Sensibelchen

Vläit reegen ech mech zevill iwwer Klengegkeeten op.

Mais ech fannen einfach, daat, am allgemengen, d’Leit vill ze vill Kameidi maan. Sie bringen mir alle die Dinge um, seet den Rilke. Maja, daat ass et. All daat ‚parler pour ne rien dire’….firwaat, firwaat schwätzen d’Leit esou vill? Firwaat schwätzen d’Leit esou vill Brach? Domadder well ech lo op KEE FALL behaapten, daat ech net och oft Brach schwätzen. Ech froen mech just, waat daat soll? An wisou daat d’Leit den Fernseh aschalten, fir sech daat unzeheieren? Si mer all Masochisten? Oder hun di meescht Leit daat gaer, deen Brach? Oder sin mer dermoßen dorunner gewinnt, daat mer den Kameidi nemmi als steierend empfannen?

D’Lescht Keier, wou ech an enger Grouss-Staadt wuar, konnt ech net schlofen. Zevill Kameidi. ‚Ech heiren daat alles net mei‘ seet mäin Gastgeber mer dann. Jo, en huet sech halt dru gewinnt. Daat ass jo normal. Mais d’Leit gewinnen sech net nemmen un den Grouss-Staadt Kameidi, mais och un all aaner Zort vu Kameidi. Ass daat dann net e bessen eng Ent-sensibilisierung, dei d’Leit do matmaachen? Ass daat net schiedlech fir de Geescht?

Ech schwätzen vun Discoen, wou d’Musik ze huart ass, ech schwätzen vu Fernsehsendungen, wou dee ganzen Zäiten geschwaat gett. Weint deem ganzen Geschwätz gett een vun aaneren Saachen ofgelenkt. Wei zum Beispill di schéin Biller, déi, wei et schingt am ‚Hannergrond‘ laafen. Well se gin nämlech an den Hannergrond gedrängt. An dann, d’Musik. Ech giff et flott fannen, wann ech méi wei den fetten Bass vun der Musik, dei an den Discoen leeft, giff matkreien. Oder ass soss näischt dohannert? Heinsdo wuel schon…an mier kreien et guer net mat.

Den Computer brummt, den Handy piipst, et kennt en Auto laanscht d’Haus gefuer….an domadder verpassen ech d’Zwitscheren vun der schéiner Amsel, dei firum Haus trällert.

Et ass selwescht mat der Luucht. Alles ass beliicht. An domadder kreien ech den Ufank vun der Dämmerung net mat.

Eis Sinnesorganer gin mat Andreck vollgepumpt an waat ass d’Konsequenz? Se stompfen of, an mier kreien subtil Geräicher, subtil Liicht-ennerscheeder net mei mat. Ass daat dann net schlemm? Et ass alles ze grell an ze huart.

Mier ass daat zevill. Et ass net friddlech. Kee Wonner daat d’Leit aggro gin. Vläit sin ech och verwinnt. Wou ech lo wunnen ass Rouh an Natur. Ausserdem gesäit meng Staadt (huhu MENG, jo wei och emmer) sou aus, wei wann se an Pastell-Faarwen Deppecher gezapft wier. Hach, ech vermessen daat. D’ass friddlech. Wei och emmer.

Mäi Punkt ass, daat mer di lescht Zäit emmer rem opgefall ass, daat vill Leit einfach nemmi roueg kennen sin. Fir si ass et onangenehm, op enger Plaatz roueg  ze setzen an näischt ze schwätzen. Et muss geschwaat gin, et muss, et muss. Well soss kinnt een jo mengen, et hätt een näischt ze soen.

Ech froen mech heinsdo, waat dorunner schlemm ass. Ech mengen, natierlech huet een heinsdo keng Idee waat schwätzen, huet een eben ’näischt ze soen‘. Waat ass dann? Dann soe mer eben näischt an kucken waat ronderem engem leeft. Ech sin Sensationsgeil. Just si fir mech dei Saachen, dei als Sensatioun präsenteiert gin (Nackter Opa auf dem Time-Square oder sou) keng Sensatiounen. Wisou brauchen d’Leit Schockeren?

Wahrscheinlech ass et eng Art Kompensatioun. Vill Leit hun eben keng ze din, gin schaffen an kucken dono Fernseh. An well hiert d’Liewen halt dermoßen langweileg ass, brauchen se heinsdo esou e Schub, deen se um Liewen hält. Et ass vläit en Abwehr-mechanismus geint Liewensmiddegkeet. Et ass eng Drog, d’Sensatioun. An jiddereen ass ofhängeg. Dofir mierkt keen méi, daat et an den Discoen ze haart ass.  (Natierlech iwwerdreiwen ech, natierlech ass et net jiddereen. mais vill Leit) An et ass schlemm, daat dann dei, dei eigentlech normal, niichtern sin, an och vun engem Villtgen deen zwitschert faszineiert kennen sin, dann schief ugekuckt gin an gesoot kreien: So hues du eppes gedronk?

Werbeanzeigen
Published in: on September 24, 2009 at 6:59 pm  Comments (8)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/09/24/sensibelchen/trackback/

RSS feed for comments on this post.

8 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Gudden Post!

    Ech ginn der generell Recht. Et ass ze oft zevill Kaméidi op ze villen Plazen. Ech sinn et och roueg gewinnt an sinn dowéinst och schnell genervt, wann et haart ass. Dofir huelen ech zB ëmmer Ouerenstëpp mat, wann ech ennerwee sinn. Zumools fir d’Schlofen e Muss. An eng Délice 🙂

    Mat der Luucht hues de och Recht! An dat gët engem réischt richteg bewosst, wann een zwousch woer, wou et wierklech däischter woer. Haut giff och keen mei op d’Iddi kommen fir sech Stärenkonstellatiounen ze erfannen. Et gesäit een se jo kaum.

    Du schéngs einfach ze sensibel fir dës Welt! Mee dat ass kee Fehler. Au contraire. Missten méi sou Läit ginn 🙂

    ps. klengen Challenge: probéier mol eng hallef Stonn ze meditéieren ouni dech ze bewegen? Kriss de dat hin? Déi meescht giffen wuel schon no puer Minutten scheiteren an et souwéisou ‚Schäiss‘ fannen …

  2. Jo, ech sin och der Meenung, daat et méi sensibel Leit soll gin. Also nee….vläit einfach Leit dei hier Sensibiliteit net cacheieren…well ech mengen, d’si vill Leit su sensibel wi ech, mais se liewen halt domat. Se maan sou wi wann näischt wier, well se der meenung sin, daat giff vun hinnen verlaangt gin. naja.

    Laang roueg setzen andeems ech guer näischt ze din hun…kann ech net. Ech sin en extrem nervösen Mensch. Ech fannen mediatioun net schäiss, hun et och scho mol probeiert, mais mier passen di traditiounell ‚roueg dohinsetzen an ooooohm maachen‘ meditatiounstechnicken net. Ech setzen leiwer do an lauschtren gregorianesch musik. daat ass de wahn. mais ech gin zwuar kee meter roueg dobäi. Eischter ‚platzen‘ ech dobäi. Waat wuel och zimmlech gudd ass, also ech mengen, su daat ‚dampf ablassen‘. Soit 🙂

    • Et ginn Momenter fir Damp ofzeloossen an aner Momenter fir zur Rou ze kommen.

      An ‚ooohhhhmmm‘ ass keng Noutwennegkeet bei enger Meditatioun. Mee ech fannen et en interessanten Challenge fir ze probéieren fir eng hallef Stonn laang roueg ze sinn an dem ‚Aaf, deen vun Bam zu Bam sprëngt‘ (Gehiir mat sengen Gedanken) einfach eng Kéier nozekucken, ouni eppes wëllentlech ze beanflossen … do kommen die erstaunlechsten Saachen an Gedanken op … an heiandsdo kritt een den Äffchen och berouegt. Opmanst fir eng Zäit. Fillt sech erfrëschend un 🙂

      Mee, jedem Tierchen natierlech säin Pläisierchen!

  3. Jo, ma daat ass de Problem bei mier. Ech kann meng gedanken net a rou loossen. D’ass emmer sou: Kuck der se un, kuck der se un…..an dann kennt de gedanken: Jo, mais….. an dann de gedanken: Argh, isa, sief dach mol roueg. An dann ass alles geschass an ech si rem vu mier selwer genervt. hahaha. Nja…vläit maan ech et jo och net richteg. Ech gleewen der, daat et erfreschend kann sin, firausgesaat et brengt een et faerdeg.

    • Gesäit aus, wéi wann dat dann däin perséinlechen Challenge wier 🙂

      Einfach just dengen Gedanken NOZEKUCKEN ouni se ze bewäerten oder weider ze verfollegen.

      Mee ops de dat interessant fënns oder net ass eng aner Saach. An och net an denger Hand. De fräien Wëllen ass jo och eng Illusioun 🙂

  4. Ass et wierklech? Ech wees et net. Ech mengen, daat kann een och net wessen. D’hänkt dovunner of, waat een op d’Fro ‚Waat ass de Mensch‘ äntwert. Ass en nemmen Kierper, oder huet en eng Seil, wann en eng Seil huet, huet se Iwwerhand oder net…..Ween entscheed, mäi Kierper oder mäi Geescht/meng Seil? An wann ech nemmen Kierper sin, sin ech et dann net, deen decideiert (vue daat ech Kierper sin)? Ween steiert waat? Gett et fräie Wellen och wann mier nemmen Kierper sin? An waat, vu baussen kann eis determineieren? Alles? Nemmen munches? Inwiefern si mer fräi, an inwiefern net. Ech giff alt behaapten, daat mier net tout a fait onfräi sin. (dozou vläit den Post zur ‚Autonomie bei Kant’….einfach op ‚Kant an Aufklärung‘ klicken da fenns de daat)
    Mais daat en eng Illusioun ass, de fräie Wellen, ass wahrscheinlech eng vertrietbar Meenung. Mais d’ass halt nemmen eng Meenung, wi su villes, waat sech heinsdo als Wessen ausgett. (daat do ass lo net op dech bezun, mais eben allgemeng, op wessenschaftlech ‚Erkenntnisser‘.)Soit. Ech wees net. Ech sin net iwwerzeegt.

    • Ass jo och ok!

      Et ass en komplext an spannend Thema. Wollt et just kuerz hei als Randbemierkungen erwähnen.

      Ech hu mëch relativ vill mam Thema beschäftegt a menger Meenung no wéist alles am Endeffekt op eng Illusioun hinner. Ech wollt dat Thema nach ëmmer eng Kéier an engem Post behandelen, mee sinn bis lo net dozou komm! Mee lo wou et Owes méi fréi däischter gët, misst ech eng Kéier dozou kommen 😉

  5. Da sin ech mol gespaant 🙂


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: