Langeweil

C’est que c’est très pesant, la langeweile.

Et soll een nie d’Langweil vun engem Kand ignoreieren, mais sech vläit d’Fro stellen, wisou et sech langweilt an dann d’Konsequenzen draus zéihen. Wéivill Kanner si gelangweilt, well se ennerfuerdert sin? Weivill Kanner si gelangweilt, well se vill Saachen einfach net kennen, di se kinnten begeeschteren?

Weivill Kanner, an iwwerhaapt Leit, fügen sech an hierer Langweil, akzepteieren se, an liewen daagdeeglech domadder? E ganzen Koup Leit. D’Kanner, well se et net besser wessen, di Erwuessen, well se et opgin hun, eng adäquat Beschäftegungstherapie ze fannen.

Langweil kann eppes schlemms sin. Kann, giff ech suguer behaapten, zu Depressioun féiren.

Natierlech profiteieren d’Medien dovunner an locken di gelangweilt an d’Geschäfter. Mais och do, kreien se keng Satisfaktioun, di Gelangweilt. Hier Langweil ass net ze stellen. (‚e‘ mat Trema fannen ech lo net. also ech mengen ’stillen‘ ne) Op allefall, wann een se gestellt kritt, dann nemmen fir eng kuez Zäit. Wann een dann säin Truc bis faerdeg huet, steet een rem firun hier: The Langweil.

Ech fannen daat ganz schlemm, daat net vill op ennerfuerdert Kanner Betrachtung gezun gett. An daat hinnen och, falls se net d’Chance hun, an enger Famill opzewuessen, dei Ideenräich ass, net d’Meiglechkeet gin ass, eppes ze fannen, woumadder se sech beschäftegen kéinten. Well Kanner brauchen menger Meenung no, eng beistehend, hellefent Hand, dei se leet, dei hinnen Saachen weist. Oft ass di Hand net do.

Bei den Schoulmeeschteren ass se vergebens ze sichen. Ech accuseieren se net, si maachen hiert Bescht. Se probeieren, deenen Kanner, dei net su gudd eenz gin, an iwwerfuerdert sin, bäizestoen. Et kann een net alles maan, daat ass kloer. An mier hun jo all keng Zäit.

Bei den Eltren kinnt een se fannen, di Hand, mais och déi…sin iwwerfuerdert mat Alldagsproblemer an hun och keng Zäit. De Kanner misst beim Zäit dout schloen gehollef gin. Et muss hinnen gewisen gin, daat nierwt Nintendo an PSP, een och nach aaner Saachen maachen kann. Gelangweilt Kanner, fügen se sech hirem Schicksal, stellen sech selwer e Been, well se hiren Fortschrett henneren.

Et ass eng ganz schlemm Geschicht. D’Kanner hun souvill Ideen. Et muss hinnen just d’Meiglechkeet gi sin, se ze fannen, dei Ideen.

 

Wou bass de Sokrates? Mier brauchen dech!

Werbeanzeigen
Published in: on August 22, 2009 at 8:17 am  Comments (2)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/08/22/langeweil/trackback/

RSS feed for comments on this post.

2 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Perséinlech kann ech Läit net verstoen, déi sech langweilen! Et gët dach esou vill Interessantes op dëser Welt. Et muss een nëmmen d’Aan opman!!

    Mee die meescht Läit wäerten sou ofgestompt sinn, dass sie quasi näischt méi interessant fannen … Wat traureg, voir tragesch ass. Menger Meenung no huet et awer och vill mat der Erziehung ze dinn. Wann een als Kand net gewiese krut, wat et alles Schéines, Spektakuläres an Interessantes gët, dann huet een wuel henno och seelen de Bléck dofir … Mee dat fuedert natierlech Asaz vun den Elteren an ass méi ustrengend wéi d’Kanner einfach virun der Tele ze plazéieren (wou dann wuel och oft nach Schrott amplaz Gescheites gekuckt gët!).

    Mat dat Bescht wat een, menger Meenung no, engem Kand vermëttelen kann, ass Virwëtz! Virwëtz op nei Saachen, Virwëtz fir wëllen ze verstoen firwat d’Saachen sinn wéi se sinn oder wou se hier kommen … DAT misst an der Schoul gefördert ginn! D’Kuriositéit! Mee gët se am Endeffekt net meeschtens erstéckt ënnert Couchen vun dréchenem a stëpsegen Léiermaterial, wat zum liewenslaangen Trauma gët?

    An Langweil ass wéi alles am Liewen. Et kann positiv oder negativ Auswierkungen hunn. Langweil (an begrenzten Ressourcen) kann Kanner kreativ man, sie erfannen einfach selwer hier nei Spiller! Oder liesen e Buch, wat sie faszinéiert ëmmer rem an bereeden sou villäicht de Pad fir hiert spéidert Liewen (Beispiel: e Kand liest ëmmer rem e Buch iwwer Archäologie an decidéiert henno Archäolog ze ginn). Etc.

    Mee natierlech kann Langweil och dozou féieren fir just Sch**ss ze bauen oder permanent virun der Tele resp. dem PC ze hänken an do säin Gehiir atrophiéieren ze loossen!

    Langweil. Alles anescht wéi en langweilegt Thema! Merci fir et opbruecht ze hunn 🙂

  2. Firwelz ass den Ufank vun der Philosophie nom Aristoteles 🙂 An Philosophie heescht op Hollänesch Wißbegierde.
    Mais daat ass jo bessen den Problem, deen di meescht Kanner hun. Se sin nemmi firwelzeg. Ech froen mech wierklech firwaat. Näischt kann se beandrocken. Oder se wellen sech net beandrocken loossen, well se Angscht firun neien Saachen hun. Alles Aussergeweinleches ass schiel. Se wellen et einfach net ukucken.
    Bon, wuel ass daat vläit en Zeechen vun Dommheet. Mais vläit awer och net. Vläit hun se och einfach nemmen Angscht, net an der Norm ze sin, net mei dozou ze geheieren, wann se bis eppes Extraes maan. An daat ass jo wuel net allze domm, sech geint Isolatioun an sou ze wieren. Mais do hu mer et alt erem: Extra Saachen, well se net normal sin, sin gefeierlech. Ergo, mer loossen et sin.
    D’Eltren wellen jo all (giff ech mol behaapten), daat hier Kanner frou sin. An se mengen, se wieren frou, wann se Frenn hun, wann se dozou geheieren e.t.c. Also gett alles dofir gemaach, daat d’Kand sech gudd integreiert. En Kand, daat dann mol bessen komesch Ideen huet, daat ass dann Fehl am Platz. Also gin d’Ideen verdrängt. Eng ganz schrecklech Geschicht. An dann langweilt et sech, d’Kand, well et sech mat deem langweilegen Mensch ärgere dich nicht zefridden muss gin. Oder well et am Molen en Kreschtbeemchen muss molen dee gring ass. Wei och emmer. Langweil ass schlemm, wann se opgezwongen ass.

    Et gin och Erwuessen Leit, di sech langweilen, an dach net ofgestompft sin. Ech mengen, daat sin dei, di et opgin hun, eppes fir sech ze maan, eppes kucken ze gon e.t.c….: ‚Ech kinnt, mais ech sin ze midd‘. ‚Ech kinnt, mais ech muss nach eng Wäsch maan‘. ‚Ech kinnt, mais ech muss dest an dest‘. Se sin an hierem Alldagsspannennetz gefaang an hun net genuch Kraaft, fir sech ze befreien. Se hu keen Courage mei, ze sichen. Natierlech ass d’Welt eppes immens intressantes, an natierlech hues de d’Meiglechkeet, dech all Daag, all Sekonn, NET ze langweilen, an deems de raus gees an d’Welt ukucks. Mais d’si vill Leit, dei et periodesch net kennen (well se dee ganzen Daag mussen am Büro hocken an tralala) an dann iergendswann an e Schema kommen, wou se sech net bewosst sin, daat se dran sin, an dann iwwerhaapt nemmi rauskennen.

    Ech mengen, emmer rem, daat een dann Hellef brauch. En Bewusstmacher sou, breicht een.
    An fier d’Kanner een, deen hinnen Saachen weist. Daat kennen d’Elteren sin, oder soss iergendeen. Een, deen dem Kand eng Gitar fir de Gebuertsdaag schenkt, oder Plastillin. Een, deen d’Kand mat an d’Natur hellt an em weist, wei een mat engem Grashalm Musik mescht. Sou Saachen eben. D’hun net vill Leit Chance, esou Menschen em sech ze hun…. eng traureg Saach. Bon, natierlech kennen d’Kanner och iergendswei selwer drop kommen. Mais stell der fir, d’Kand hätt nie Plastillin oder Buedem, Sand oder sou eppes ähnleches zur Verfügung….dann giff et jo nie drop kommen, domadder eng Buerg ze bastelen oder soss eppes. D’Kand brauch Material. An et kritt et oft net. Daat ass schued. An, och wann e Kand besonneg erfindungsräich ass, an aus engem Steck Pabeier di flottsten Villecher kréeiert…iergendswann geet et nemmi duer…iergendswann brauch et méi…an dann sin d’Elteren gefroot.


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: