Phänomen Cactus.

All keiers, wann ech zu Letzebuerg sin, gin ech an de Cactus. Fir die Leit, di mei oft an en auslänneschen Supermarche akaafen gin, a la Edeka oder Billa, wessen secherlech och firwaat. De Cactus ass einfach den Waaaaaaahnsinn. Et fennt een alles am Cactus. De Cactus inspireiert zum konsumeieren. De Cactus huet Pesto an indesch Korma-Zoos. De Cactus huet Bio-Nuddlen, mat Ee, ouni Ee, alles huet den Cactus. De Cactus huet grouss Alleen an et ass engem net kaal, wann een bei de Frigoen ass. Et heiert een d `Keesen piipsen, ereischt, wann een firun hinnen steet.

De Cactus huet den Trick eraus. Et fillt een sech wuel. Wann ech an den Edeka gin, dann well ech emmer seier raus. Mais am Cactus kinnt ech zwou Stonnen verbrengen. Am Edeka muss ech mech och emmer morlaesch op dÀpaacken firbereeden. Et ass emmer eng Course geint d£Zäit. Well die wuarden net, bis daats du faerdeg bass. Ab dee nächsten. Am Cactus ass daat ganz aanescht. Do geet alles schein gemittlech.

 Bon. Wann een mol seier eppes kaafen muss, dann ass de Cactus zwar net ideal. Well Cactus ass Beschäftegungstherapie, Cactus ass fir Leit, di näischt ze din hun. Cactus ass gudd, wanns de tranquille bass, gudd Zäit hues.

Also wann ech näischt ze din hun, dann ass daat eischt waat mer afällt: Oh, da gin ech an de Cactus. Wi armseileg ass daat? Daat schlemmst ass: Ech sinn net daat eenzegt, waat esou denkt. De moien wuar ech an de Cactus an ech hu mer d’Leit mol ugekuckt. Et ass erstaunlech weivill Leit nemmen mat enger Saach an d’Kees gin. Et ass erschreckend weivill Leit an de Cactus gin, fir net doheem ze lungeren. Waat ass lass mat eis? Wisou mussen mir akaafen gon, fir eis net ze langweilen?

Cactus ass ongesond. Well et su gemittlech am Cactus ass, gin d’Leit gaer dohinner, ouni Grond, einfach sou, pour passer le temps quoi. An daer Zäit kinnten se awer vill mi flott a sennvoll Saachen maan. Wi zum Beispill an de Besch trepplen gon. Oder liesen. Mais de Profit dovunner gesäit een jo net, woubäi de Knätsch an der Posch dech esou schéin ulaacht.

 Ech gin leiwer an den Edeka. Do mierkt een weinstens, daat Akaafen eng Niewesaach ass, daat Akaafen eppes ass, waat een halt muss maan, mais waat net vill Zäit sollt eweg huelen. Do gett engem nach eppes vermettelt (haha, die Moral des Edeka), an zwar: Ma firun, notz deng Zäit fir sennvoll Saachen!

Werbeanzeigen
Published in: on Juni 2, 2009 at 9:45 am  Comments (5)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/06/02/phanomen-cactus/trackback/

RSS feed for comments on this post.

5 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Also, ech sin awer nach ni an de Cactus gaangen, fir Zäit doud zë schloen. Op déi Iddi wir ech ni komm. Soss gin ech der bal bei allem Recht, just bei de Frigoen ass mir awer trotzdem ëmmer kaal.

    Am béschte keeft een an, wann just nach eng hallef Stonn op ass. Dann ass ët sou schéi roueg, ët kënnt een iwwerall bäi a keen hënnert an de Gäng. Witzegerweis gin ech ëlo, nodeems ech dat heite geschriwwen hun, an de Cactus akaafen. Réngen Zoufall.

  2. Jo, secherlech ass et am sennvollsten eng hallef Stonn firun deems de Cactus zougeet, dohin ze gon. Da kennt een net a Versuchung, seng Zäit do ze verschwenden.
    Abee, vläit ass et jo och en tippeschen Fraleitsreflex an de Cactus ze gon, wann een näischt ze din huet. Naja, daat ass nawell eng blöd Annahme. Ech wees op jiddefall vun e ganzen Koup Leit, datt dei daat maan. Ech froen mech just emmer, firwaat? Firwaat maan ech daat? Well et ass jo net sou wi wann mer keng besser Saachen giffen afaalen. Vläit ass et, alt erem, en Ausdrock vun Willensschwäche. Wann een an de Cactus geet, huet een alt d’Gefill, eppes gemaach ze hun. Zum Beispill, wann ech an de Besch trepplen gin, hun ech Schwieregkeeten daat ze geneissen, well dann d’Bunn fräi ass fir z’iwwerleen. Ech kann do net ofschalten. Am Cactus par contre sin ech dann op d’Produkter konzentreiert, dei een do kritt. Do ass een ofgelenkt. Vläit ass et och daat, waat d’Leit esou gaer hun beim akaafen. Oflenkung.
    An awer nagt et emmer u mier, wann ech sennlos duerch de Cactus spazeieren: Du wees, daats de lo kinns vill mei sennvoll a besser Saachen maan, an du mechs se net. Sin mer faul? Oder vläit empfannen ech eng Cactuspromenade dach als sennvoll? Vläit ieren ech mech bei mengem Urtdeelen? Op alle Fall hun ech mer lo well firgeholl, nemmi sennlos an de Cactus ze gon….an dach fannen ech awer emmer eng Excuse, su a la: Oh, ech kinnt jo haut meng Hoer fierwen….dann gin ech an de Cactus Fuarw kaafen. Oder: Ech kinnt jo haut chinesesch kachen….an dann gin ech an de Cactus Soja-Zoos kaafen….C’est un cercle vicieux. hahaha

  3. Hehe, Cactus… do kéint ech Geschichten zielen, déi ech awer iech elo net well undoen. Ech wees just, dass ech séier gäer an de Cactus gin fir akafen ze goen ( 1 Mol d’Woch) an séier erem eraus. an fir de Rescht vermeiden ech et. ech kann et einfach net hun, wann ech all di Leit gesin, haaptsächlech eeler Leit an der Pensioun, déi dann schon um 2 auer mettes do op de bänken setzen. dat fannen ech einfach zum … . Mee: leider gehéiert meng Bom och zu deene Leit. an ech hun schon sou meng cactus-traumaen als Kand hannert mer. Wann si dann gemengt huet, en Ausflug mat eis ze maachen, da si mir z.B. an de cactus iesse gaang an dono akafen.den horror fir e Kand, wat d’Welt an deem Alter nach entdecken well. … Nujee. Mee meng Bom geet emmer nach am léifsten an de Cactus, wesst der virwat? fir aner Bomen a Bopen ze treffen! an aner Leit ze kucken . dowéinst. an fir sech net ze langweilen, well si kann net gudd goen. mee dat as trotzdem keng excuse, dofir dass si den Cactus als hier Lieblingsausflugsplaz huet. grummel. souvill zum Cactus

  4. Also als groussen EDEKA-Fan – „Wir lieben Lebensmittel“ – muss ech hei awer elo ganz heftege Protest aleeen.

    Wann ech déi Cactussen, an déi ech ginn, mat deenen EDEKAen, an déi ech ginn, vergläichen, dann zitt de Cactus awer ganz gewalteg, an zwar an bal all Hisiicht, de Kierzeren. Méng Cactussen sinn Esch an Kayl. Meng EDEKAen sinn allebéid zu Tréier.

    – D’Personal am EDEKA ass an der Regel frendlech an héiflech, probéiert deng Bedierfnisser ze erfaassen an ze befriddegen. Am Cactus huet et oftmols déi „Looss mech a Rou, mee bon ech muss dech bedéngen“-Mentalitéit. An déi besser gelaunten, virun allem déi hannerten Théiken, probéieren oftmols, witzeg ze sinn oder mech „ze zéihen“ (wou ech dann meeschtens op der Leitung setzen, wat dann an enger peinlecher Situatioun resultéiert), virun allem dann, wann se männlech sinn. Dat ass jo eppes, wat ech guer net leide kann: Witz a small-talk wann ech just e Büftek kaafe well!

    – intern Zirkulatioun: ech wees net, ob et um Caddy leit oder um Letzebuerger, mee am Cactus wessen d’Leit net mat deenen Deeler emzegoen. Am EDEKA schéngt mer d’Zirkulatioun duerch eng natierlech Uerdnung gereegelt, et flutscht alles, et hennert keen.

    – Ech fannen am Schnett d’Produiten am EDEKA qualitativ a geschmaachlech besser ewéi déi am Cactus. Just d’Cornischongen net. An Däitschland kréien se et einfach net hin, normal saure Gurken ze verkaafen, déi net mat iergentwelchen total iwwerflessege Kräider an Essenzen „verfeinert“ sinn.

    – Den EDEKA ass vu bannen méi schéin. D’Hannergrond Musék ass och net sou nerveg, an heiensto erklärt e kompetenten a sachkundegen EDEKA-Mataarbechter iwwer Lautsprecher, wisou et déi richteg Entscheedung war, bei EDEKA anzekafen, a wéi eeen EDEKA-Produit hien zu deem Moment nach kaafe géif.

    Ech kéint elo hei nach stonnelaang weiderschreiwen, mee ech muss elo a méng Chaos-Virliesung, dofir mäin Fazit: den EDEKA spillt an enger gaaaanz anerer Liga wéi de Cactus. Zur Nout mecht de Cactus et awer och.

  5. Ok.
    Da gees du wuel an en vill besseren Edeka ewei ech. A ‚méngem‘ Edeka leeft keng lues Musik, et gett keng Duerchso gemaach an et ass eng. An de Keesen sin ze zwuar frendlech, daat as wouer. Mais ech fannen d’Leit sin an de Butticker allgemeng mi frendlech am Schwabenland lo, wei zu Letzebuerg. Ech wees net wei et zu Treier ass, wuar schin eiweg nemmi do. Mh.

    Daat mam Caddy hun ech zwuar och schon beobacht. Ech denken schon daat de Mangel un Zirkulation op d’Cadden zereck ze féieren ass. Mais ech fannen och am allgemengen, sin d’Leit vill mei tranquille drop am Cactus, waat dann natierlech och dozou bäidréit, daat se net firun maan. Bon, ech verallgemengeren hei natierlech. Vläit gin ech och emmer dann an de Cactus, wann Bomi-Daag ass oder sou. Jo, iwwerhaapt sin vill méi aal Leit am Cactus wei lo hei am Edeka (oder Rewe oder Plus….) …bon ok, läit wuel dodrun, daat ech an enger Studentenstadt liewen an halt manner aal Leit hei wunnen 🙂
    De Cactus Kayl oder Esch ass och net esou reizend ewei den riisegen Cactus Bascharage. Ech verstin däin désaccord. Recht hues de, daat d’edeka Produkter gudd sin. Ausser d’Buttertaler. Dei fannen ech extrem enttäuschend.
    Waat ech um Edeka guer net gaer hun, daat ass, daats de einfach keng uerdentlech Mayonnaise do ze kaafen kriss. Iwwerhaapt hei. D’ass eng Schaan. An Keis….jo daat kanns d’och vergiessen. An als Student giff ech mer och méi en groussen Fertiggericht-Assortiment wenschen. Ech vermessen de Cactus. hahaha. Ech mengen, ech probeieren mol haut gemittlech duerch den Edeka ze schlenderen an en klengen Cactus Revival dobäi ze simuleieren. Jo, daat maan ech.


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: