Bla a gogo

Bonjuer,

Fillt der net och heinsdo en ganz groussen Drang ze schreiwen? Majo, deen hun ech lo. Daat schlemmst ass, ech hun mol guer näischt gescheites ze son grad (net datt daat waat ech soss schreiwen extrem gescheit ass, mais weinstens huet et awer en ganz e bessen Substanz.) Bereed ierch fir op deen sennlosesten Post an der Geschicht vun desem Blog. Desen Artikel gett nach mei blöd wi mäi Bla-Artikel.

Ah nee. Lo hun ech gemierkt daat ech eischter su am Tagebuch-Mood sin. Ech hun zwar keen Tagebuch mais jo, egal. Wei och emmer. Salut!

Published in: on Juni 13, 2009 at 8:54 pm  Comments (2)  

Phänomen Cactus.

All keiers, wann ech zu Letzebuerg sin, gin ech an de Cactus. Fir die Leit, di mei oft an en auslänneschen Supermarche akaafen gin, a la Edeka oder Billa, wessen secherlech och firwaat. De Cactus ass einfach den Waaaaaaahnsinn. Et fennt een alles am Cactus. De Cactus inspireiert zum konsumeieren. De Cactus huet Pesto an indesch Korma-Zoos. De Cactus huet Bio-Nuddlen, mat Ee, ouni Ee, alles huet den Cactus. De Cactus huet grouss Alleen an et ass engem net kaal, wann een bei de Frigoen ass. Et heiert een d `Keesen piipsen, ereischt, wann een firun hinnen steet.

De Cactus huet den Trick eraus. Et fillt een sech wuel. Wann ech an den Edeka gin, dann well ech emmer seier raus. Mais am Cactus kinnt ech zwou Stonnen verbrengen. Am Edeka muss ech mech och emmer morlaesch op dÀpaacken firbereeden. Et ass emmer eng Course geint d£Zäit. Well die wuarden net, bis daats du faerdeg bass. Ab dee nächsten. Am Cactus ass daat ganz aanescht. Do geet alles schein gemittlech.

 Bon. Wann een mol seier eppes kaafen muss, dann ass de Cactus zwar net ideal. Well Cactus ass Beschäftegungstherapie, Cactus ass fir Leit, di näischt ze din hun. Cactus ass gudd, wanns de tranquille bass, gudd Zäit hues.

Also wann ech näischt ze din hun, dann ass daat eischt waat mer afällt: Oh, da gin ech an de Cactus. Wi armseileg ass daat? Daat schlemmst ass: Ech sinn net daat eenzegt, waat esou denkt. De moien wuar ech an de Cactus an ech hu mer d’Leit mol ugekuckt. Et ass erstaunlech weivill Leit nemmen mat enger Saach an d’Kees gin. Et ass erschreckend weivill Leit an de Cactus gin, fir net doheem ze lungeren. Waat ass lass mat eis? Wisou mussen mir akaafen gon, fir eis net ze langweilen?

Cactus ass ongesond. Well et su gemittlech am Cactus ass, gin d’Leit gaer dohinner, ouni Grond, einfach sou, pour passer le temps quoi. An daer Zäit kinnten se awer vill mi flott a sennvoll Saachen maan. Wi zum Beispill an de Besch trepplen gon. Oder liesen. Mais de Profit dovunner gesäit een jo net, woubäi de Knätsch an der Posch dech esou schéin ulaacht.

 Ech gin leiwer an den Edeka. Do mierkt een weinstens, daat Akaafen eng Niewesaach ass, daat Akaafen eppes ass, waat een halt muss maan, mais waat net vill Zäit sollt eweg huelen. Do gett engem nach eppes vermettelt (haha, die Moral des Edeka), an zwar: Ma firun, notz deng Zäit fir sennvoll Saachen!

Published in: on Juni 2, 2009 at 9:45 am  Comments (5)