Ech soen näischt!

Ech fannen et eng schrecklech Freiheitsberaubung, heinsdo net dierfen säi Baack ze haalen. Zum Beispill hun ech um Pro 7 sou eng Werbesendung gesin, wou d’Leit encourageiert gin, wielen ze gon. Bon. Ech fannen daat net gudd. Gei wielen wanns de wells, an net wann d’Sonia Krause dier daat seet. Iwwerhaapt daat ganzt ge-Antrichters. Di genial nei Kach-Sendung um RTL: ‚Mat bessen Parmesan ass daat dooten besser’….ma looss se dach gewaerden. Jo, daat do ass eng Bagatell, ech wees. Mais emmer daat: Fann daat lo gudd- Gespacks geet mier einfach fatzeg op de Geescht. Ech hätt baal an den Fernseh geschloen, wou echen bestemmtenen Här gesin hun, Filmer ze kommenteieren an ze kritiseieren. Et huet vun Subjektiviteit nemmen su gespruddelt. Also, ech hun deen film immens fonnt, deen muss der onbedingt kucken gon. Jo, wann den Här Filmkritiker (quoi???) daat seet… dun wuar ech op utopolis.lu (well ech wollt den kinosprogramm kucken) an hu gesin, daat bei all film 3 stären dobäi stungen. Aha, se sin also alleguer gläich gudd. Ma dann maacht iwwerhaapt keng Stären dohin. An iwwerhaapt, wann der Stären dohi mat, dann erklärt aerch, wisou deen een der 2 kritt an deen aaneren der 5.

Et ass jo schliesslech Affaire de Gout. Beschreiwen, wei den Film opgebaut ass, waat fir e Genre et ass, e.t.c….mengetwegen. Mais ze soen, deen wier gudd, an daat de Leit dann opsetzen. Nee. nee nee nee.

Mais et muss een jo seng Meeeeeeeenung son, och wann een entweder iwwerhaapt keng huet, oder och wann een nemmen tescht gut a schlecht differenzeieren kann. Et muss emmer geschwaat gin. Well  Rouh, jo rouh, daat ass onangenehm.

Ech hun di Kachsendung do gekuckt (Kochduell oder wi heescht se) an hu mer geduecht: Blaaaaa blaaaaa blaaaaa. Kann de Moderator net einfach säi Baack haalen an d’Leit kachen loossen? Asou, dann wier et langweileg? Ma ech fannen net.

An dann gett sech gewonnert, wann d’Kanner blären an nemmi wessen roueg ze sin.

Werbeanzeigen
Published in: on September 24, 2009 at 4:29 pm  Comments (2)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/09/24/ech-soen-naischt/trackback/

RSS feed for comments on this post.

2 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Zur Kachsendung: ween de Spogen kennt, wees, dass dee seelen de Bak zoukritt 😉

    An Rou ass och subjektiv … vill Läit fannen dat gutt, dass hien do permanent braddelt a giffen et soss langweileg fannen. Schalt villäicht einfach den Toun dann fort? 😉

    Zur Kinossendung: ech huelen un du schwätz vum Joy Hoffmann? Jo, heiandsdo nervt en schon mat sénger iwwerdriwwener Subjektivitéit, mee op der anerer Säit, ass net all Kritiker irgendwéi subjektiv? Ok, et kann een soen op en Film technesch gutt gemaach ass, mee schon die visuell Emsetzung ass affaire de goût. Vun der Story ganz ze schweigen. An dem Genre. Ech kann awer verstoen, dass wann een vun engem Film begeeschtert ass, een deen aneren Läit un d’Häerz léeën wëll. Wann dat och meeschtens emsoss ass 😉

    Falls een eng generell Tendenz wëll gesinn, op e Film ‚gutt‘ oder ’schlecht‘ ass, sou ass et villäicht besser op ‚RottenTomatoes‘ oder ‚MetaCritic‘ ze goen … Insgesamt fannen ech den Joy awer nach ok.

  2. Jo selbstverständlech kinnt ech di Sendung och einfach net kucken. 🙂
    Jo, natierlech ass all Kritiker an enger gewessener Hinsicht subjektiv. Ass jo kloer, souwisou gett et menger meenung no keng objektiviteit, wann een seng Meenung seet. radikal. Mais ech soen just, daat et extreeeeeeeeeem ass bei him. An daat mescht mech einfach rosen, well et leit gin, dei him nolauschtren an denken: Oh, ma wann heen daat seet, muss dee Film jo baal gudd sin. Ech fannen, esou eng Sendung huet einfach näischt do ze sichen. Et ass dach puer Reklamm.
    Bon jo, natierlech gin et aaner Moyenen fir sech iwwert e film ze informeieren. Mais ech mengen, et sin vill Leit einfach ze liddreg dohi kucken ze gon. Schalten mer einfach de Letzebuerger an, mier wollten jo eh den Journal kucken.
    Naja.


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: