Do you like Monty Python?

 

A very funny video: philosophers football

Werbeanzeigen
Published in: on August 28, 2009 at 11:23 am  Comments (3)  

Langeweil

C’est que c’est très pesant, la langeweile.

Et soll een nie d’Langweil vun engem Kand ignoreieren, mais sech vläit d’Fro stellen, wisou et sech langweilt an dann d’Konsequenzen draus zéihen. Wéivill Kanner si gelangweilt, well se ennerfuerdert sin? Weivill Kanner si gelangweilt, well se vill Saachen einfach net kennen, di se kinnten begeeschteren?

Weivill Kanner, an iwwerhaapt Leit, fügen sech an hierer Langweil, akzepteieren se, an liewen daagdeeglech domadder? E ganzen Koup Leit. D’Kanner, well se et net besser wessen, di Erwuessen, well se et opgin hun, eng adäquat Beschäftegungstherapie ze fannen.

Langweil kann eppes schlemms sin. Kann, giff ech suguer behaapten, zu Depressioun féiren.

Natierlech profiteieren d’Medien dovunner an locken di gelangweilt an d’Geschäfter. Mais och do, kreien se keng Satisfaktioun, di Gelangweilt. Hier Langweil ass net ze stellen. (‚e‘ mat Trema fannen ech lo net. also ech mengen ’stillen‘ ne) Op allefall, wann een se gestellt kritt, dann nemmen fir eng kuez Zäit. Wann een dann säin Truc bis faerdeg huet, steet een rem firun hier: The Langweil.

Ech fannen daat ganz schlemm, daat net vill op ennerfuerdert Kanner Betrachtung gezun gett. An daat hinnen och, falls se net d’Chance hun, an enger Famill opzewuessen, dei Ideenräich ass, net d’Meiglechkeet gin ass, eppes ze fannen, woumadder se sech beschäftegen kéinten. Well Kanner brauchen menger Meenung no, eng beistehend, hellefent Hand, dei se leet, dei hinnen Saachen weist. Oft ass di Hand net do.

Bei den Schoulmeeschteren ass se vergebens ze sichen. Ech accuseieren se net, si maachen hiert Bescht. Se probeieren, deenen Kanner, dei net su gudd eenz gin, an iwwerfuerdert sin, bäizestoen. Et kann een net alles maan, daat ass kloer. An mier hun jo all keng Zäit.

Bei den Eltren kinnt een se fannen, di Hand, mais och déi…sin iwwerfuerdert mat Alldagsproblemer an hun och keng Zäit. De Kanner misst beim Zäit dout schloen gehollef gin. Et muss hinnen gewisen gin, daat nierwt Nintendo an PSP, een och nach aaner Saachen maachen kann. Gelangweilt Kanner, fügen se sech hirem Schicksal, stellen sech selwer e Been, well se hiren Fortschrett henneren.

Et ass eng ganz schlemm Geschicht. D’Kanner hun souvill Ideen. Et muss hinnen just d’Meiglechkeet gi sin, se ze fannen, dei Ideen.

 

Wou bass de Sokrates? Mier brauchen dech!

Published in: on August 22, 2009 at 8:17 am  Comments (2)  

Eng Entdeckung

D’Bossa Nova Lidd ‚Insesatez‘ huet vill beim Chopin senger Prelude an Mi Mineur geklaut. 🙂 Dier kennt vläit d’Lidd ennert dem Titel  ‚How Insensitive‘,….ass en Standard an gouf ennert aanerem och schon vum Frank Sinatra gesong. Lauschtert mol ran, d’ass flott.

Ech empfehlen op allefall dei Versioun vum Joao an Astrud Gilberto zesummen mam Stan Getz (Menger Meenung no en genialen Saxophonist)

Dest ass fir Leit déi gaeren uerdentlech Schnulzen lauschtren 🙂

Iwwerhaapt empfehlen ech des CD: Getz plays Jobim. The Girl from Ipanema.     

Menger Meenung no eng gudd Introduktion an flotten Bossa Nova. Dier kennt Bossa vläit leider nemmen aus esou schielen Soiréen an Pseudo-Schicki-Restauranten wou iergendeng Schécks probeiert Jazzy ze sangen….dest ass net den richtegen Bossa. Bossa ass cool. Bossa ass einfach, bossa ass eierlech, bossa ass smoooooth.

Daat bekanntsten Bossa Lidd ass wahrscheinlech ‚Mas que nada‘ oder ‚The Girl from Ipanema’….et gin awer nach ganz vill aaner flott Saachen, dei deelweis melancholesch-nostalgesch, deelweis fröhlech sin. Ah, bekannt ass och nach ‚One Note Samba‘. Daat ass och flott. Als Bossa Schnulz giff ech ‚How Insensitive‘ oder och ‚O Grande Amor‘ empfehlen. Exzellent. Zumols mam Stan Getz.

Et gett och nach sou eng Cd, déi heescht ‚Big Band Bossa Nova‘, och mam Stan Getz. Do ass ‚Manha de Carnaval‘ drop, waat der vläit kennt, falls der dem Camus säin ‚Orfeu Negro‘ gesin hudd.

Vive den Stan!

Published in: on August 14, 2009 at 12:03 pm  Schreibe einen Kommentar  
Tags: ,

Yeeeeaaaaah

Ech sin ugehhoooooll!!!!! deet mer leed, mais dee Post huet lo missen sin. Ech kinnt jiddereen op der Strooss unhaalen an son: Hallo, ech sin ugeholl! 🙂 Yay!!!

Published in: on August 10, 2009 at 2:00 pm  Comments (2)  

Alt erem eng Cactus Beobachtung

D’Leit sin vill mi entspaant an der Vakanz. Bon lo soot dier: Bah, logesch, natierlech ass daat sou.

Mais gidd mol an de Cactus. An kuckt ierch d’Leit un dei do schaffen. Vill besser gelaunt, vill besser. Et fierwt of.

Gudd-gelauntheet fierwt of, ja! An och d’Bomen an d’Bopen, dei jo eigentlech souwisou net mi schaffen gin, och dei, kucken fröhlesch an entspaant.

Et ass e Genoss. Mol eng keier keng Depri-Stemmung am Cactus.

C’est bien.

D’freet een sech just, op daat net iergendswei armseileg ass, daat d’Leit nemmen dann, wann se Vakanz hun, frou sin. Oder daat Leit, nemmen dann, wann vill aaner Leit Vakanz hun, frou gemaach gin. Ausserdem freet een sech, wi krass d’Emwelt een manipuleieren kann. Op daat net iergendswei schlemm ass, well een sech denkt, daat villes net vun engem selwer ofhänkt, mais vun deenen aaneren. Wisou een net, einfach sou, frou ka sin. Wisou een di aaner Leit oder Vakanz brauch. 

Bref. Et wuar eng angenehm Stemmung am Cactus. Da freet een sech natierlech och: Hun ech daat net einfach sou empfonnt, well ech eben gudd drop wuar, an mer dunn eben di gudd gelaunten Gesiichter besser opgefall sin?

Ech wees et net. Et wuar op allefall, alt erem, en Erliewnis, an de Cactus ze gon 🙂 (Daat do kann een eescht huelen, muss een awer net. Ennert Erliewnis verstin ech natierlech eigentlech eppes aanescht, mais bon….Il faut savourer les petites choses, son ech)

Published in: on August 10, 2009 at 10:49 am  Comments (4)  

Kreativiteit als Förderung vum Selbstwertgefill

Et soll mei gemolt gin schreiwen ech. Domadder mengen ech natierlech net, daat molen fir jiddereen iergendswei netzlech ass. Ech well domadder natierlech nemmen son, et soll mei geschaaf gin, d’Leit solle mei kreativ gin. Wisou? Majo well et Perseinlechkeetsfuerdernd ass, well et gesond ass, well et d’Leit zum Fortschrett drängt. Andeems ee molt oder schreiwt oder musizeiert, kennt een sengem Sein mi no.

Eigentlech kann ech mech net su richteg mat Esoterismus oder sou ufrenden. Well et onlogesch ass an sou. Mais en klengen Tendant zur Spiritualiteit kann kengem schueden mengen ech. Op jiddefall fir zu sech selwer ze fannen an sou. Well, si mer mol eierlech, de Mensch, och wann en et well sin, ass alles aaneschters ewei logesch. An dach ass iergendswei emmer eng bedeitung vun deem, waat de Mensch dreemt an sou, ze fannen. Et ass näischt Quatsch waat mer denken. Daat muss een sech dach mol bewosst sin. Op allefall denken ech mier, daat een sech soll méih gin, sech selwer ze sichen. Daat een net einfach soll hinhuelen, waat di aaner sou iwwert een denken an sou. Well bon, et ass jo kloer daat eist Eegenbild staark vun der Aussenwelt geprägt ass. Ech giff suguer behaapten daat d’Aussenwelt deen greissten Deel vun eisem Selbstbild prägt.

En bestemmtenen Goffman huet gesoot (wann ech mech gud erenneren kann), daat niewt d’Awierkung vun deenen ‚Aaneren‘ och nach d’Arbescht eng grouss Roll spillt beim entwecklen vun Identiteit. An ech fannen, daat soll een wierklech net à la légère huelen. Schliesslech bestätegt een sech selwer, andeems een eppes gudd mescht, resp. schlecht (falls een en negativt Selobstbild huet) An ech fannen, grad dofir ass kreativiteit eng ganz wichteg Saach. Well, andeems een kreativ ass, oder andeems een sech Méih gett, eppes ze schaaffen, eppes selwer ze maachen, eppes Neies an sou weider, fennt een Aspekter vun sengeer Perseinlechkeet eraus, dei een firdrun net kannt huet. An doduerch kritt een méi en authetnescht Selbstbild.

Huel mol un, du wiers total onbeleiwt, d’giff keen dech verstoen, wells du ‚en komeschen Kauz‘ bass oder wei och emmer. Op allefall huel emol un, du giffs net su richteg an der gesellschaft unerkannt gin. Wann Perseinlechkeet sech alleng duerch den Urtdeel an duerch d’Handeln  vun deenen Aaneren giff prägen, häss du jo dann en extremt negativt Selbstbild. Et sin Leit, dei hun och effektiv doweinst en negativt Selbstbild, well se der Iwwerzeegung sin, se wieren wierklech esou schlecht, ewei d’Leit si gesin.

Wann dee mensch, deen vun jidderengem veruecht gett, elo awer zum Beispill en Mordstalent huet, soe mer, en kinnt fantastesch Piano spillen. Mengt der net, dee mensch giff sech, doduerch daat hien daat Talent huet, an wees, daat en daat Talent huet, direckt besser fillen, an denken, en giff jo trtozdem eppes am Liewen faerdeg brengen, an e wier eigentlech guer net sou schlecht, ewei d’Leit denken? Natierlech ass daat sou.

Daat do ass natierlech en Extremfall. Mais kuckt emol dei Leit, dei e bessen e schlecht Sebstwertgefill hun. Ech mengen, dei Leit waerten sech selwer secher bessen besser fillen, andeems se mol daat ausdrecken, waat se fillen, andeems se eppes schaafen, kuez…an deems se kreativ sin. Well domadder fannen se Saachen raus, dei hinnen weist, daat se eigentlech guer net su schlecht sin. Jiddereen huet iergendswei en Talent. En muss et just exploiteieren. An daat maan leider di weinegst.

An ech fannen, daat muss sech änneren. Kreativiteit muss méi gefuerdert gin. Wei zum Beispill an der Schoul. Oder duerch den Gouvernement tout court. Encouragement zum Selwer-maan. Jo, daat feelt. Encouragement zum ‚Aanescht-denken’….jo, daat wier et. mais dann ass jo alles op der Kopp. Di meescht schingen domadder wuel e Problem ze hun. Daat muss sech änneren, fannen ech. Hail to the Querdenker! voilà!

Published in: on August 6, 2009 at 10:29 am  Comments (10)  
Tags: , ,

Ceci n’est pas une pipe

ceci-n-est-pas-une-pipe

Daat Bild kennt jo wuel all Mensch.

Waat fällt ierch dozou an? Giff mech intresseieren!

Published in: on Juli 23, 2009 at 7:13 pm  Comments (3)  
Tags: ,

Coming soon

– En Post iwwert den Heidegger (et huet sech eng Sympathie entweckelt…OBWUEL ech Carnap liesen. Strange thing. Vläit sin ech naiv. Naja, wei och emmer.

– puer Zitater aus dem Carnap sengem ‚Der logische Aufbau der Welt‘. It’s pretty cool 🙂

– Iwwerhaapt su ‚Wiener Kreis‘ ‚logischer Empirismus‘ Szenen. Liesen mech grad do e bessen eran. spannnend spannend.

Published in: on Juli 20, 2009 at 11:45 am  Schreibe einen Kommentar  

Aufklärung-Mania

Ech hu gemierkt, daat ech hei, ewei och iwwerhaapt iwwerall a mengen Arbeschten an Reflexiounen di ech su maan, emmer rem op d’Aufklärung (also domadder mengen ech d’Epoch) ze schwätzen kommen.

Ech mengen, daat ass bessen eng Manie vu mier. Mais ech mengen, d’Auklärung léisst mech net lass, well hieren Leitspruch ‚Sapere aude‘ (Wage zu wissen) oder: Habe Mut dich deines eigenen Verstandes zu bedienen, mech einfach faszineiert.

En ass dach sou eppes vu richteg. An och wann d’Leit mengen, si wieren all opgeklärt, gesäit een emmer rem, daat se et net sin, alleng doweinst, well se sech net ‚ihres eigenen Verstandes bedienen‘, sech net trauen, daat a Fro ze stellen, waat se gesoot kreien an sou weider.

Ech sin iwwerzeegt dovunner, daat mier erem en Zeitalter der Aufklärung brauchen. De Kant seet zu senger Zäit, seng Zäit wier net ‚ein augeklärtes Zeitalter‘ mais ‚ein Zeitalter der Aufklärung‘. Majo. An lo, haut denken d’Leit: Majo, d’Zeitalter der Aufklärung ass lo eriwwer. Also si mer ‚aufgeklärt‘. Alt erem: En Fehlschluss. (Et feelt eng Prämisse, fir lo mol su Logik-Talk hei ze bedreiwen 🙂 )

Mier sin nach laang net aufgeklärt. Firwaat? Ma well leider nemmen di weinegst sech den Gedanken vun der Aufklärung zu Haerz geholl hun. Oder den Aufklärungsgedanken ass ‚in Vergessenheit geraten‘. Bon, am Lycee léiert jiddereen, dem Kant säi rauhen Sproch auswenneg. Mais waat brengt eis daat? Fir di meescht ass en bla. Firwaat? Ma well keen en erklärt kruut.

Ech kann mech nach drun arenneren, wi ech deen deemols hu missen auswenneg léieren. Et huet mech einfach nemmen ugekatzt. Ech hu bestemmt och eng keier gesoot: Ech haassen Kant. (Eppes, waat ech lo niiiiiiiiemei giff son. :-)) Mais hätten mer nemmen deemols de Recht vum Aufsatz ze liesen kritt. Dann hätt ech wuel ganz aanescht geduecht. Well deen brengt et!

En link zum Aufsatz: http://www.korpora.org/Kant/aa08/033.html

(Den Link ass iwwregends en Link vun enger Säit, di d’Gesamtwierk vum Kant beinhaltet, an dest suguer mat Säitenzuel vun der Akademieausgabe an alles, falls daat een intresseiert)

SAPERE AUDE! 🙂

Hei nach eng Buch-Empfehlung, falls een sech fir d’Aufklärung intresseiert, awer keng Loscht huet en Wälzer ze liesen:

Was ist Aufklärung?: Thesen und Definitionen. Von Kant, Erhard, Hamann, Herder, Lessing, Mendelssohn, Riem, Schiller, Wieland

–> Et ass e klengt Reclam-Bichelchen fir nemmen 2,40 Euro!

Published in: on Juli 19, 2009 at 3:17 pm  Schreibe einen Kommentar  
Tags: ,

Eng Vermutung

Ech mengen, de Kanner gett net genuch Geleehenheet gin, sech auszedrecken. Sou Kanner, lo bastelen mer mol en Dennebeemchen fir Kreschtdaag. C’est de la connerie.

En Bic oder en Pinsel an d’Hand a lass. Soen se kinnten net gudd molen! En graaaaven Feeler. Ech kruut emmer gesoot, ech giff zevill iwwert den Strich molen, ech wier net exakt a propper genuch. Dorobshin hun ech, als bravt Kand, versicht, nemmi iwwert den Strich ze molen (mais et ass mer schweier gefall). Lo denken ech mer: Hätten se mech dach nemmen gelooss! Wee wees, waat fir interessant Saachen dobäi erauskomm wier?

Ech haat eng Mol-Proff am Lycee, mat daer wuar ech frou: Si soot, mier sollten molen waat mer weilten. Se huet eis halt just en Thema gin sou, mais soss näischt. An se wuar begeeschtert vu mengem Bild. Ech fannen, d’Mol-Proffen sollten iwwerhaapt emmer begeeschtert sin vun de Kanner hire Biller. Oder, wann se et wierklech schlecht fannen d’Bild, et weinstens diplomatesch ausdrecken. Oder vläit einfach nofron: Firwaat hues du daat lo sou gemolt? Mais nee: Daat ass net gudd, et ass IWWERT DEN STRICH, daat DAERF een net.

Et ass dach inadmissible. Grad an der Konscht esou eppes ze son. Ze soen et dierft een net.

Waat mech och nach opreegt, daat sin di Schoulmeeschteren oder Jofferen, dei en Muster-Aufsatz als Verbesserung fir den Aufsatz dann gin. Wei wann et su eppes wi en Muster-Aufsatz giff gin. An iwwerhaapt. Et gett een vill ze vill an eng Form gezwängt. J’en ai marre.

Op der Uni geet et weider (woubäi Gott sei Dank net su schlemm): Ach Frau blabla, formal ist ihre Hausarbeit nicht so toll. Ich hatte doch gesagt Abstand 1,5. Und das Literaturverzeichnis entspricht nicht der Norm. Jo, an dann? Ech mengen, wanns de d’Buch fenns, waat ech ziteiert hun, waat ass dann de Problem? Bon. Daat ass lo net schlemm. Daat akzepteieren ech jo och. D’ass nemmen eng Formalia.

Mais d’soll nach een kommen an soen, ech dierft net iwwert de Strich molen, deem son ech eppes aaneschters wi firun 10 Joer. Mech drun henneren, kreativ ze sin. Ech molen lo nemmen mi nach Biller, di net propper sin. Ey, kuck den Munch. Ass daat kee coolen Moler? Mh, mais den gudden Edvard huet awer beim ‚Der Schrei‘ awer och net grad exakt gemolt, hä? Daerf hien daat dann iwwerhaapt? Waat ass daat fir en Deier do, waat blärt? Ah, en Mensch? D’gesäit su aus wi e Geescht. Sou een, deen gläich rem an seng Genie-Luucht verschwennt.

Jo, mais daat ass jo eng aaner Saach! Daat ass jo och e Kenschtler, deen huet jo och Talent. Majo, vläit huet him kee gesoot, e sollt net iwwert den Strich molen, wu e kleng wuar.

Et frustreiert mech wierklech. Weivill Joer ech domadder verplempert hun, formal korreckt ze molen, ze schreiwen an sou weider. Vun den Surrealisten oder Dadaisten zielt een den Kanner natierlech näischt. ‚Déi verstin daat dach net‘.

Daat d’Grammaire sech veränneren kann, daat hun ech dun am 6ten Schouljoer oder sou gemierkt. Do hun ech mer och geduecht: Wisou daerf ech net einfach schreiwen, wi ech well? Sulaang ee mech nach versteet?

Ech fannen, et soll een den Kanner méi Méiglechkeet (Fräiheet?) loossen, sech auszedrecken.

Mengt lo net ech wier ultraliberal an ech weilt daat de Kanner am groussen ganzen méi Fräiheet an der Schoul gelooss soll gin. Bien au contraire. Et soll hinnen villes Firgeschriwwen gin, just soll keen Hindernis zur Kreativiteit bestoen.

Soit. Mol iwwert den Strich mäi Kand. Iwwerhaapt Molbicher sin Blödsinn. Oder Mandalaen an all dee Kack. Loosst d’Kanner dach alleng molen. An wann se den Baam mol Rosa molen anstatt Gring, ma dann soot: Ah, daat ass awer interessant. Firwaat ass deen Baam do rosa? Wann d’Kand näischt äntwert, dann ass et wuel ze kleng ze checken, wei een Faarwen ennerscheed. Mais bon, ca vaut le coup de demander non? Loost d’Kanner d’Welt dach selwer ‚wahrnehmen‘. Ditt hinnen dach kee Brell op. C’est vrai quoi, à la fin!

Published in: on Juli 11, 2009 at 3:55 pm  Comments (4)  
Tags: ,