D’Bossa Nova Lidd ‚Insesatez‘ huet vill beim Chopin senger Prelude an Mi Mineur geklaut. 🙂 Dier kennt vläit d’Lidd ennert dem Titel ‚How Insensitive‘,….ass en Standard an gouf ennert aanerem och schon vum Frank Sinatra gesong. Lauschtert mol ran, d’ass flott.
Ech empfehlen op allefall dei Versioun vum Joao an Astrud Gilberto zesummen mam Stan Getz (Menger Meenung no en genialen Saxophonist)
Dest ass fir Leit déi gaeren uerdentlech Schnulzen lauschtren 🙂
Iwwerhaapt empfehlen ech des CD: Getz plays Jobim. The Girl from Ipanema.
Menger Meenung no eng gudd Introduktion an flotten Bossa Nova. Dier kennt Bossa vläit leider nemmen aus esou schielen Soiréen an Pseudo-Schicki-Restauranten wou iergendeng Schécks probeiert Jazzy ze sangen….dest ass net den richtegen Bossa. Bossa ass cool. Bossa ass einfach, bossa ass eierlech, bossa ass smoooooth.
Daat bekanntsten Bossa Lidd ass wahrscheinlech ‚Mas que nada‘ oder ‚The Girl from Ipanema’….et gin awer nach ganz vill aaner flott Saachen, dei deelweis melancholesch-nostalgesch, deelweis fröhlech sin. Ah, bekannt ass och nach ‚One Note Samba‘. Daat ass och flott. Als Bossa Schnulz giff ech ‚How Insensitive‘ oder och ‚O Grande Amor‘ empfehlen. Exzellent. Zumols mam Stan Getz.
Et gett och nach sou eng Cd, déi heescht ‚Big Band Bossa Nova‘, och mam Stan Getz. Do ass ‚Manha de Carnaval‘ drop, waat der vläit kennt, falls der dem Camus säin ‚Orfeu Negro‘ gesin hudd.
Vive den Stan!