Jo, et huet keen Enn.
Et huet kee Wert sech driwwer opzereegen, seet den desillusioneierten aalen Mann. Mengs de wierklech? Ech fannen, et gett sech net genuch opgereegt iwwert sou Saachen.
Jo, vläit well ech eng ‚heile Welt‘. Ass et dann net mäi Recht, mech iwwert dei ’net heile Welt‘ opzereegen? Ass et net mäi Recht drop ze hoffen, daat se sech bessert, daat et och a menger Hand kinnt leien, se ze änneren. Verstoot mech net falsch, ech well net d’Weltherrschaft u mech räissen. Ech fillen mech och net sou staark ze mengen, ech kinnt Grousses beweegen. Mais c’est les petites choses qui changent le monde.
‚Et ännert jo dach näischt‘, ‚maach der dach keng Méi‘, ‚et huet souwisou kee Wert‘. Firwaat dann? Ech hun schon puer Saachen beweegt. Jo, well ech mer Meih gin hun. Kleng Saachen jo, e Sträit geschlichtet, e Kolleeg zur Vernunft bruecht….mais quand meme. An ech sin stolz op esou Saachen. Wisou soll ech dann net mi wäit goen? Wisou soll ech dann net probeieren, e puer méi Leit zur Vernunft ze brengen? Ech mengen net, daat ech e groussen Geescht sin, deen en Paradigmen-Wechsel kann veranlassen, nee, ganz secher net. Ech mengen just, daat ech kann, wann ech et nemmen well, wann ech mer richteg Méih gin, d’Leit vläit kinnt op verschidden Saachen opmierksam maan. Jiddereen kann daat, mengen ech. An vill Leit maan et net, well se mengen, et giff dach souwisou näischt gin. ‚Wee näischt mescht, dee näischt brescht‘ seet meng Bomi. Natierlech muss een heinsdo en verschassenen Schoklaskuch baacken, iert een dann den Trick eraus huet. Mais wisou soll een dann net probeieren? Wisou soll een d’Hoffnung an seng eegen Fähegkeeten, iert een iwwerhaapt probeiert huet, se ze testen, opgin?
Habe Mut! Prends possession de toi-meme! Jo! Maach eppes!
Jo, vläit kann ech näischt Grousses beweegen. Mais ech probeieren et awer. Probeieren kann näischt schueden, et huet een näischt ze verleieren. Jo daat heiert een oft. D’waert wuel eng Wourecht sin.