Kreativiteit als Förderung vum Selbstwertgefill

Et soll mei gemolt gin schreiwen ech. Domadder mengen ech natierlech net, daat molen fir jiddereen iergendswei netzlech ass. Ech well domadder natierlech nemmen son, et soll mei geschaaf gin, d’Leit solle mei kreativ gin. Wisou? Majo well et Perseinlechkeetsfuerdernd ass, well et gesond ass, well et d’Leit zum Fortschrett drängt. Andeems ee molt oder schreiwt oder musizeiert, kennt een sengem Sein mi no.

Eigentlech kann ech mech net su richteg mat Esoterismus oder sou ufrenden. Well et onlogesch ass an sou. Mais en klengen Tendant zur Spiritualiteit kann kengem schueden mengen ech. Op jiddefall fir zu sech selwer ze fannen an sou. Well, si mer mol eierlech, de Mensch, och wann en et well sin, ass alles aaneschters ewei logesch. An dach ass iergendswei emmer eng bedeitung vun deem, waat de Mensch dreemt an sou, ze fannen. Et ass näischt Quatsch waat mer denken. Daat muss een sech dach mol bewosst sin. Op allefall denken ech mier, daat een sech soll méih gin, sech selwer ze sichen. Daat een net einfach soll hinhuelen, waat di aaner sou iwwert een denken an sou. Well bon, et ass jo kloer daat eist Eegenbild staark vun der Aussenwelt geprägt ass. Ech giff suguer behaapten daat d’Aussenwelt deen greissten Deel vun eisem Selbstbild prägt.

En bestemmtenen Goffman huet gesoot (wann ech mech gud erenneren kann), daat niewt d’Awierkung vun deenen ‚Aaneren‘ och nach d’Arbescht eng grouss Roll spillt beim entwecklen vun Identiteit. An ech fannen, daat soll een wierklech net à la légère huelen. Schliesslech bestätegt een sech selwer, andeems een eppes gudd mescht, resp. schlecht (falls een en negativt Selobstbild huet) An ech fannen, grad dofir ass kreativiteit eng ganz wichteg Saach. Well, andeems een kreativ ass, oder andeems een sech Méih gett, eppes ze schaaffen, eppes selwer ze maachen, eppes Neies an sou weider, fennt een Aspekter vun sengeer Perseinlechkeet eraus, dei een firdrun net kannt huet. An doduerch kritt een méi en authetnescht Selbstbild.

Huel mol un, du wiers total onbeleiwt, d’giff keen dech verstoen, wells du ‚en komeschen Kauz‘ bass oder wei och emmer. Op allefall huel emol un, du giffs net su richteg an der gesellschaft unerkannt gin. Wann Perseinlechkeet sech alleng duerch den Urtdeel an duerch d’Handeln  vun deenen Aaneren giff prägen, häss du jo dann en extremt negativt Selbstbild. Et sin Leit, dei hun och effektiv doweinst en negativt Selbstbild, well se der Iwwerzeegung sin, se wieren wierklech esou schlecht, ewei d’Leit si gesin.

Wann dee mensch, deen vun jidderengem veruecht gett, elo awer zum Beispill en Mordstalent huet, soe mer, en kinnt fantastesch Piano spillen. Mengt der net, dee mensch giff sech, doduerch daat hien daat Talent huet, an wees, daat en daat Talent huet, direckt besser fillen, an denken, en giff jo trtozdem eppes am Liewen faerdeg brengen, an e wier eigentlech guer net sou schlecht, ewei d’Leit denken? Natierlech ass daat sou.

Daat do ass natierlech en Extremfall. Mais kuckt emol dei Leit, dei e bessen e schlecht Sebstwertgefill hun. Ech mengen, dei Leit waerten sech selwer secher bessen besser fillen, andeems se mol daat ausdrecken, waat se fillen, andeems se eppes schaafen, kuez…an deems se kreativ sin. Well domadder fannen se Saachen raus, dei hinnen weist, daat se eigentlech guer net su schlecht sin. Jiddereen huet iergendswei en Talent. En muss et just exploiteieren. An daat maan leider di weinegst.

An ech fannen, daat muss sech änneren. Kreativiteit muss méi gefuerdert gin. Wei zum Beispill an der Schoul. Oder duerch den Gouvernement tout court. Encouragement zum Selwer-maan. Jo, daat feelt. Encouragement zum ‚Aanescht-denken’….jo, daat wier et. mais dann ass jo alles op der Kopp. Di meescht schingen domadder wuel e Problem ze hun. Daat muss sech änneren, fannen ech. Hail to the Querdenker! voilà!

Published in: on August 6, 2009 at 10:29 am  Comments (10)  
Tags: , ,

Ceci n’est pas une pipe

ceci-n-est-pas-une-pipe

Daat Bild kennt jo wuel all Mensch.

Waat fällt ierch dozou an? Giff mech intresseieren!

Published in: on Juli 23, 2009 at 7:13 pm  Comments (3)  
Tags: ,

Eng Vermutung

Ech mengen, de Kanner gett net genuch Geleehenheet gin, sech auszedrecken. Sou Kanner, lo bastelen mer mol en Dennebeemchen fir Kreschtdaag. C’est de la connerie.

En Bic oder en Pinsel an d’Hand a lass. Soen se kinnten net gudd molen! En graaaaven Feeler. Ech kruut emmer gesoot, ech giff zevill iwwert den Strich molen, ech wier net exakt a propper genuch. Dorobshin hun ech, als bravt Kand, versicht, nemmi iwwert den Strich ze molen (mais et ass mer schweier gefall). Lo denken ech mer: Hätten se mech dach nemmen gelooss! Wee wees, waat fir interessant Saachen dobäi erauskomm wier?

Ech haat eng Mol-Proff am Lycee, mat daer wuar ech frou: Si soot, mier sollten molen waat mer weilten. Se huet eis halt just en Thema gin sou, mais soss näischt. An se wuar begeeschtert vu mengem Bild. Ech fannen, d’Mol-Proffen sollten iwwerhaapt emmer begeeschtert sin vun de Kanner hire Biller. Oder, wann se et wierklech schlecht fannen d’Bild, et weinstens diplomatesch ausdrecken. Oder vläit einfach nofron: Firwaat hues du daat lo sou gemolt? Mais nee: Daat ass net gudd, et ass IWWERT DEN STRICH, daat DAERF een net.

Et ass dach inadmissible. Grad an der Konscht esou eppes ze son. Ze soen et dierft een net.

Waat mech och nach opreegt, daat sin di Schoulmeeschteren oder Jofferen, dei en Muster-Aufsatz als Verbesserung fir den Aufsatz dann gin. Wei wann et su eppes wi en Muster-Aufsatz giff gin. An iwwerhaapt. Et gett een vill ze vill an eng Form gezwängt. J’en ai marre.

Op der Uni geet et weider (woubäi Gott sei Dank net su schlemm): Ach Frau blabla, formal ist ihre Hausarbeit nicht so toll. Ich hatte doch gesagt Abstand 1,5. Und das Literaturverzeichnis entspricht nicht der Norm. Jo, an dann? Ech mengen, wanns de d’Buch fenns, waat ech ziteiert hun, waat ass dann de Problem? Bon. Daat ass lo net schlemm. Daat akzepteieren ech jo och. D’ass nemmen eng Formalia.

Mais d’soll nach een kommen an soen, ech dierft net iwwert de Strich molen, deem son ech eppes aaneschters wi firun 10 Joer. Mech drun henneren, kreativ ze sin. Ech molen lo nemmen mi nach Biller, di net propper sin. Ey, kuck den Munch. Ass daat kee coolen Moler? Mh, mais den gudden Edvard huet awer beim ‚Der Schrei‘ awer och net grad exakt gemolt, hä? Daerf hien daat dann iwwerhaapt? Waat ass daat fir en Deier do, waat blärt? Ah, en Mensch? D’gesäit su aus wi e Geescht. Sou een, deen gläich rem an seng Genie-Luucht verschwennt.

Jo, mais daat ass jo eng aaner Saach! Daat ass jo och e Kenschtler, deen huet jo och Talent. Majo, vläit huet him kee gesoot, e sollt net iwwert den Strich molen, wu e kleng wuar.

Et frustreiert mech wierklech. Weivill Joer ech domadder verplempert hun, formal korreckt ze molen, ze schreiwen an sou weider. Vun den Surrealisten oder Dadaisten zielt een den Kanner natierlech näischt. ‚Déi verstin daat dach net‘.

Daat d’Grammaire sech veränneren kann, daat hun ech dun am 6ten Schouljoer oder sou gemierkt. Do hun ech mer och geduecht: Wisou daerf ech net einfach schreiwen, wi ech well? Sulaang ee mech nach versteet?

Ech fannen, et soll een den Kanner méi Méiglechkeet (Fräiheet?) loossen, sech auszedrecken.

Mengt lo net ech wier ultraliberal an ech weilt daat de Kanner am groussen ganzen méi Fräiheet an der Schoul gelooss soll gin. Bien au contraire. Et soll hinnen villes Firgeschriwwen gin, just soll keen Hindernis zur Kreativiteit bestoen.

Soit. Mol iwwert den Strich mäi Kand. Iwwerhaapt Molbicher sin Blödsinn. Oder Mandalaen an all dee Kack. Loosst d’Kanner dach alleng molen. An wann se den Baam mol Rosa molen anstatt Gring, ma dann soot: Ah, daat ass awer interessant. Firwaat ass deen Baam do rosa? Wann d’Kand näischt äntwert, dann ass et wuel ze kleng ze checken, wei een Faarwen ennerscheed. Mais bon, ca vaut le coup de demander non? Loost d’Kanner d’Welt dach selwer ‚wahrnehmen‘. Ditt hinnen dach kee Brell op. C’est vrai quoi, à la fin!

Published in: on Juli 11, 2009 at 3:55 pm  Comments (4)  
Tags: ,