zivile Ungehorsamkeit – Antigone und Sokrates

Waat huet d’Antigone gemeinsam mam Sokrates?

Firdeischt mol ween sin di 2?

– d’Antigone ass eng Figur aus der griechescher Mythologie. D’Antigone huet säin Brudder (deen ‚unwürdeg‘ gestuerwen ass) begruewen, obwuel säi Monni de Kreon, Chef, him et verbueden huet. De Sophokles, suwi och den Jean Anouilh zielen eis des Geschicht.

– de Sokrates, ech mengen, dee kennt der, wuar gr. Philosoph, Lehrer vum Platon. Hien wuar en aktiven Philosoph. Hien huet d’Leit op der Agora (gr. Muartplaatz souzeson) drop opmierksam gemaach, daat se eigentlech keng Ahnung vun deem hun, waat se soen (daat do ass lo ganz grob resumeiert…gaaaaanz grob). Hien leent en Befehl vun engem Tyrann of. (ech gin keng Detailler well dei net relevant sin)

Soit! Waat ass dann lo mat desen 2? Ma si sin allen 2 weinst hieren eegenen Sense vun Gerechtegkeet gestuerwen, deen, gesetzeswidreg wuar. Se hun, aus rengem Gewessen, gesetzeswidreg gehandelt. Se wuaren zivil ungehorsam. Daat sin dach mol Leit, dei zu deem stin, waat se moralesch gudd fannen. Daat sin dach mol eierlech Leit, di net faerten, hieren Ideen no konsequent ze handelen!

En plus hun se domadder, mat hirem aktivem Handeln, op Lücken an der deemols herrschender Uerdnung higewisen. Do gouf net domm gespackt, mais gemaach!

Also wann daat keng Firbilder sin!

Werbeanzeigen
Published in: on Mai 13, 2009 at 5:01 pm  Comments (6)  
Tags: , , , ,

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/05/13/zivile-ungehorsamkeit-antigone-und-sokrates/trackback/

RSS feed for comments on this post.

6 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Ech wëll nët pedantesch sinn, stänkeren oder klugschäisseren, mee mir kënt d’Wuert „Ungehorsamkeit“ sou komesch vir; ech mengen, dat gëtt et nët sou wierklech. Si mer nët absolut sécher, mee ech hätt éichter vun „zivilem Ungehorsam“ geschwaat.
    (Ech wees, dat ass lo keen inhaltsräiche Kommentar. Interessant ass awer, dass den zivilen Ungehorsam eigentlech jo och e wichtege Gedanken am Chrëstentum si sollt…)

    • Majo wu ech et geschriwwen hun, hun ech mer daat och geduecht: ass et ungehorsam der ungehorsamkeit? An do ass mier ungehorsam mei komesch firkomm wi ungehorsamkeet obwuel am wikipedia ungehorsam gesoot gett (bon, keng genial source mais quand meme)
      Mais ech fannen et amfong net schlemm, wann een e Wuert erfennt. Ech mengen, d’Wuert huet jo Senn, och wann et et net gett. An d’versteet jo jiddereen waat ech mengen. An ech mengen, et as mei eierlech eppes esou auszedrecken, wou ee mengt, daat et am zoutrefleschsten klengt, wi e Wuert ze benotzen, daat engem komesch firkennt. Fir mech ass daat richteg, waat fir mech Senn huet, an daat muss net onbedingt an iergendengem Dictionnaire ston. Daat et daat Wuert net gett….ok….daat daat Wuert falsch ass….net ok Mais ech mengen daat hues du jo och guer net gesoot.

      • Hm, generell giff ech dir jo schon zoustëmmen, wanns de da lo mam Begrëff „Ungehorsamkeit“ eppes Neies bezeechne giffs, eppes, wat sëch nët bezeechne léisst, ouni dass doduerch säin (affektive?) Wäert vir dech verluere geet (cf. dat Gedicht vum Rilke, wat s de sëcherlech och als eng Aart Replik gepostet hues). Mee aus dem Artikel selwer geet awer kloer hervir, dass de einfach dat bezeechne wëlls, op wat numol – aus Konventioun – mam Wuert „Gehorsam“ referéiert gëtt. Ech gesinn dowéinst kee Mehrwert vir dëch doranner, déi Saach mat engem Wuert ze bezeechnen, wat nët an engem Dictionnaire drasteet, zemindest nët bei sou eem dach zimmlech banale Beispill.

  2. Ups, natierlech wollt ech schreiwen, dass aus Konventioun mam Wuert „Ungehorsam“ (an nët mam Wuert „Gehorsam“…) op dat referéiert gëtt, wat s de am Artikel beschreiws.

  3. do hues de vollkommen Recht. Eigentlech ass bei deem Beispill kee ‚Mehrwert‘ wis de sees fir mech dobäi. Mais ech denken et muss näischt Neies mat erfonntenen Wierder bezeechnet gin…e Gefill waat een net a Wierder faassen kann oder sou, einfach lo mol sou bezeechnen….nee, daat well ech mol guer net. Ech mengen, et ass vill besser sou, wann et net bezeechent gett. Ech mengen just daat een och Saachen, dei obviously sou an sou heeschen, heinsd och aanescht nennen kinnt, fir der Saach eng nuance ze gin, zum Beispill, ODER hier d’nuance, dei am Wuert dran ass, ze berauben, well d’nuance zevill nuance ass. Daat muss jo och net onbedingt subtil sin. Firwaat son ech su oft cool? Well, ennert aanerem (daat wees du), ech denken, daat dei Wierder, di soss benotzt gin, fir eppes ze beurtdeelen, net onbedingt besser sin, wei daat Wuert cool. Ech kinnt jo och son: Oh, daat do ass schein, faszinant, interessant,…e.t.c….mais mat cool hun ech alles emfaasst. Mat cool hun ech gesoot, daat et mer gefällt, resp. daatech daat gudd fannen e.t.c. Wisou soll ech eng Nuance setzen, wou eng Saach fir mech einheitlech ‚cool‘ ass?
    Naja, do sin ech lo voll ofgeschweift. Vläit hun ech net su vill Respekt firun de Wierder eweis du, an wei e ganzen Koup aaner Leit….oder vläit sin ech net sou e Frend vu Korrektheet oder denken mer, daat et net derwaert ass, korrekt ze sin wann d’Leit eh verstin waat ech mengen. Ech mengen, soss probeieren ech awer alt korrekt ze sin, also firun allem wann ech lo eng serieux arbescht schreiwen oder sou….mais am allgemengen Sproochgebrauch….

  4. Naja, vläit ass awer e Mehrwert fir mech dran….d’ass eng Art a Weis e bessen rebellesch ze sin (jo, ech gin mech zefridden mat klengen saachen) d’ass sou wei mam schief parken…


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: