Kreativiteit als Förderung vum Selbstwertgefill

Et soll mei gemolt gin schreiwen ech. Domadder mengen ech natierlech net, daat molen fir jiddereen iergendswei netzlech ass. Ech well domadder natierlech nemmen son, et soll mei geschaaf gin, d’Leit solle mei kreativ gin. Wisou? Majo well et Perseinlechkeetsfuerdernd ass, well et gesond ass, well et d’Leit zum Fortschrett drängt. Andeems ee molt oder schreiwt oder musizeiert, kennt een sengem Sein mi no.

Eigentlech kann ech mech net su richteg mat Esoterismus oder sou ufrenden. Well et onlogesch ass an sou. Mais en klengen Tendant zur Spiritualiteit kann kengem schueden mengen ech. Op jiddefall fir zu sech selwer ze fannen an sou. Well, si mer mol eierlech, de Mensch, och wann en et well sin, ass alles aaneschters ewei logesch. An dach ass iergendswei emmer eng bedeitung vun deem, waat de Mensch dreemt an sou, ze fannen. Et ass näischt Quatsch waat mer denken. Daat muss een sech dach mol bewosst sin. Op allefall denken ech mier, daat een sech soll méih gin, sech selwer ze sichen. Daat een net einfach soll hinhuelen, waat di aaner sou iwwert een denken an sou. Well bon, et ass jo kloer daat eist Eegenbild staark vun der Aussenwelt geprägt ass. Ech giff suguer behaapten daat d’Aussenwelt deen greissten Deel vun eisem Selbstbild prägt.

En bestemmtenen Goffman huet gesoot (wann ech mech gud erenneren kann), daat niewt d’Awierkung vun deenen ‚Aaneren‘ och nach d’Arbescht eng grouss Roll spillt beim entwecklen vun Identiteit. An ech fannen, daat soll een wierklech net à la légère huelen. Schliesslech bestätegt een sech selwer, andeems een eppes gudd mescht, resp. schlecht (falls een en negativt Selobstbild huet) An ech fannen, grad dofir ass kreativiteit eng ganz wichteg Saach. Well, andeems een kreativ ass, oder andeems een sech Méih gett, eppes ze schaaffen, eppes selwer ze maachen, eppes Neies an sou weider, fennt een Aspekter vun sengeer Perseinlechkeet eraus, dei een firdrun net kannt huet. An doduerch kritt een méi en authetnescht Selbstbild.

Huel mol un, du wiers total onbeleiwt, d’giff keen dech verstoen, wells du ‚en komeschen Kauz‘ bass oder wei och emmer. Op allefall huel emol un, du giffs net su richteg an der gesellschaft unerkannt gin. Wann Perseinlechkeet sech alleng duerch den Urtdeel an duerch d’Handeln  vun deenen Aaneren giff prägen, häss du jo dann en extremt negativt Selbstbild. Et sin Leit, dei hun och effektiv doweinst en negativt Selbstbild, well se der Iwwerzeegung sin, se wieren wierklech esou schlecht, ewei d’Leit si gesin.

Wann dee mensch, deen vun jidderengem veruecht gett, elo awer zum Beispill en Mordstalent huet, soe mer, en kinnt fantastesch Piano spillen. Mengt der net, dee mensch giff sech, doduerch daat hien daat Talent huet, an wees, daat en daat Talent huet, direckt besser fillen, an denken, en giff jo trtozdem eppes am Liewen faerdeg brengen, an e wier eigentlech guer net sou schlecht, ewei d’Leit denken? Natierlech ass daat sou.

Daat do ass natierlech en Extremfall. Mais kuckt emol dei Leit, dei e bessen e schlecht Sebstwertgefill hun. Ech mengen, dei Leit waerten sech selwer secher bessen besser fillen, andeems se mol daat ausdrecken, waat se fillen, andeems se eppes schaafen, kuez…an deems se kreativ sin. Well domadder fannen se Saachen raus, dei hinnen weist, daat se eigentlech guer net su schlecht sin. Jiddereen huet iergendswei en Talent. En muss et just exploiteieren. An daat maan leider di weinegst.

An ech fannen, daat muss sech änneren. Kreativiteit muss méi gefuerdert gin. Wei zum Beispill an der Schoul. Oder duerch den Gouvernement tout court. Encouragement zum Selwer-maan. Jo, daat feelt. Encouragement zum ‚Aanescht-denken’….jo, daat wier et. mais dann ass jo alles op der Kopp. Di meescht schingen domadder wuel e Problem ze hun. Daat muss sech änneren, fannen ech. Hail to the Querdenker! voilà!

Werbeanzeigen
Published in: on August 6, 2009 at 10:29 am  Comments (10)  
Tags: , ,

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/08/06/kreativiteit-als-forderung-vum-selbstwertgefill/trackback/

RSS feed for comments on this post.

10 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Moin! Madamm, ech fannen Aer Iddien ganz interessant. Waat mech als Laiën esou faszinéiert ass, datt Daer et fäerdegbréngt mat relativ verständleche Wierder Aere Message un de Mann ze bréngen. Di meescht philosophësch ugehauchte Leit schreiwen maer einfach vill ze vill abstrakt wouvunner ech guer näischt verstinn! Ma Daer, Madamm, bréngt et fäerdeg maer Appetit op dee Sujet ze maachen. Ech géif mech nawell gäeren engker op eng Taass Kaffi mat Iech treffen, fir bessi méi vun Iech ze léiren!

    Mat beschtem Grouss aus Wien,

    Marco

    • majooo monsieur marco junior, meng cousine ass wuertwiertlech fir ze knutschen, hein? 😉 haha schéine bonjuer op Wien:)

  2. Dat kennt jo lo vlächt alles matt der Schoulrefor. *grins* Do däerfen d’Kennercher jo dann maachen wat se wellen (mee dat gehéiert lo net zum Thema).
    Ech soen jo emmer, dat ech selwer zimlech vill Kreativitéit niewelaanscht brauch (Musik, Foto). Och wann meng Iddien net emmer di originellst sinn, andems ech schonn nemmen driwwer grübelen, wat fir eng nei Foto ech kinnt maachen, oder wéi ech en Passage soll spillen, denken ech, dinn ech mer Guddes. Ech setzen mech domadder auserneen an versichen nei Iddien ze fannen. An dobäi gett een mi kreativ. Ech mengen, Kreativitéit kann een bis zu enge, gewessen Grad léiren. Déi eng kréien es vun Ufank un méi matt op de Wee. Mee das awer kee Grond fir (z.B.: an der Schoul am Molcours) direkt den Pinsel bei d’Tromm ze geheien an den Prof unzemaulen dat een „jo souwisou guer net molen kann“. Voilà. Nuecht 🙂

    • Jo, ech sin jo net domadder averstaan, daat d’Kanner an all Fach kennen maachen waat se wellen. Ech sin secher net fir dei schoulreform, ech mengen dozou hun ech mech jo och schon op denger Säit geäussert, firun laangem. Ech mengen, bei sou Fächer wei Mathé ass jo awer (an der Primärschoul op alle Fall) jo keng Kreativiteit ze verlaangen, daat wier jo Humbuck. Ech mengen, d’Kanner mussen mol schéi brav hier Regelen léiren an hier Equatiounen faerdeg brengen. Sou wi och an der Grammaire e.t.c…..Ech soen just, daat a Fächer wi ‚Molen‘ an ‚Bastelen‘ an ‚Musik‘ soll méi Kreativiteit gefroot gin. An och an den Sproochen. Ech mengen, eischtens mescht et dem Kand dann méi Spaass an zweetens brengt et em vill méi, wann en mol versicht selwer eng Geschicht zum Beispill ze verzielen an sou. Natierlech soll den Schoulmeeschter, oder d’Schouljoffer dee moment och Usteiss gin, an sou ze son e bessen Sokrates spillen. De Sokrates huet den Leit gehollef, hier Ideen ze exprimeieren…Ideen, di se eigentlech scho löngst an hierem Kapp haaten, just nie dodriwwer nogeduecht hun an dofir gemengt hun, se hätten des Ideen net. Maieutik nennt een dei ’sokratesch Method‘ an der Philo, just sou nierwenbäi. Ech denken, en gudden Herr Lehrer soll kapabel sin Maieutik ze bedreiwen. DAAT ass dann e richtegen Pädagog, menges Erachtens. Soit. Souvill zu Kreativiteitsfuerderung an der Schoul. Doriwwer kinnt een natierlehc stonnelaang diskuteieren.

      Natierlech brauch all Mensch en Medium, fier sech kennen auszedrecken, fier kennen kreativ ze sin. Ech mengen, d’gin och Leit, di weder molen, nach Musik maan, nach Theater e.t.c….also sech net kenschtlech betàtegen, an trotzdem kreativ sin. Ech denken lo zum Beispill un dei Leit, di Modeller nobauen. Oder dei Leit, di gaeren un hierem Auto kniwwelen. Ech fannen, daat ass absolutt ze fuerderen, an do ass net ze soen: Oh, wi spiesseg ass deen, oder oh, fillt deen sech lo rauh, well deen säi Golf déif leet? Bon, ech muss zougin, daat ech daat oft denken, wann ech sou een VW ronderemfueren gesin, deen en Playboy-bunny hannen peschen huet. Mais daat alles ass Ausdrock vun Identiteit. An ech fannen daat gudd. Och wann mer déi Identiteit lo net gefällt. Weinstens huet den Golf-besetzer se zum Ausdrock bruecht.

      Ech sin der Meenung, daat Kreativiteit sech net léiert, well et do näischt ze léieren gett. Dei huet een einfach. Jiddfereen huet déi, ob een se lo gesäit oder net. Op deen eenzelnen Mensch se u sech erkennt oder net. Also ch denken, et dierf een kengem Mensch soen, e wier net kreativ, well daat KANN einfach net stemmen. En molt vläit net gaer, an weigert sech, an deem Beràich kreativ ze sin. Mais vläit ass en zum Beispill ganz kreativ, wann et zum beispill em Romantik geet.

      Bon, Leit di behaapten se kinnten net molen, sin wahrscheinlech Leit, di entweder keen gudd Selbstwertgefill hun oder Leit, di einfach net WELLEN molen. Ech mengen, et muss een d’Leit och heinsod zu hierem Gleck zwengen, ne. Do soll alt erem den Proff Sokrates spillen an dem Schüler weisen, waat an em stecht.
      Daat kascht natierlech vill Zäit. An de Proff well jo keen ‚Educateur‘ sin, mais eben Proff. Waat menger Meenung eng TOTAl falsch approche ass, well en Proff soll firun allem Pädagog sin. Dei Aufgab huelen d’Proffen leider Gottes vill ze vill a la legere. D’ass alles ze mechanesch. Mier sin keng Maschinnen. An hien och net. Ech mengen, daat vergesst de Proff oft. Bon, lo sin ech rem ofgeschweift.

      • 1. Breng den Proffen d’Maieutik bäi!!!!!!!! 😀
        Nee mee lo éierlech, wahrscheinlech géifen vill Schüler ent sou séier frustréiren wann se nemmen d’Gefill hätten, dat se selwer gescheit/kreativ Iddien hunn, amplaz dat se d’Gefill hunn, dat di ganz Welt schonn steet an verstanen ass, an dat et näischt mi selwer z’entdecken gett. Well das jo och Kreativitéit, dat een alles nei/anescht gesäit/entdeckt.
        2. Vill besseren Design, et kritt een alles besser gelies.

      • @ gwendo: Jo, wann daat su einfach wier, giff ech daat wierklech deck gaer maan. Mais ech denken, sou eppes léiert sech net su einfach. Maieutik ass jo eigentlech d’Konscht, di richteg Froen ze stellen. An ech mengen, wann ech daat well kennen muss ech mech nach ganz ganz vill an Rhetorik schulen. Et wier natierlech en Ziel vu mier, ech hu mer och schon su e rauht Buch kaaf, daat heescht: ‚Das sokratische Gespräch‘. Philosophesch Praxen (wouriwwer ech nach emmer eppes wollt heihinner schreiwen) benotzen di sokratesch Method fir de Leit be hieren Problemer ze hellefen…nämlech andeems se de Leit hellefen, selwer hier Problemer ze léisen. Soit. Maeutik wier dach scho cool, esou eppes ze maan. Ech hun do och schon tonnen Iddien fir daat emzesetzen, mais bon….dei kann ech reischt realiseieren wann ech GROUSS sin 🙂 haha.
        2. Merci, ech fannen och daat deen Layout besser ass. Ech haat bessen d’Flemm mat deem aalen, mais ech wollt awer den Oldschool Style bäibehaalen. Dest ass mengen ech, eng gudd Alternativ! 🙂

  3. Du hues Recht.
    Ech verstinn déi Leit net, déi soen „ech kann net molen/schreiwen/sangen“. Jiddereen huet een Talent, an ech fannen schreiwen kann immens therapeutesch sinn, an daat kann een sech untrainéiren, ob manst e bessen. Ech fannen et och falsch, fir de Konschtuntericht ze beschneiden bzw. op Konschtgeschicht oder „dir molt lo wat ech soen“ ze reduzéiren.

    • Ech mengen, ech verstin dei Leit awer ganz gudd. Mais ech wees awer, daat et net richteg ass, waat se son. Dei Leit hun einfach en Mangel un Selbstvertrauen. Oder hun einfach kee Bock op molen, schreiwen e.t.c., an sichen eng Rechtfertegung fier net ze molen.

      Jiddereen huet een Talent, do gin ech der Recht. Mais d’kann een jo och net talenteiert an allem sin. mais d’kann een et jo weinstens probeieren. D’si vill Leit, di et einfach net probeieren, oder direckt opgin, well dann iergendeen Trellert hinnen gesoot huet: Du sengs falsch, ergo, du kanns net sangen. Natierlech sengt een alt heinsdo falsch, mai daat well net heeschen, et kinnt een net sangen. Vläit huet een jo grd den Halswei, oder d’ass engem einfach ze heisch doer ze deif, oder d’huet een grad eben keng Loscht.
      Och sangen leisst secch üben. Bei deenen engen geet et halt mi schnell….dei hun dann wuel Talent, bei deenen aaneren eben manner. Mais dei kennen vlàit zum Beispill deck seier eng Auer zesummenbauen oder sou. Dei hun dann en aanert talent.

      Ech denken och, daat kreativ sin immens therapeutesch ka sin. Eischtens mol, hues de d’Meiglechkeet et ‚endlech mol erauszeloosen‘, an zweetens, bass dd dann frou, daats de eppes geschaaf hues. An dann fillt een sech gudd. ODer d’ass engem villes mei kloer. Mais och beim Aueren Zesummenbau gellt daat, menger Meenung no. Et huet een eppes faerdeg bruecht, ganz alleng, op seng eegen Art a Weis (bon, obwuel et do net sou vill meiglechkeeten gett, mais egal) natierlech ass Musik, Molen, Schreiwen vlàit mei effektiv, mais d’ass awer net alles. Ech fannen, et soll een all Mensch, deen ee kennt mol froen, waat dee gudd kann. Deen, dee seet, ’näischt‘, deem muss een hellefen, et erauszefannen. Well jiddereen kann eppes gudd. Jiddereen ass kreativ an engem Beràisch. An ech fannen, fier seng eegen eEntwecklung, muss all Menshc mol firdeischt erausfannen, waat en besonneg gudd kann an daat dann exploiteieren. Ech mengen, da giffen vill Leit sech e gudden Krack besser fillen. Selbstbewusstsein eben.

      Ech sin och dovunner iwwerzeegt, daat Konscht een dozou feieret, onbewosst Saachen vun sech selwer ze entdecken. Dofir fannen ech, daat vu jidderengem Konscht (am Senn vun ‚hervorbringende‘ Tätigkeit) bedriwwen soll gin, well et einfach extrem befreiend ass, an engem Bewusstsein vum Unbewusstem gett. Sou!

  4. Eppes ze erschafen ass mat dat Befriddegenst, wat e fir e Mënsch gët.

    • Denken ech och!


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: