Eng Vermutung

Ech mengen, de Kanner gett net genuch Geleehenheet gin, sech auszedrecken. Sou Kanner, lo bastelen mer mol en Dennebeemchen fir Kreschtdaag. C’est de la connerie.

En Bic oder en Pinsel an d’Hand a lass. Soen se kinnten net gudd molen! En graaaaven Feeler. Ech kruut emmer gesoot, ech giff zevill iwwert den Strich molen, ech wier net exakt a propper genuch. Dorobshin hun ech, als bravt Kand, versicht, nemmi iwwert den Strich ze molen (mais et ass mer schweier gefall). Lo denken ech mer: Hätten se mech dach nemmen gelooss! Wee wees, waat fir interessant Saachen dobäi erauskomm wier?

Ech haat eng Mol-Proff am Lycee, mat daer wuar ech frou: Si soot, mier sollten molen waat mer weilten. Se huet eis halt just en Thema gin sou, mais soss näischt. An se wuar begeeschtert vu mengem Bild. Ech fannen, d’Mol-Proffen sollten iwwerhaapt emmer begeeschtert sin vun de Kanner hire Biller. Oder, wann se et wierklech schlecht fannen d’Bild, et weinstens diplomatesch ausdrecken. Oder vläit einfach nofron: Firwaat hues du daat lo sou gemolt? Mais nee: Daat ass net gudd, et ass IWWERT DEN STRICH, daat DAERF een net.

Et ass dach inadmissible. Grad an der Konscht esou eppes ze son. Ze soen et dierft een net.

Waat mech och nach opreegt, daat sin di Schoulmeeschteren oder Jofferen, dei en Muster-Aufsatz als Verbesserung fir den Aufsatz dann gin. Wei wann et su eppes wi en Muster-Aufsatz giff gin. An iwwerhaapt. Et gett een vill ze vill an eng Form gezwängt. J’en ai marre.

Op der Uni geet et weider (woubäi Gott sei Dank net su schlemm): Ach Frau blabla, formal ist ihre Hausarbeit nicht so toll. Ich hatte doch gesagt Abstand 1,5. Und das Literaturverzeichnis entspricht nicht der Norm. Jo, an dann? Ech mengen, wanns de d’Buch fenns, waat ech ziteiert hun, waat ass dann de Problem? Bon. Daat ass lo net schlemm. Daat akzepteieren ech jo och. D’ass nemmen eng Formalia.

Mais d’soll nach een kommen an soen, ech dierft net iwwert de Strich molen, deem son ech eppes aaneschters wi firun 10 Joer. Mech drun henneren, kreativ ze sin. Ech molen lo nemmen mi nach Biller, di net propper sin. Ey, kuck den Munch. Ass daat kee coolen Moler? Mh, mais den gudden Edvard huet awer beim ‚Der Schrei‘ awer och net grad exakt gemolt, hä? Daerf hien daat dann iwwerhaapt? Waat ass daat fir en Deier do, waat blärt? Ah, en Mensch? D’gesäit su aus wi e Geescht. Sou een, deen gläich rem an seng Genie-Luucht verschwennt.

Jo, mais daat ass jo eng aaner Saach! Daat ass jo och e Kenschtler, deen huet jo och Talent. Majo, vläit huet him kee gesoot, e sollt net iwwert den Strich molen, wu e kleng wuar.

Et frustreiert mech wierklech. Weivill Joer ech domadder verplempert hun, formal korreckt ze molen, ze schreiwen an sou weider. Vun den Surrealisten oder Dadaisten zielt een den Kanner natierlech näischt. ‚Déi verstin daat dach net‘.

Daat d’Grammaire sech veränneren kann, daat hun ech dun am 6ten Schouljoer oder sou gemierkt. Do hun ech mer och geduecht: Wisou daerf ech net einfach schreiwen, wi ech well? Sulaang ee mech nach versteet?

Ech fannen, et soll een den Kanner méi Méiglechkeet (Fräiheet?) loossen, sech auszedrecken.

Mengt lo net ech wier ultraliberal an ech weilt daat de Kanner am groussen ganzen méi Fräiheet an der Schoul gelooss soll gin. Bien au contraire. Et soll hinnen villes Firgeschriwwen gin, just soll keen Hindernis zur Kreativiteit bestoen.

Soit. Mol iwwert den Strich mäi Kand. Iwwerhaapt Molbicher sin Blödsinn. Oder Mandalaen an all dee Kack. Loosst d’Kanner dach alleng molen. An wann se den Baam mol Rosa molen anstatt Gring, ma dann soot: Ah, daat ass awer interessant. Firwaat ass deen Baam do rosa? Wann d’Kand näischt äntwert, dann ass et wuel ze kleng ze checken, wei een Faarwen ennerscheed. Mais bon, ca vaut le coup de demander non? Loost d’Kanner d’Welt dach selwer ‚wahrnehmen‘. Ditt hinnen dach kee Brell op. C’est vrai quoi, à la fin!

Werbeanzeigen
Published in: on Juli 11, 2009 at 3:55 pm  Comments (4)  
Tags: ,

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/07/11/eng-vermutung/trackback/

RSS feed for comments on this post.

4 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Du hues Recht. Ech fannen et och ziemlech schued daat et mettlerweil keng Aufsätz op 60 Punkten méi ged. Do geht einfach eng Kultur vun Geschichtenerziehlen verluer. Och froen ech mech, wiesou een speider emmer muss Diserten/Textverständniss/interpreatioun schreiwen, mä nie eppes eegenes. Jo, dat fällt ville Leit schweier, mä wiesou dann? Well se vu klengem un emmer „ze vill Fantasie“ haaten oder hu misse schein laanscht de Strich molen.

    Ech hunn als Kand Molbicher gehaast an emmer meng eegen Saache gemolt. (Oft iwregens intergalaktesch Krichszenen) An haut sinn ech frou driwer. Well ech awer „kreativ“ sinn. Woubai dat och Blödsinn ass. Jiddereen kann schreiwen (léiren) an jiddereen kann och léiren, kreativ Afäll ze hunn. Et muss een et eben just maachen.

    • Natierlech huet jiddereen di Fähegkeet, kreativ ze sin. Di mannsten sin sech deser Fähegkeet awer bewosst, well se net encourageiert goufen, dono ze sichen. An daat fannen ech extrem schued. Ech hun emmer doheem dierfen molen waat ech wollt an meng Mam haat och kee Problem domadder, wann ech mol eppes mêi komesches, irrealistesches an kritzelhaftes gemolt hun. An der Schoul hun se daat awer guer net flott fonnt. An daat fannen ech schlecht. Gaaaaaanz schlecht. Ech hun des leschtes einfach mol rem drop lass gemolt, hu mech probeiert, vun allen Konventiounen beim molen lass ze loossen an d£Resultat huet mier gefall. An et ass net nemmen bedeitungslost ronderemgekritzels. Vläit wuar mäin Kritzelen vun deemols och net bedeitungslos. Mais kee wees et, d£huet jo keen no Bedeitung gesicht. Ze ustrengend wahrscheinlech. Mjo, da verwerfen mer et. Sou geet daat, wi su oft. Deen text verstin ech net. Dofir ass en Schäiss. En Fehlschluss. An ech mengen, daat ass net nemmen en Zeechen vun Net-oppenheet (mier fällt daat passend Wuert lo net an), mais ech giff suguer soen en Zeechen vun Ignoranz.
      D’ass sou wei mat de Kleeder. Ech haat mol am Lycee emmer zwee verschidden-faarweg Schung un, einfach sou, well ech daat cool fonnt hun. D’si Leit di hu gelaacht, d’si Leit di hu mech ausgelaacht. Dorenner och Proffen. Daat huet mech dun awer net gestéiert. Di Schung hun zu menger Identiteit gehéiert. Sou wi méng Kritzelbiller. An daat soll mer w.e.g. kee verschäissen, andeems en de Geck domadder mescht oder seet ‚daat dierft een net‘.
      Bon. Lo sin ech rem ofgeschweift. Naja, soit.

  2. Un deng Schung kann ech mech erenneren. An ech kann mech och erenneren, dat ech dat demols komesch, vläicht suguer blöd fond hunn. An wann ech doriwwer nodenken, erféiren ech, well – Wat ass dobäi, 2-farweg Schung unzedoen? Ech mengen, mäin Gott, wann dat him gefällt, wisou net? An awer hun ech dat lusch fond… Krass awer. Ech sinn frou, dat ech lo net mi sou denken. Oder net mi grad sou streng an „geradlinig“, oder wéi dat Wuert heescht. Ech mengen, heindsdo hunn ech nach emmer Problemer domadder wéi Leit sech undoen oder wann se sech krass vill piercen oder matt 1000senden vun Tattooen iwwersäen dat een keen Stéck normal Haut mi gesäit. Keng Ahnung, ech fannen dat ähnelt dann méi enger Verkleedung wi dem Ausdrock vun der Identitéit. Oder dat ass awer hier Identitéit. Naja, ech kommen vum Thema of. Op alle Fall fannnen ech et haut mega, das du dech deemols net beieren gelooss hues. Och wann et onkonventionnell wua.
    Hm, ob dat lo nach souvill matt dengem Artikel ze dinn hat…? Naja, egal.

  3. hahaaaa, meng schung! Jo, do kruut ech och vill domm bemierkungen. Bon zumols well se giel a rout wuaren…ronald mc donald an sou 🙂 hahaaaaaaa. Mais daat wuar mer egal. An och wann ech lo denken: Ach ja, tippesch teenie, deen rebellesch wollt sin, denken ech mer och lo: Ma gudd daat ech daat wollt sin. Gudd, daat ech wollt weisen, daat et och aanescht geet. Maan daat jo lo nach emmer. Vläit wuar et kannereg, daat anhand vu Kleedung ze weisen, mais trotzdem wuar et en Ausdrock vun Fräiheet. An dofir plädéiren ech och lo nach, an waert et wahrscheinlech mäi Liewen laang maan. Ech mengen, en Philosophie-Studium brengt een domadder och firun, well och do Querdenkerei eischter encourageiert gett. Obwuel et jo net richteg ‚Querdenkerei‘ ass, mais eischter ‚Andersdenkerei‘, dei trotzdem logesch adäquat ass an sou. An vläit heinsdo méi ‚richteg‘ ewei daat, waat een sou am Alldag als ‚richteg‘ endoctrineiert kritt. Wage zu wissen, seet den Auklärer (wage zu wissen seet explizit an engem Aufsatz keen aaneren wi den Big Mister Schiller). An daat ass et jo: Et brauch een Mudd dozou, sech ’seines eigenen Verstandes zu bedienen‘ (wi de Kant seet) an ech mengen, daat hun ech dann och wuel deemols wollten maan, andeems ech zwee verschidden Schung ugedon hun. Ech hu mech wollten vum Dogma vun der Gesellschaft wollten lassrappen an selwer denken, waat ech fir gudd, resp ’schéin‘ haalen. An ech hu mech getraut. Och wann daat lo bessen kannereg wuar. Egal, l’intention etait bonne 🙂


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: