Alt erem eng Cactus Beobachtung

D’Leit sin vill mi entspaant an der Vakanz. Bon lo soot dier: Bah, logesch, natierlech ass daat sou.

Mais gidd mol an de Cactus. An kuckt ierch d’Leit un dei do schaffen. Vill besser gelaunt, vill besser. Et fierwt of.

Gudd-gelauntheet fierwt of, ja! An och d’Bomen an d’Bopen, dei jo eigentlech souwisou net mi schaffen gin, och dei, kucken fröhlesch an entspaant.

Et ass e Genoss. Mol eng keier keng Depri-Stemmung am Cactus.

C’est bien.

D’freet een sech just, op daat net iergendswei armseileg ass, daat d’Leit nemmen dann, wann se Vakanz hun, frou sin. Oder daat Leit, nemmen dann, wann vill aaner Leit Vakanz hun, frou gemaach gin. Ausserdem freet een sech, wi krass d’Emwelt een manipuleieren kann. Op daat net iergendswei schlemm ass, well een sech denkt, daat villes net vun engem selwer ofhänkt, mais vun deenen aaneren. Wisou een net, einfach sou, frou ka sin. Wisou een di aaner Leit oder Vakanz brauch. 

Bref. Et wuar eng angenehm Stemmung am Cactus. Da freet een sech natierlech och: Hun ech daat net einfach sou empfonnt, well ech eben gudd drop wuar, an mer dunn eben di gudd gelaunten Gesiichter besser opgefall sin?

Ech wees et net. Et wuar op allefall, alt erem, en Erliewnis, an de Cactus ze gon 🙂 (Daat do kann een eescht huelen, muss een awer net. Ennert Erliewnis verstin ech natierlech eigentlech eppes aanescht, mais bon….Il faut savourer les petites choses, son ech)

Werbeanzeigen
Published in: on August 10, 2009 at 10:49 am  Comments (4)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/08/10/alt-erem-eng-cactus-beobachtung/trackback/

RSS feed for comments on this post.

4 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Hm, huet dat net domadder ze dinn, dass lo eng Rëtsch Studenten temporär do schaffen, déi alles net sou eescht huelen?

  2. Ass meiglech. Mais ech hun zwar och Net-Studenten laachen gesin. Mais och do kann een dann son: Mjo, vläit sin et d’Studenten, dei dann e bessen di aaner Leit di do schaffen beaflossen. Vläit ass den Student am Cactus vläit och Deel vum Vakanzenfeeling.

  3. Villäicht ass et och well generell manner Läit ennerwee sinn an doduerch jidereen manner gestresst ass 🙂

  4. Vläit vläit…obwuel vill Leit am Cactus waren. 🙂


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: