On ne vit qu’une fois. Et encore!

Ech stellen mer emmer di immens schmerzvoll Fro, ob ech meng Zäit verschwenden mat deenen Saachen di ech maan, resp. net maan.

Do fällt mer lo grad su e coolt Bertrand Russell Zitat an: The time you enjoy wasting is not wasted time.

Dofir denken ech mer….bah, sulaang et der Spaß mescht, grad CSI ze kucken, oder topeg Saachen am Internet ze kucken….dann ass jo kee Probleem. Dann awer nagt sech di Fro an: Jo, mais, aaner Saachen giffen mer am Moment vläit méi Spaß maan, oder wieren mi sennvoll grad, gemaach ze gin. Mais dann denken ech mer: Ma wanns de wierklech weilts aaner Saachen maan (awer wierklech wierklech), dann giffs de se och maan. Vläit ass do och rem de Problem mat der Willensschwäche mat am Spill. Naja, soit.

Ech mengen, sulaangs de zefridden bass, mat deem waats de grad mechs, ass jo alles tiptop. Sin ech dann zefridden?

Ech hun emmer d’Impressioun, daat ech meng Zäit verschwenden…obwuel ech awer Saachen maan, di ech gaeren maachen. Ech denken mer emmer: Da muss doch noch mehr sein. An ech sin iwwerzeegt, daat am Liewen nach mei ass, wi daat, waat ech grad maan. Also soll ech vläit no deem ‚Mehr‘ do streben. Mais wéi, mais waat, mais wou…..

Prends possession de toi-meme seet den Seneca. Ma dann lass. 🙂

Advertisements
Published in: on Mai 1, 2009 at 1:27 pm  Comments (3)  
Tags: ,