Eng Vermutung

Ech mengen, de Kanner gett net genuch Geleehenheet gin, sech auszedrecken. Sou Kanner, lo bastelen mer mol en Dennebeemchen fir Kreschtdaag. C’est de la connerie.

En Bic oder en Pinsel an d’Hand a lass. Soen se kinnten net gudd molen! En graaaaven Feeler. Ech kruut emmer gesoot, ech giff zevill iwwert den Strich molen, ech wier net exakt a propper genuch. Dorobshin hun ech, als bravt Kand, versicht, nemmi iwwert den Strich ze molen (mais et ass mer schweier gefall). Lo denken ech mer: Hätten se mech dach nemmen gelooss! Wee wees, waat fir interessant Saachen dobäi erauskomm wier?

Ech haat eng Mol-Proff am Lycee, mat daer wuar ech frou: Si soot, mier sollten molen waat mer weilten. Se huet eis halt just en Thema gin sou, mais soss näischt. An se wuar begeeschtert vu mengem Bild. Ech fannen, d’Mol-Proffen sollten iwwerhaapt emmer begeeschtert sin vun de Kanner hire Biller. Oder, wann se et wierklech schlecht fannen d’Bild, et weinstens diplomatesch ausdrecken. Oder vläit einfach nofron: Firwaat hues du daat lo sou gemolt? Mais nee: Daat ass net gudd, et ass IWWERT DEN STRICH, daat DAERF een net.

Et ass dach inadmissible. Grad an der Konscht esou eppes ze son. Ze soen et dierft een net.

Waat mech och nach opreegt, daat sin di Schoulmeeschteren oder Jofferen, dei en Muster-Aufsatz als Verbesserung fir den Aufsatz dann gin. Wei wann et su eppes wi en Muster-Aufsatz giff gin. An iwwerhaapt. Et gett een vill ze vill an eng Form gezwängt. J’en ai marre.

Op der Uni geet et weider (woubäi Gott sei Dank net su schlemm): Ach Frau blabla, formal ist ihre Hausarbeit nicht so toll. Ich hatte doch gesagt Abstand 1,5. Und das Literaturverzeichnis entspricht nicht der Norm. Jo, an dann? Ech mengen, wanns de d’Buch fenns, waat ech ziteiert hun, waat ass dann de Problem? Bon. Daat ass lo net schlemm. Daat akzepteieren ech jo och. D’ass nemmen eng Formalia.

Mais d’soll nach een kommen an soen, ech dierft net iwwert de Strich molen, deem son ech eppes aaneschters wi firun 10 Joer. Mech drun henneren, kreativ ze sin. Ech molen lo nemmen mi nach Biller, di net propper sin. Ey, kuck den Munch. Ass daat kee coolen Moler? Mh, mais den gudden Edvard huet awer beim ‚Der Schrei‘ awer och net grad exakt gemolt, hä? Daerf hien daat dann iwwerhaapt? Waat ass daat fir en Deier do, waat blärt? Ah, en Mensch? D’gesäit su aus wi e Geescht. Sou een, deen gläich rem an seng Genie-Luucht verschwennt.

Jo, mais daat ass jo eng aaner Saach! Daat ass jo och e Kenschtler, deen huet jo och Talent. Majo, vläit huet him kee gesoot, e sollt net iwwert den Strich molen, wu e kleng wuar.

Et frustreiert mech wierklech. Weivill Joer ech domadder verplempert hun, formal korreckt ze molen, ze schreiwen an sou weider. Vun den Surrealisten oder Dadaisten zielt een den Kanner natierlech näischt. ‚Déi verstin daat dach net‘.

Daat d’Grammaire sech veränneren kann, daat hun ech dun am 6ten Schouljoer oder sou gemierkt. Do hun ech mer och geduecht: Wisou daerf ech net einfach schreiwen, wi ech well? Sulaang ee mech nach versteet?

Ech fannen, et soll een den Kanner méi Méiglechkeet (Fräiheet?) loossen, sech auszedrecken.

Mengt lo net ech wier ultraliberal an ech weilt daat de Kanner am groussen ganzen méi Fräiheet an der Schoul gelooss soll gin. Bien au contraire. Et soll hinnen villes Firgeschriwwen gin, just soll keen Hindernis zur Kreativiteit bestoen.

Soit. Mol iwwert den Strich mäi Kand. Iwwerhaapt Molbicher sin Blödsinn. Oder Mandalaen an all dee Kack. Loosst d’Kanner dach alleng molen. An wann se den Baam mol Rosa molen anstatt Gring, ma dann soot: Ah, daat ass awer interessant. Firwaat ass deen Baam do rosa? Wann d’Kand näischt äntwert, dann ass et wuel ze kleng ze checken, wei een Faarwen ennerscheed. Mais bon, ca vaut le coup de demander non? Loost d’Kanner d’Welt dach selwer ‚wahrnehmen‘. Ditt hinnen dach kee Brell op. C’est vrai quoi, à la fin!

Werbeanzeigen
Published in: on Juli 11, 2009 at 3:55 pm  Comments (4)  
Tags: ,