Feier mol keng op

Jo, et huet keen Enn.

Et huet kee Wert sech driwwer opzereegen, seet den desillusioneierten aalen Mann. Mengs de wierklech? Ech fannen, et gett sech net genuch opgereegt iwwert sou Saachen.

Jo, vläit well ech eng ‚heile Welt‘. Ass et dann net mäi Recht, mech iwwert dei ’net heile Welt‘ opzereegen? Ass et net mäi Recht drop ze hoffen, daat se sech bessert, daat et och a menger Hand kinnt leien, se ze änneren. Verstoot mech net falsch, ech well net d’Weltherrschaft u mech räissen. Ech fillen mech och net sou staark ze mengen, ech kinnt Grousses beweegen. Mais c’est les petites choses qui changent le monde.

‚Et ännert jo dach näischt‘, ‚maach der dach keng Méi‘, ‚et huet souwisou kee Wert‘. Firwaat dann? Ech hun schon puer Saachen beweegt. Jo, well ech mer Meih gin hun. Kleng Saachen jo, e Sträit geschlichtet, e Kolleeg zur Vernunft bruecht….mais quand meme. An ech sin stolz op esou Saachen. Wisou soll ech dann net mi wäit goen? Wisou soll ech dann net probeieren, e puer méi Leit zur Vernunft ze brengen? Ech mengen net, daat ech e groussen Geescht sin, deen en Paradigmen-Wechsel kann veranlassen, nee, ganz secher net. Ech mengen just, daat ech kann, wann ech et nemmen well, wann ech mer richteg Méih gin, d’Leit vläit kinnt op verschidden Saachen opmierksam maan. Jiddereen kann daat, mengen ech. An vill Leit maan et net, well se mengen, et giff dach souwisou näischt gin. ‚Wee näischt mescht, dee näischt brescht‘ seet meng Bomi. Natierlech muss een heinsdo en verschassenen Schoklaskuch baacken, iert een dann den Trick eraus huet. Mais wisou soll een dann net probeieren? Wisou soll een d’Hoffnung an seng eegen Fähegkeeten, iert een iwwerhaapt probeiert huet, se ze testen, opgin?

Habe Mut! Prends possession de toi-meme! Jo! Maach eppes!

Jo, vläit kann ech näischt Grousses beweegen. Mais ech probeieren et awer. Probeieren kann näischt schueden, et huet een näischt ze verleieren. Jo daat heiert een oft. D’waert wuel eng Wourecht sin.

Werbeanzeigen
Published in: on September 24, 2009 at 7:20 pm  Comments (4)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/09/24/feier-mol-keng-op/trackback/

RSS feed for comments on this post.

4 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Ech si keen religéisen Mënsch an et kléngt Cliché, mee trotzdem fannen ech dat hei gutt:

    God grant me the serenity to accept the things I cannot change; courage to change the things I can; and wisdom to know the difference.

    ‚God‘ kann een jo duerch soss eppes ersetzen, egal wéi schwätzt een jo usech zu sengem eegenen Subconscient.

  2. Ech fannen daat och gudd, daat zitat. Hei nach eent vum Epiktet:

    „Begehre nichts Unmögliches! Wenn du willst, daß deine Kinder, deine Frau und deine Freunde ewig leben sollen, so bist du ein Tor. Du willst damit, daß Dinge, die nicht in deiner Gewalt sind, in deiner Gewalt sein sollen, und was nicht dein ist, soll dir gehören. So auch wenn du willst, dein Sohn soll keine Fehler machen, so bist du ein Narr; du willst nämlich, Schlechtigkeit soll nicht Schlechtigkeit sein, sondern etwas anderes. Willst du aber, daß deine Wünsche nicht fehlschlagen, das vermagst du schon. Das Mögliche also – darin übe dich.“

    Ass aus: Das Buch vom geglückten Leben. Fantastescht Buch.

    • Jo, en effet och gutt. Kënt jo och un dat Buddhistescht erun: et soll een net un eppes festhalen, wat een net festhalen kann, fir esou Pëng a Schmäerz ze verhënneren oder opmanst ze verrëngeren …

  3. Sicherer Sieg.
    Du kannst unüberwindlich sein, wenn du dich in keinen Kampf einläßt, in dem es nicht in deiner Macht steht zu siegen. Epiktet.

    Vläit soll een einfach vu verschidden Saachen d’Fangeren loossen. D’ass eng Saach vun abwiegen. Dann soll nach een soen, Denken giff een zum Ongleck feieren. Bien au contraire. Mat denken gesäit een, waat een vläit net sollt maan, oder wouriwwer een sech leiwer keng suergen soll maan. Sou wi zum Beispill iwwert den Dout oder saachen, dei duerch Naturgewalt geschitt. Ech kann näischt drun änneren also….stay zen 🙂


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: