et gin och Wierder, dei den Erwuessenen benotzt, wou een mierkt, datt dei Wierder eng mat deem benannten Geigenstand an Verbindung stin. E Beispill dofir wier ‚lispelen‘. (Leider fällt mer grad keen aanert Wuert an….mh, daat seet jo schon villes)

Mais wei verhällt et sech dann mat Wierder wi ‚Stull‘ oder ‚Kaatz‘ oder sou? Jo, daat huet dann mat der Etymologie vun deem Wuert ze din. Haut kann een vläit net novollzeihen, wisou Stull Stull heescht, mais vläit ass den Ursprung vum Wuert an engem engen Zesummenhang mam Geigenstand, deen benannt gouf. Ech mengen, et ass jo awer keen Zoufall, wisou een an verschidden Sproochen, baal daat selwescht Wuert fir ‚père‘ benotzt: Latäin: Pater, Spuenesch: Padre e.t.c.

An dach ass et iergendswei net su einfach ze léisen. Et gin jo awer och Wierder, dei eigentümlech zu enger eenzeger Sprooch geheieren an dei trotzdem keen Zesummenhang mat deem bezeechnetem Geigenstand hun….

An iwwerhaapt, ass et jo awer sou, datt d’Wierder sech, och wann se etymologesch op eppes Sennvolles zereckfeierbar sin, iergendswei onlogesch zesummenbauen. Wisou ass dann lo grad en D bei Padre an keen T? Kee wees et. Jo, ok, well et eben Spuenesch ass. Naja, daat ass keen Argument.

Daat feiert eis zu der

Thes 2: D’Benennung vun Geigenstänn ass zoufälleg (oder arbiträr kann een och soen)

Stull heescht halt einfach sou Stull, einfach nemmen fir deem Geigenstand e Numm ze gin, an fir en eben vun aaneren Geigenstänn, wei ‚Desch‘ ze ennerscheeden. Su bessen wi mat den Eigennamen. Wisou heescht d’Josette Josette? Majo, einfach sou, well seng Eltren deen Numm schein fonnt hun.

____________________________________________________________________

Eigentlech seet  ‚Josette‘  jo absolutt näischt aus. Eigentlech ass et jo dann Wurscht, wei een en Dingsda nennt. Et bezeechnet halt just eppes. Et denoteiert, fir daat lo mol su sprochwessenschaftlech ze soen…an do ass keng Konnotation vorhanden. En Numm, all Numm, net nemmen den ‚Eigenname‘ denoteiert just, ….den Numm seet guer näischt iwwert den Geigenstand aus.

Waat solle mer dann lo vun der Sprooch am Allgemengen haalen?

Ech giff alt behaapten, daat verschidden Wierder méi wi nemmen bezeechnen. Sou wei zum Beispill Wau-Wau 🙂 (vläit hun d’Kanner jo d’Wourescht vun den Saachen besser erfaasst, ewei en Erwuessenen) Mais et sin eben vill Wierder wus de denks: Firwaat heescht daat esou? Dofir ass et vläit och su mühsam, Vokablen ze leieren. An iwwerhaapt, eng Sproch ze leieren. Well iergendswei kanns de verschidden Saachen einfach net novollzeihen. Bon, wanns de Franseisch kanns, fällt der et mi einfach, Latäin ze leieren an emgedreint. Mais huel un, du kinns daat net. Wi domm wiers de dann wuel drun? Naja, daat ass lo nemmen su en ofschweifenden Gedanken.

Waat ech amfong well froen ass: Ass d’Sprooch fiable? (keng Ahnung wi een daat op letz. seet) Kennen mier aus hier iergendswei eng Erkenntnis zéihen? Also ech mengen lo, vun den Saachen. Natierlech, wanns de eng Ausso bilds, ass do och, an enger gewessener Hinsiicht eng Erkenntnis dran (bon, ob dei lo wouer ass, di Ausso, daat ass eng aaner Saach). Mais ech froen: Ass d’Sprooch sennvoll?

Ech wees net. Als Kand huet daat mech emmer genervt, wann een mer keng Äntwert konnt gin ob di Fro: Wisou heescht Baam Baam? oder sou ähnlech. Ech mengen, mier waren alleguer e bessen onzefridden, wou den Erwuessenen dann soot: Ma daat ass eben nunmol sou.

An dann soen, d’Kanner wieren net zu philosopheschen Froen fäheg….Pah! 🙂

Published in: on Mai 1, 2009 at 1:01 pm  Comments (4)  
Tags: , , ,