Vun de Wierder

Alt erem hun ech e bessen gestöbert an eng Arbescht iwwert dem Platon säin Dialog Kratylos fonnt.

Et geet an deem Dialog dodrems, ob d’Benennung vun Saachen zoufälleg ass oder net.

Thes 1: D’Bennenung vun Geigenstänn ass net zoufälleg.

Daat erschengt logesch, wann een kuckt, wei d’Kanner Geigenstänn nennen: Eng Kou ass eng Muh, en Hond ass e Wau wau. Mais et gin och Wierder, dei den Erwuessenen benotzt, wou een mierkt, datt dei Wierder eng mat deem benannten Geigenstand an Verbindung stin. E Beispill dofir wier ‚lispelen‘. (Leider fällt mer grad keen aanert Wuert an….mh, daat seet jo schon villes)

Mais wei verhällt et sech dann mat Wierder wi ‚Stull‘ oder ‚Kaatz‘ oder sou? Jo, daat huet dann mat der Etymologie vun deem Wuert ze din. Haut kann een vläit net novollzeihen, wisou Stull Stull heescht, mais vläit ass den Ursprung vum Wuert an engem engen Zesummenhang mam Geigenstand, deen benannt gouf. Ech mengen, et ass jo awer keen Zoufall, wisou een an verschidden Sproochen, baal daat selwescht Wuert fir ‚père‘ benotzt: Latäin: Pater, Spuenesch: Padre e.t.c.

An dach ass et iergendswei net su einfach ze léisen. Et gin jo awer och Wierder, dei eigentümlech zu enger eenzeger Sprooch geheieren an dei trotzdem keen Zesummenhang mat deem bezeechnetem Geigenstand hun….

An iwwerhaapt, ass et jo awer sou, datt d’Wierder sech, och wann se etymologesch op eppes Sennvolles zereckfeierbar sin, iergendswei onlogesch zesummenbauen. Wisou ass dann lo grad en D bei Padre an keen T? Kee wees et. Jo, ok, well et eben Spuenesch ass. Naja, daat ass keen Argument.

Daat feiert eis zu der

Thes 2: D’Benennung vun Geigenstänn ass zoufälleg (oder arbiträr kann een och soen)

Stull heescht halt einfach sou Stull, einfach nemmen fir deem Geigenstand e Numm ze gin, an fir en eben vun aaneren Geigenstänn, wei ‚Desch‘ ze ennerscheeden. Su bessen wi mat den Eigennamen. Wisou heescht d’Josette Josette? Majo, einfach sou, well seng Eltren deen Numm schein fonnt hun.

____________________________________________________________________

Eigentlech seet  ‚Josette‘  jo absolutt näischt aus. Eigentlech ass et jo dann Wurscht, wei een en Dingsda nennt. Et bezeechnet halt just eppes. Et denoteiert, fir daat lo mol su sprochwessenschaftlech ze soen…an do ass keng Konnotation vorhanden. En Numm, all Numm, net nemmen den ‚Eigenname‘ denoteiert just, ….den Numm seet guer näischt iwwert den Geigenstand aus.

Waat solle mer dann lo vun der Sprooch am Allgemengen haalen?

Ech giff alt behaapten, daat verschidden Wierder méi wi nemmen bezeechnen. Sou wei zum Beispill Wau-Wau 🙂 (vläit hun d’Kanner jo d’Wourescht vun den Saachen besser erfaasst, ewei en Erwuessenen) Mais et sin eben vill Wierder wus de denks: Firwaat heescht daat esou? Dofir ass et vläit och su mühsam, Vokablen ze leieren. An iwwerhaapt, eng Sproch ze leieren. Well iergendswei kanns de verschidden Saachen einfach net novollzeihen. Bon, wanns de Franseisch kanns, fällt der et mi einfach, Latäin ze leieren an emgedreint. Mais huel un, du kinns daat net. Wi domm wiers de dann wuel drun? Naja, daat ass lo nemmen su en ofschweifenden Gedanken.

Waat ech amfong well froen ass: Ass d’Sprooch fiable? (keng Ahnung wi een daat op letz. seet) Kennen mier aus hier iergendswei eng Erkenntnis zéihen? Also ech mengen lo, vun den Saachen. Natierlech, wanns de eng Ausso bilds, ass do och, an enger gewessener Hinsiicht eng Erkenntnis dran (bon, ob dei lo wouer ass, di Ausso, daat ass eng aaner Saach). Mais ech froen: Ass d’Sprooch sennvoll?

Ech wees net. Als Kand huet daat mech emmer genervt, wann een mer keng Äntwert konnt gin ob di Fro: Wisou heescht Baam Baam? oder sou ähnlech. Ech mengen, mier waren alleguer e bessen onzefridden, wou den Erwuessenen dann soot: Ma daat ass eben nunmol sou.

An dann soen, d’Kanner wieren net zu philosopheschen Froen fäheg….Pah! 🙂

Werbeanzeigen
Published in: on Mai 1, 2009 at 1:01 pm  Comments (4)  
Tags: , , ,

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/05/01/vun-de-wierder/trackback/

RSS feed for comments on this post.

4 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Ha, mäin Thema. Als faszinéierte Linguistikstudent kennen ech dëse Problem och.

    Zur Thes 1:
    generell mierkt een, dass munch Wierder net zoufälleg gewielt sinn. Onomatopäen an Phonästhesien sinn dofir wichteg. D’Geräischer déi Déiere maachen sinn do natierlech zimlech praktesch als Beispill. Mee dann stellt een sech rëm d’Fro: wéi kann et sinn, dass bei sou basesche Koppien verschidde Sproochen nach verschidden Ausdréck hunn (port. ‚bau bau‘ vs. engl. ‚woof woof‘).

    Bei de Phonästhesien ass et méi evident fir d’bewosst Wal vu Wierder ze begrënnen. Denke mer am engeleschen u Wierder wéi „clasp“, „clap“, „clutch“, „cling“ etc. déi mat „cl-“ ufänken an am Sënn beienee leien. Natierlech hëlleft dat net weider bei Wierder wéi „clock“, déi och sou ufänken, mä wou keng sënnvoll Relatioun besteet. Et ass problematesch.

    Zur Thes 2:

    Wierder ginn zoufälleg gewielt. Wéi scho virdru gewisen, ass et komesch, dass verschidde Sproochen komplett ënnerschiddlech Nimm fir déi nämlech Saachen hunn. Et ass halt iergendwou, iergendwann e Choix getraff ginn, an dee gouf bäigehal. Vun dësem Choix hunn sech dann weider Relatiounen zu anere Wierder entwéckelt. Et däerf ee natierlech net vergiessen, dass Sprooch sech permanent verännert (cf. däi „padre“-Beispill). Tout se tient – a sou kann eng Verännerung an der Aussprooch, de Vocabulaire an d’Grammaire nohalteg veränneren.

    Hach, Linguistik ass faszinéierend. Ech kéint de ganzen Dag driwwer schreiwen. 🙂

  2. Yuhu, en Kommentar deen diskussiouns-aluedend ass 🙂
    Ech denken mol daat d’Verännerung vun der Sprooch dofir sprecht, daat een aus hier keng richteg Erkenntnis vun den Geigenstänn dei se benennt, zeihen kann. Demno wier et jo dan usech och egal, wei een eppes benennt. Daat ganzt baseiert jo just en Konsens, deen iergendswann eng keier gemaach gouf an un deen sech dann jiddereen an der jeweileger Sproch hällt.
    Mais ech sin emmer su méfiant deem geigeniwwer, dee mer seet: Du hues lo net daat richtegt Wuert benotzt, fir daat, waats du grad bezeeschens….Well, naja, wee seet daat? Firwaat ass et dann falsch, wann ech lo empfannen, daat daat Wuert lo gudd zu deem Geigenstand passt?
    Mier geschitt daat oft, wann ech Fremdwierder benotzen, obwuel ech daat letzebuergescht Wuert kennen: Mier erschengt daat Wuert einfach als méi akkurat (ech mengen, daat hun ech lo erfonnt daat wuert, mais du verstees secherlech, waat ech mengen)fir deen Dingsda do ze bezeechnen. Wisou mech dann dofir umaulen, wann ech d’Saachen well passend benennen?
    Ech sin am allgemengen e groussen Frend vum Fortschrett vun der Sprooch, an dofir denken ech mer: Wisou een penaliseieren (bon, daat ass lo en iwwerdriwwent Wuert, mais dÄklengt einfach gudd), deen e bessen weider well goen, ewei dei Wierder benotzen, dei et scho gett? D’Sprooch verännert sech jo eh! An wann d’Sprooch net konstant bleiwt an net Erkenntnis zum Objekt bäidréit…wisou se dann net och heinsdo verdreinen an e bessen mat hier spillen?
    Ech hun amfong ganz einfach e bessen eppes geint deen iwwerdriwwenen Patriotsmus vum Letzebuerger, deen su dermoßen stolz op seng Sprooch ass, well et (et schingt es) deen eenzegen national-identiteitsbildenden Aspekt vum Letzebuerger ass. Ech fannen et emmer schued, wann d’Leit sech op Wierder vu freier beschränken, dei eh net an eis heiteg Zäit passen, anstatt de Courage ze hun, hier Sprooch nei ze erfannen (oder weinstens dest ze encourageieren). Sou!
    Ech fannen Linguistik effektiv ganz intressant, mais ech mengen, ech wier definitiv ze faul et ze studeieren….:-)

    • Mir hunn am lëtzebuergeschen jo schon den interessanten Fall, daat eis Sprooch fir een wichtegt Gefill, nämlech Leiwt, keen verb huet. Géif mech och interesséiren wiesou daat esou ass.

      Et ged jo och oft genuch Beispiller, wou d’Eytmologie zu engem gewessen Zaitpunk falsch gedeid ginn ass (Ein Quäntchen Glück ged anscheinend no der néier Rechtschreiwung esou geschriwen, obwuehl et net vun „Quantum“ kennt, mee „Quentschen“ eben een aalt Wuert ass), also kinnt ech mer virstellen, daat d’Wierder an irgendenger Protosproch emol eng Bedeitung haaten, déi eben duerch Embildungen, aaner Ausschwätz- an durno Schreiwweisen hir Wurzel souzesoen verlueren hunn. Ech sinn awer keen Linguist an spekuléiren nëmmen.

      Interessant fannen ech och wann an der Botanik den Spitzahorn Acer platanoides (also „Palanenförmiger Ahorn“)heescht an d’Platane Platanus acerifolia (Ahornblättrige Platane).

      Baam kennt iwregens vum indogermaneschen „deru“, seet Wiktionary, mee daat verlaagert d’Fro jo nemmen.

      • vläit gouf et jo eng keier en Verb zu ‚Leiwt‘, mais ‚gaer hun‘ huet sech iergendswei, aus welchem Grond och emmer, duerchgesaat. Et ass en Mystere.
        Am groussen Ganzen fannen ech, daat d’Letzebuerger Sprooch beschränkt ass: daat ass schued. Vläit gett net genuch geschriwwen. vläit gett sech net genuch getraut, eppes an den letzebuerger Vokabular ze inaugureieren, well et lusch klengt zum Beispill.
        Ech hu mech mol amüseiert en letzebuergescht Wuert fir ’seiend‘ oder ‚das Seiende‘ ze fannen….do kommen schon lusteg Saachen eraus.
        Wei och emmer. Et wier schon interessant ze wessen, ob et dann lo eng aal Sprooch gett, wou et zahlreich Beispiller vu Wierder gett, di Senn ergin, resp. di iergendswei daat widerspijelen, waat den Geigenstan ASS. Den Sokrates am Kratylos gett zahlreich Beispiller aus dem aal-griecheschen,….dei ech allerdings net sonderlech iwwerzeegend fannen. Naja….


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: