Eise Claude (Lévi-Strauss)

Jo den Ethnolog. Waat zielt en?

Haut hu mer en Auszug aus dem Claude Lévi Strauss säin ‚Structures élémentaires de la parenté‘ gelies. An ech hu mer geduecht: boaaaah, how boring. Hien zielt do, an engem zimmlech mühsam-liesbarem Schreiwsstil, daat et bestemmten universell Normen gett, wann et em d’Bestueden geet. ( bon, mier hun den Text op Däitsch gelies….vläit ass d’Iwwersetzung och einfach schäiss)

Bref. Daat leet en dann su duer, inwiefern een daat beim Beispill vun den matrilateralen Kreuzkusinen-Heirat gesin kann e.t.c. Also daat ass dee eischter latzegen Deel. Bref, op jiddefall well en dorob eraus, mengen ech mol, daat et bei all deenen verschiddenen Heiratsnormen, dei et op der Welt su gett, et eng Norm gett, oder soen mer eischter een Prinzip, deen universell ass, deen emmer statttfennt e.t.c….

Et ass den Prinzip vum Austausch. Austausch an deem Senn, daat amfong zwou verschidden Saachen mateneen verschmelzt gin an soumadder eppes Neies bilden. Neit Blutt kinnt een son. Deen Prinzip geet amfong mi wäit nach.

Hien seet, daat all Mensch an Geigensätz denkt: hell-donkel, Daag-Nuescht, kaal-wuarm e.t.c. (naja, ech fänken lo net un daat ze kritiseieren) An daat Geigensätz  komplementär sin, op jiddefall als esou ugesin gin. E Mann bestid eng Fra, well et säin Geigensaatz ass, lo mol ganz banal weinst dem Geschlecht. Dofir ass Homosexualiteit esou verpöhnt. Well keng 2 Geigensätz sech komplementeieren. Oder och Masturbation. Do ass jo kee Melange

Daat as jo nawell interessant waat deen do zielt. Mais geet et wierklech dodrems an engem Marriage? Oder besser gesoot: Kann een all Zort vun Marriage op een universellt Prinzip zereckféieren loossen? Ech si net iwwerzeegt.

An iwwerhaapt soll daat e Grond sin, wisou Homosexualiteit mat esou méfiants-en Aen gekuckt gett (bon, also hautesdaags vläit nemmi sou….oder vläit awer???) ?

So its all about blood? Daat as jo mega primitiv. Mais bon, geint den Inzestverbot seet jo wuel keen eppes…

vläit si mer jo all primitiv?

Werbeanzeigen
Published in: on Mai 12, 2009 at 5:01 pm  Comments (2)  
Tags: , , ,

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/05/12/eise-claude-levi-strauss/trackback/

RSS feed for comments on this post.

2 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. (Huch, haat mech verlies an gemengt et wier den Herr Lévi-Raus, een Resitenzler den ech mol am Interview haat! Mee den huet och Ernest an net Claude geheescht. Hum.)

    Ass op manst en interessanten Usaatz fir eng Erklärung wiesou daat esou kéint sinn. Ech denken awer eischter daat elo spezifesch Homosexualitéit aus Grenn vun „do kommen jo keng Kanner dobai raus“ verpöhnt ginn ass.
    Trotzdem awer een interessanten Gedanken. E bessen an eng ähnlech Richtung, wann och awer erem op engem aaneren Terrain geht et an engem Dialog am Umberto Eco sengem „Das foucaultsche Pendel“, wou en ziemlech androcksvoll erklärt, wiesou an ville Kulturen déi selwescht Zuehlen helleg sinn an mescht dobai villes um menschleche Kierper aus. Wanns de wells kann ech der déi Plaatz oftippen.

  2. Jo, ech giff och eischter zu denger Erklärung zu der Verpöhnung vun Homosexualiteit tendeieren….mais vläit spillt dem Levi-Strauss säi Gedanken jo, deem hinzufügend, och eng Roll.
    Ech hun nach nie dem Eco säin ‚foucaultscher Pendel‘ gelies (obwuel ech mer daat emmer firhuelen, well et ass schon iergendswei faszinant, deen Pendel)Gaer kanns du mier den geschilderten Passage oftippen, falls et net ze mühsam ass….et giff mech effektiv nawell interesseieren!


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: