Couch Surfing

Fir déi, di et nach net kennen: couchsurfing.org ass en site, wous de dech umellen kanns, fir de Leit d’Meiglechkeet ze gin, bei dier ze iwwernuechten, fir näischt. Wanns du do ugemellt bass, kanns du och bei Leit an der ganzer Welt fir näischt iwwernueschten. Daat heescht: Huel un, du bass zu Paräis, hues awer kee Frick fir der en Hotel oder suguer fir der d’Jugendherrberg ze bezuelen. Da géi op Couchsurfing.org an kuck, ween intressantes sou seng couch ubitt.

Op couchsurfing kanns de der d’Leit natierlech ukucken, souwi och d’couch an de raum andeems de dann schleiws (daat do ass lo am ideal fall).  

Ech fannen et eng ganz super Iddi. Domadder spuert een vill Suen an en plus kriss de d’Meiglechkeet, nei Leit kennen ze léiren. Et sin suguer vill Leit ennert den ‚Couch-Hosts‘, dei der ubidden, mat hinnen bessen an der Stadt ronderem ze laafen. Daat heescht, du hues vläit en plus och nach en gratis Touri-Guide dobäi. Ech fannen et immens.

Dofir hun ech mech och lo do ugemellt. Falls also een well Tübingen besichen kommen…wess der lo, wou der eng Meiglechkeet hudd, ze iwwernuechten. 🙂 Ech fannen daat einfach cool.

Genau sou wei Mitfahrgelegenheiten. Ass och su eng cool Saach. Bon, do muss een zwuar bezuelen, mais d’ass secher viiiiilll mi belleg wi en Zuchticket, geschweige denn wi en Flugticket oder soss eppes. Bon, natierlech, wanns de an iergendengem Kaff wunns, ewei Letzebuerg 🙂 fenns de vläit net emmer eng Mitfahrgelegenheit. Mais ab Saarbrecken vläit….oder Tréier. Ech fannen daat immens. Ech fannen dofir muss mol Reklamm gemaach gin.

Published in: on August 28, 2009 at 1:22 pm  Comments (4)  

Do you like Monty Python?

 

A very funny video: philosophers football

Published in: on August 28, 2009 at 11:23 am  Comments (3)  

Langeweil

C’est que c’est très pesant, la langeweile.

Et soll een nie d’Langweil vun engem Kand ignoreieren, mais sech vläit d’Fro stellen, wisou et sech langweilt an dann d’Konsequenzen draus zéihen. Wéivill Kanner si gelangweilt, well se ennerfuerdert sin? Weivill Kanner si gelangweilt, well se vill Saachen einfach net kennen, di se kinnten begeeschteren?

Weivill Kanner, an iwwerhaapt Leit, fügen sech an hierer Langweil, akzepteieren se, an liewen daagdeeglech domadder? E ganzen Koup Leit. D’Kanner, well se et net besser wessen, di Erwuessen, well se et opgin hun, eng adäquat Beschäftegungstherapie ze fannen.

Langweil kann eppes schlemms sin. Kann, giff ech suguer behaapten, zu Depressioun féiren.

Natierlech profiteieren d’Medien dovunner an locken di gelangweilt an d’Geschäfter. Mais och do, kreien se keng Satisfaktioun, di Gelangweilt. Hier Langweil ass net ze stellen. (‚e‘ mat Trema fannen ech lo net. also ech mengen ’stillen‘ ne) Op allefall, wann een se gestellt kritt, dann nemmen fir eng kuez Zäit. Wann een dann säin Truc bis faerdeg huet, steet een rem firun hier: The Langweil.

Ech fannen daat ganz schlemm, daat net vill op ennerfuerdert Kanner Betrachtung gezun gett. An daat hinnen och, falls se net d’Chance hun, an enger Famill opzewuessen, dei Ideenräich ass, net d’Meiglechkeet gin ass, eppes ze fannen, woumadder se sech beschäftegen kéinten. Well Kanner brauchen menger Meenung no, eng beistehend, hellefent Hand, dei se leet, dei hinnen Saachen weist. Oft ass di Hand net do.

Bei den Schoulmeeschteren ass se vergebens ze sichen. Ech accuseieren se net, si maachen hiert Bescht. Se probeieren, deenen Kanner, dei net su gudd eenz gin, an iwwerfuerdert sin, bäizestoen. Et kann een net alles maan, daat ass kloer. An mier hun jo all keng Zäit.

Bei den Eltren kinnt een se fannen, di Hand, mais och déi…sin iwwerfuerdert mat Alldagsproblemer an hun och keng Zäit. De Kanner misst beim Zäit dout schloen gehollef gin. Et muss hinnen gewisen gin, daat nierwt Nintendo an PSP, een och nach aaner Saachen maachen kann. Gelangweilt Kanner, fügen se sech hirem Schicksal, stellen sech selwer e Been, well se hiren Fortschrett henneren.

Et ass eng ganz schlemm Geschicht. D’Kanner hun souvill Ideen. Et muss hinnen just d’Meiglechkeet gi sin, se ze fannen, dei Ideen.

 

Wou bass de Sokrates? Mier brauchen dech!

Published in: on August 22, 2009 at 8:17 am  Comments (2)  

Eng Entdeckung

D’Bossa Nova Lidd ‚Insesatez‘ huet vill beim Chopin senger Prelude an Mi Mineur geklaut. 🙂 Dier kennt vläit d’Lidd ennert dem Titel  ‚How Insensitive‘,….ass en Standard an gouf ennert aanerem och schon vum Frank Sinatra gesong. Lauschtert mol ran, d’ass flott.

Ech empfehlen op allefall dei Versioun vum Joao an Astrud Gilberto zesummen mam Stan Getz (Menger Meenung no en genialen Saxophonist)

Dest ass fir Leit déi gaeren uerdentlech Schnulzen lauschtren 🙂

Iwwerhaapt empfehlen ech des CD: Getz plays Jobim. The Girl from Ipanema.     

Menger Meenung no eng gudd Introduktion an flotten Bossa Nova. Dier kennt Bossa vläit leider nemmen aus esou schielen Soiréen an Pseudo-Schicki-Restauranten wou iergendeng Schécks probeiert Jazzy ze sangen….dest ass net den richtegen Bossa. Bossa ass cool. Bossa ass einfach, bossa ass eierlech, bossa ass smoooooth.

Daat bekanntsten Bossa Lidd ass wahrscheinlech ‚Mas que nada‘ oder ‚The Girl from Ipanema’….et gin awer nach ganz vill aaner flott Saachen, dei deelweis melancholesch-nostalgesch, deelweis fröhlech sin. Ah, bekannt ass och nach ‚One Note Samba‘. Daat ass och flott. Als Bossa Schnulz giff ech ‚How Insensitive‘ oder och ‚O Grande Amor‘ empfehlen. Exzellent. Zumols mam Stan Getz.

Et gett och nach sou eng Cd, déi heescht ‚Big Band Bossa Nova‘, och mam Stan Getz. Do ass ‚Manha de Carnaval‘ drop, waat der vläit kennt, falls der dem Camus säin ‚Orfeu Negro‘ gesin hudd.

Vive den Stan!

Published in: on August 14, 2009 at 12:03 pm  Kommentar verfassen  
Tags: ,

Yeeeeaaaaah

Ech sin ugehhoooooll!!!!! deet mer leed, mais dee Post huet lo missen sin. Ech kinnt jiddereen op der Strooss unhaalen an son: Hallo, ech sin ugeholl! 🙂 Yay!!!

Published in: on August 10, 2009 at 2:00 pm  Comments (2)  

Alt erem eng Cactus Beobachtung

D’Leit sin vill mi entspaant an der Vakanz. Bon lo soot dier: Bah, logesch, natierlech ass daat sou.

Mais gidd mol an de Cactus. An kuckt ierch d’Leit un dei do schaffen. Vill besser gelaunt, vill besser. Et fierwt of.

Gudd-gelauntheet fierwt of, ja! An och d’Bomen an d’Bopen, dei jo eigentlech souwisou net mi schaffen gin, och dei, kucken fröhlesch an entspaant.

Et ass e Genoss. Mol eng keier keng Depri-Stemmung am Cactus.

C’est bien.

D’freet een sech just, op daat net iergendswei armseileg ass, daat d’Leit nemmen dann, wann se Vakanz hun, frou sin. Oder daat Leit, nemmen dann, wann vill aaner Leit Vakanz hun, frou gemaach gin. Ausserdem freet een sech, wi krass d’Emwelt een manipuleieren kann. Op daat net iergendswei schlemm ass, well een sech denkt, daat villes net vun engem selwer ofhänkt, mais vun deenen aaneren. Wisou een net, einfach sou, frou ka sin. Wisou een di aaner Leit oder Vakanz brauch. 

Bref. Et wuar eng angenehm Stemmung am Cactus. Da freet een sech natierlech och: Hun ech daat net einfach sou empfonnt, well ech eben gudd drop wuar, an mer dunn eben di gudd gelaunten Gesiichter besser opgefall sin?

Ech wees et net. Et wuar op allefall, alt erem, en Erliewnis, an de Cactus ze gon 🙂 (Daat do kann een eescht huelen, muss een awer net. Ennert Erliewnis verstin ech natierlech eigentlech eppes aanescht, mais bon….Il faut savourer les petites choses, son ech)

Published in: on August 10, 2009 at 10:49 am  Comments (4)  

Kreativiteit als Förderung vum Selbstwertgefill

Et soll mei gemolt gin schreiwen ech. Domadder mengen ech natierlech net, daat molen fir jiddereen iergendswei netzlech ass. Ech well domadder natierlech nemmen son, et soll mei geschaaf gin, d’Leit solle mei kreativ gin. Wisou? Majo well et Perseinlechkeetsfuerdernd ass, well et gesond ass, well et d’Leit zum Fortschrett drängt. Andeems ee molt oder schreiwt oder musizeiert, kennt een sengem Sein mi no.

Eigentlech kann ech mech net su richteg mat Esoterismus oder sou ufrenden. Well et onlogesch ass an sou. Mais en klengen Tendant zur Spiritualiteit kann kengem schueden mengen ech. Op jiddefall fir zu sech selwer ze fannen an sou. Well, si mer mol eierlech, de Mensch, och wann en et well sin, ass alles aaneschters ewei logesch. An dach ass iergendswei emmer eng bedeitung vun deem, waat de Mensch dreemt an sou, ze fannen. Et ass näischt Quatsch waat mer denken. Daat muss een sech dach mol bewosst sin. Op allefall denken ech mier, daat een sech soll méih gin, sech selwer ze sichen. Daat een net einfach soll hinhuelen, waat di aaner sou iwwert een denken an sou. Well bon, et ass jo kloer daat eist Eegenbild staark vun der Aussenwelt geprägt ass. Ech giff suguer behaapten daat d’Aussenwelt deen greissten Deel vun eisem Selbstbild prägt.

En bestemmtenen Goffman huet gesoot (wann ech mech gud erenneren kann), daat niewt d’Awierkung vun deenen ‚Aaneren‘ och nach d’Arbescht eng grouss Roll spillt beim entwecklen vun Identiteit. An ech fannen, daat soll een wierklech net à la légère huelen. Schliesslech bestätegt een sech selwer, andeems een eppes gudd mescht, resp. schlecht (falls een en negativt Selobstbild huet) An ech fannen, grad dofir ass kreativiteit eng ganz wichteg Saach. Well, andeems een kreativ ass, oder andeems een sech Méih gett, eppes ze schaaffen, eppes selwer ze maachen, eppes Neies an sou weider, fennt een Aspekter vun sengeer Perseinlechkeet eraus, dei een firdrun net kannt huet. An doduerch kritt een méi en authetnescht Selbstbild.

Huel mol un, du wiers total onbeleiwt, d’giff keen dech verstoen, wells du ‚en komeschen Kauz‘ bass oder wei och emmer. Op allefall huel emol un, du giffs net su richteg an der gesellschaft unerkannt gin. Wann Perseinlechkeet sech alleng duerch den Urtdeel an duerch d’Handeln  vun deenen Aaneren giff prägen, häss du jo dann en extremt negativt Selbstbild. Et sin Leit, dei hun och effektiv doweinst en negativt Selbstbild, well se der Iwwerzeegung sin, se wieren wierklech esou schlecht, ewei d’Leit si gesin.

Wann dee mensch, deen vun jidderengem veruecht gett, elo awer zum Beispill en Mordstalent huet, soe mer, en kinnt fantastesch Piano spillen. Mengt der net, dee mensch giff sech, doduerch daat hien daat Talent huet, an wees, daat en daat Talent huet, direckt besser fillen, an denken, en giff jo trtozdem eppes am Liewen faerdeg brengen, an e wier eigentlech guer net sou schlecht, ewei d’Leit denken? Natierlech ass daat sou.

Daat do ass natierlech en Extremfall. Mais kuckt emol dei Leit, dei e bessen e schlecht Sebstwertgefill hun. Ech mengen, dei Leit waerten sech selwer secher bessen besser fillen, andeems se mol daat ausdrecken, waat se fillen, andeems se eppes schaafen, kuez…an deems se kreativ sin. Well domadder fannen se Saachen raus, dei hinnen weist, daat se eigentlech guer net su schlecht sin. Jiddereen huet iergendswei en Talent. En muss et just exploiteieren. An daat maan leider di weinegst.

An ech fannen, daat muss sech änneren. Kreativiteit muss méi gefuerdert gin. Wei zum Beispill an der Schoul. Oder duerch den Gouvernement tout court. Encouragement zum Selwer-maan. Jo, daat feelt. Encouragement zum ‚Aanescht-denken’….jo, daat wier et. mais dann ass jo alles op der Kopp. Di meescht schingen domadder wuel e Problem ze hun. Daat muss sech änneren, fannen ech. Hail to the Querdenker! voilà!

Published in: on August 6, 2009 at 10:29 am  Comments (10)  
Tags: , ,