Couch Surfing

Fir déi, di et nach net kennen: couchsurfing.org ass en site, wous de dech umellen kanns, fir de Leit d’Meiglechkeet ze gin, bei dier ze iwwernuechten, fir näischt. Wanns du do ugemellt bass, kanns du och bei Leit an der ganzer Welt fir näischt iwwernueschten. Daat heescht: Huel un, du bass zu Paräis, hues awer kee Frick fir der en Hotel oder suguer fir der d’Jugendherrberg ze bezuelen. Da géi op Couchsurfing.org an kuck, ween intressantes sou seng couch ubitt.

Op couchsurfing kanns de der d’Leit natierlech ukucken, souwi och d’couch an de raum andeems de dann schleiws (daat do ass lo am ideal fall).  

Ech fannen et eng ganz super Iddi. Domadder spuert een vill Suen an en plus kriss de d’Meiglechkeet, nei Leit kennen ze léiren. Et sin suguer vill Leit ennert den ‚Couch-Hosts‘, dei der ubidden, mat hinnen bessen an der Stadt ronderem ze laafen. Daat heescht, du hues vläit en plus och nach en gratis Touri-Guide dobäi. Ech fannen et immens.

Dofir hun ech mech och lo do ugemellt. Falls also een well Tübingen besichen kommen…wess der lo, wou der eng Meiglechkeet hudd, ze iwwernuechten. 🙂 Ech fannen daat einfach cool.

Genau sou wei Mitfahrgelegenheiten. Ass och su eng cool Saach. Bon, do muss een zwuar bezuelen, mais d’ass secher viiiiilll mi belleg wi en Zuchticket, geschweige denn wi en Flugticket oder soss eppes. Bon, natierlech, wanns de an iergendengem Kaff wunns, ewei Letzebuerg 🙂 fenns de vläit net emmer eng Mitfahrgelegenheit. Mais ab Saarbrecken vläit….oder Tréier. Ech fannen daat immens. Ech fannen dofir muss mol Reklamm gemaach gin.

Werbeanzeigen
Published in: on August 28, 2009 at 1:22 pm  Comments (4)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/08/28/couch-surfing/trackback/

RSS feed for comments on this post.

4 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Ech wosst guer net, daats du zu Tübingen setzt. Ech kennen ziemlech vill Leit vum lokalen fraien Radio (Wüste Welle) do ennen. Ass eng symphatesch Staadt.

  2. Et ass eng super Staadt! Super Athmosphär fir do ze studeieren an ze liewen. An d’sin nemmen Verreckter do! Exzellent! 🙂

  3. Soulaang se positiv verréckt sinn 😉

    Couch-surfing kléngt en effet interessant. Allerdëngs wäert ech zevill paranoid dofir sinn, och wann ech ëmmer probéieren un dat Gutt am Mënsch ze gleewen …

  4. jo, naja, waat ass positiv verreckt a waat negativ verreckt? wou ass d’Grenz? Naja,…soen mer sou: Et gin der zu Tübingen vun deenen zwou Zorten. Wi iwwerall wahrscheinlech, mais iergendswei trauen se sech dohannen wahrscheinlech eischter op d’Strooss….
    Jo, ech hu mer och gedueccht beim Couchsurfen geduecht: Waat ass wann deen typ lo iergendswelch knaschtereien well maan….mais naja….ech giff och net bei een gon, deen keng gudd referenzen huet an sou…obwuel dei kennen jo och trügeresch sin…mais naja….e bessen vertrauen an d’menschheet…


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: