Sensibelchen

Vläit reegen ech mech zevill iwwer Klengegkeeten op.

Mais ech fannen einfach, daat, am allgemengen, d’Leit vill ze vill Kameidi maan. Sie bringen mir alle die Dinge um, seet den Rilke. Maja, daat ass et. All daat ‚parler pour ne rien dire’….firwaat, firwaat schwätzen d’Leit esou vill? Firwaat schwätzen d’Leit esou vill Brach? Domadder well ech lo op KEE FALL behaapten, daat ech net och oft Brach schwätzen. Ech froen mech just, waat daat soll? An wisou daat d’Leit den Fernseh aschalten, fir sech daat unzeheieren? Si mer all Masochisten? Oder hun di meescht Leit daat gaer, deen Brach? Oder sin mer dermoßen dorunner gewinnt, daat mer den Kameidi nemmi als steierend empfannen?

D’Lescht Keier, wou ech an enger Grouss-Staadt wuar, konnt ech net schlofen. Zevill Kameidi. ‚Ech heiren daat alles net mei‘ seet mäin Gastgeber mer dann. Jo, en huet sech halt dru gewinnt. Daat ass jo normal. Mais d’Leit gewinnen sech net nemmen un den Grouss-Staadt Kameidi, mais och un all aaner Zort vu Kameidi. Ass daat dann net e bessen eng Ent-sensibilisierung, dei d’Leit do matmaachen? Ass daat net schiedlech fir de Geescht?

Ech schwätzen vun Discoen, wou d’Musik ze huart ass, ech schwätzen vu Fernsehsendungen, wou dee ganzen Zäiten geschwaat gett. Weint deem ganzen Geschwätz gett een vun aaneren Saachen ofgelenkt. Wei zum Beispill di schéin Biller, déi, wei et schingt am ‚Hannergrond‘ laafen. Well se gin nämlech an den Hannergrond gedrängt. An dann, d’Musik. Ech giff et flott fannen, wann ech méi wei den fetten Bass vun der Musik, dei an den Discoen leeft, giff matkreien. Oder ass soss näischt dohannert? Heinsdo wuel schon…an mier kreien et guer net mat.

Den Computer brummt, den Handy piipst, et kennt en Auto laanscht d’Haus gefuer….an domadder verpassen ech d’Zwitscheren vun der schéiner Amsel, dei firum Haus trällert.

Et ass selwescht mat der Luucht. Alles ass beliicht. An domadder kreien ech den Ufank vun der Dämmerung net mat.

Eis Sinnesorganer gin mat Andreck vollgepumpt an waat ass d’Konsequenz? Se stompfen of, an mier kreien subtil Geräicher, subtil Liicht-ennerscheeder net mei mat. Ass daat dann net schlemm? Et ass alles ze grell an ze huart.

Mier ass daat zevill. Et ass net friddlech. Kee Wonner daat d’Leit aggro gin. Vläit sin ech och verwinnt. Wou ech lo wunnen ass Rouh an Natur. Ausserdem gesäit meng Staadt (huhu MENG, jo wei och emmer) sou aus, wei wann se an Pastell-Faarwen Deppecher gezapft wier. Hach, ech vermessen daat. D’ass friddlech. Wei och emmer.

Mäi Punkt ass, daat mer di lescht Zäit emmer rem opgefall ass, daat vill Leit einfach nemmi roueg kennen sin. Fir si ass et onangenehm, op enger Plaatz roueg  ze setzen an näischt ze schwätzen. Et muss geschwaat gin, et muss, et muss. Well soss kinnt een jo mengen, et hätt een näischt ze soen.

Ech froen mech heinsdo, waat dorunner schlemm ass. Ech mengen, natierlech huet een heinsdo keng Idee waat schwätzen, huet een eben ’näischt ze soen‘. Waat ass dann? Dann soe mer eben näischt an kucken waat ronderem engem leeft. Ech sin Sensationsgeil. Just si fir mech dei Saachen, dei als Sensatioun präsenteiert gin (Nackter Opa auf dem Time-Square oder sou) keng Sensatiounen. Wisou brauchen d’Leit Schockeren?

Wahrscheinlech ass et eng Art Kompensatioun. Vill Leit hun eben keng ze din, gin schaffen an kucken dono Fernseh. An well hiert d’Liewen halt dermoßen langweileg ass, brauchen se heinsdo esou e Schub, deen se um Liewen hält. Et ass vläit en Abwehr-mechanismus geint Liewensmiddegkeet. Et ass eng Drog, d’Sensatioun. An jiddereen ass ofhängeg. Dofir mierkt keen méi, daat et an den Discoen ze haart ass.  (Natierlech iwwerdreiwen ech, natierlech ass et net jiddereen. mais vill Leit) An et ass schlemm, daat dann dei, dei eigentlech normal, niichtern sin, an och vun engem Villtgen deen zwitschert faszineiert kennen sin, dann schief ugekuckt gin an gesoot kreien: So hues du eppes gedronk?

Werbeanzeigen
Published in: on September 24, 2009 at 6:59 pm  Comments (8)  

Ech soen näischt!

Ech fannen et eng schrecklech Freiheitsberaubung, heinsdo net dierfen säi Baack ze haalen. Zum Beispill hun ech um Pro 7 sou eng Werbesendung gesin, wou d’Leit encourageiert gin, wielen ze gon. Bon. Ech fannen daat net gudd. Gei wielen wanns de wells, an net wann d’Sonia Krause dier daat seet. Iwwerhaapt daat ganzt ge-Antrichters. Di genial nei Kach-Sendung um RTL: ‚Mat bessen Parmesan ass daat dooten besser’….ma looss se dach gewaerden. Jo, daat do ass eng Bagatell, ech wees. Mais emmer daat: Fann daat lo gudd- Gespacks geet mier einfach fatzeg op de Geescht. Ech hätt baal an den Fernseh geschloen, wou echen bestemmtenen Här gesin hun, Filmer ze kommenteieren an ze kritiseieren. Et huet vun Subjektiviteit nemmen su gespruddelt. Also, ech hun deen film immens fonnt, deen muss der onbedingt kucken gon. Jo, wann den Här Filmkritiker (quoi???) daat seet… dun wuar ech op utopolis.lu (well ech wollt den kinosprogramm kucken) an hu gesin, daat bei all film 3 stären dobäi stungen. Aha, se sin also alleguer gläich gudd. Ma dann maacht iwwerhaapt keng Stären dohin. An iwwerhaapt, wann der Stären dohi mat, dann erklärt aerch, wisou deen een der 2 kritt an deen aaneren der 5.

Et ass jo schliesslech Affaire de Gout. Beschreiwen, wei den Film opgebaut ass, waat fir e Genre et ass, e.t.c….mengetwegen. Mais ze soen, deen wier gudd, an daat de Leit dann opsetzen. Nee. nee nee nee.

Mais et muss een jo seng Meeeeeeeenung son, och wann een entweder iwwerhaapt keng huet, oder och wann een nemmen tescht gut a schlecht differenzeieren kann. Et muss emmer geschwaat gin. Well  Rouh, jo rouh, daat ass onangenehm.

Ech hun di Kachsendung do gekuckt (Kochduell oder wi heescht se) an hu mer geduecht: Blaaaaa blaaaaa blaaaaa. Kann de Moderator net einfach säi Baack haalen an d’Leit kachen loossen? Asou, dann wier et langweileg? Ma ech fannen net.

An dann gett sech gewonnert, wann d’Kanner blären an nemmi wessen roueg ze sin.

Published in: on September 24, 2009 at 4:29 pm  Comments (2)  

Sehnsucht

 

Das ist Sehnsucht: wohnen im Gewoge

und keine Heimat haben in der Zeit.

Und das sind Wünsche: leise Dialoge

täglicher Stunden mit der Ewigkeit.

 

Rilke.

Published in: on September 17, 2009 at 7:09 am  Schreibe einen Kommentar  

Couch Surfing

Fir déi, di et nach net kennen: couchsurfing.org ass en site, wous de dech umellen kanns, fir de Leit d’Meiglechkeet ze gin, bei dier ze iwwernuechten, fir näischt. Wanns du do ugemellt bass, kanns du och bei Leit an der ganzer Welt fir näischt iwwernueschten. Daat heescht: Huel un, du bass zu Paräis, hues awer kee Frick fir der en Hotel oder suguer fir der d’Jugendherrberg ze bezuelen. Da géi op Couchsurfing.org an kuck, ween intressantes sou seng couch ubitt.

Op couchsurfing kanns de der d’Leit natierlech ukucken, souwi och d’couch an de raum andeems de dann schleiws (daat do ass lo am ideal fall).  

Ech fannen et eng ganz super Iddi. Domadder spuert een vill Suen an en plus kriss de d’Meiglechkeet, nei Leit kennen ze léiren. Et sin suguer vill Leit ennert den ‚Couch-Hosts‘, dei der ubidden, mat hinnen bessen an der Stadt ronderem ze laafen. Daat heescht, du hues vläit en plus och nach en gratis Touri-Guide dobäi. Ech fannen et immens.

Dofir hun ech mech och lo do ugemellt. Falls also een well Tübingen besichen kommen…wess der lo, wou der eng Meiglechkeet hudd, ze iwwernuechten. 🙂 Ech fannen daat einfach cool.

Genau sou wei Mitfahrgelegenheiten. Ass och su eng cool Saach. Bon, do muss een zwuar bezuelen, mais d’ass secher viiiiilll mi belleg wi en Zuchticket, geschweige denn wi en Flugticket oder soss eppes. Bon, natierlech, wanns de an iergendengem Kaff wunns, ewei Letzebuerg 🙂 fenns de vläit net emmer eng Mitfahrgelegenheit. Mais ab Saarbrecken vläit….oder Tréier. Ech fannen daat immens. Ech fannen dofir muss mol Reklamm gemaach gin.

Published in: on August 28, 2009 at 1:22 pm  Comments (4)  

Do you like Monty Python?

 

A very funny video: philosophers football

Published in: on August 28, 2009 at 11:23 am  Comments (3)  

Langeweil

C’est que c’est très pesant, la langeweile.

Et soll een nie d’Langweil vun engem Kand ignoreieren, mais sech vläit d’Fro stellen, wisou et sech langweilt an dann d’Konsequenzen draus zéihen. Wéivill Kanner si gelangweilt, well se ennerfuerdert sin? Weivill Kanner si gelangweilt, well se vill Saachen einfach net kennen, di se kinnten begeeschteren?

Weivill Kanner, an iwwerhaapt Leit, fügen sech an hierer Langweil, akzepteieren se, an liewen daagdeeglech domadder? E ganzen Koup Leit. D’Kanner, well se et net besser wessen, di Erwuessen, well se et opgin hun, eng adäquat Beschäftegungstherapie ze fannen.

Langweil kann eppes schlemms sin. Kann, giff ech suguer behaapten, zu Depressioun féiren.

Natierlech profiteieren d’Medien dovunner an locken di gelangweilt an d’Geschäfter. Mais och do, kreien se keng Satisfaktioun, di Gelangweilt. Hier Langweil ass net ze stellen. (‚e‘ mat Trema fannen ech lo net. also ech mengen ’stillen‘ ne) Op allefall, wann een se gestellt kritt, dann nemmen fir eng kuez Zäit. Wann een dann säin Truc bis faerdeg huet, steet een rem firun hier: The Langweil.

Ech fannen daat ganz schlemm, daat net vill op ennerfuerdert Kanner Betrachtung gezun gett. An daat hinnen och, falls se net d’Chance hun, an enger Famill opzewuessen, dei Ideenräich ass, net d’Meiglechkeet gin ass, eppes ze fannen, woumadder se sech beschäftegen kéinten. Well Kanner brauchen menger Meenung no, eng beistehend, hellefent Hand, dei se leet, dei hinnen Saachen weist. Oft ass di Hand net do.

Bei den Schoulmeeschteren ass se vergebens ze sichen. Ech accuseieren se net, si maachen hiert Bescht. Se probeieren, deenen Kanner, dei net su gudd eenz gin, an iwwerfuerdert sin, bäizestoen. Et kann een net alles maan, daat ass kloer. An mier hun jo all keng Zäit.

Bei den Eltren kinnt een se fannen, di Hand, mais och déi…sin iwwerfuerdert mat Alldagsproblemer an hun och keng Zäit. De Kanner misst beim Zäit dout schloen gehollef gin. Et muss hinnen gewisen gin, daat nierwt Nintendo an PSP, een och nach aaner Saachen maachen kann. Gelangweilt Kanner, fügen se sech hirem Schicksal, stellen sech selwer e Been, well se hiren Fortschrett henneren.

Et ass eng ganz schlemm Geschicht. D’Kanner hun souvill Ideen. Et muss hinnen just d’Meiglechkeet gi sin, se ze fannen, dei Ideen.

 

Wou bass de Sokrates? Mier brauchen dech!

Published in: on August 22, 2009 at 8:17 am  Comments (2)  

Eng Entdeckung

D’Bossa Nova Lidd ‚Insesatez‘ huet vill beim Chopin senger Prelude an Mi Mineur geklaut. 🙂 Dier kennt vläit d’Lidd ennert dem Titel  ‚How Insensitive‘,….ass en Standard an gouf ennert aanerem och schon vum Frank Sinatra gesong. Lauschtert mol ran, d’ass flott.

Ech empfehlen op allefall dei Versioun vum Joao an Astrud Gilberto zesummen mam Stan Getz (Menger Meenung no en genialen Saxophonist)

Dest ass fir Leit déi gaeren uerdentlech Schnulzen lauschtren 🙂

Iwwerhaapt empfehlen ech des CD: Getz plays Jobim. The Girl from Ipanema.     

Menger Meenung no eng gudd Introduktion an flotten Bossa Nova. Dier kennt Bossa vläit leider nemmen aus esou schielen Soiréen an Pseudo-Schicki-Restauranten wou iergendeng Schécks probeiert Jazzy ze sangen….dest ass net den richtegen Bossa. Bossa ass cool. Bossa ass einfach, bossa ass eierlech, bossa ass smoooooth.

Daat bekanntsten Bossa Lidd ass wahrscheinlech ‚Mas que nada‘ oder ‚The Girl from Ipanema’….et gin awer nach ganz vill aaner flott Saachen, dei deelweis melancholesch-nostalgesch, deelweis fröhlech sin. Ah, bekannt ass och nach ‚One Note Samba‘. Daat ass och flott. Als Bossa Schnulz giff ech ‚How Insensitive‘ oder och ‚O Grande Amor‘ empfehlen. Exzellent. Zumols mam Stan Getz.

Et gett och nach sou eng Cd, déi heescht ‚Big Band Bossa Nova‘, och mam Stan Getz. Do ass ‚Manha de Carnaval‘ drop, waat der vläit kennt, falls der dem Camus säin ‚Orfeu Negro‘ gesin hudd.

Vive den Stan!

Published in: on August 14, 2009 at 12:03 pm  Schreibe einen Kommentar  
Tags: ,

Yeeeeaaaaah

Ech sin ugehhoooooll!!!!! deet mer leed, mais dee Post huet lo missen sin. Ech kinnt jiddereen op der Strooss unhaalen an son: Hallo, ech sin ugeholl! 🙂 Yay!!!

Published in: on August 10, 2009 at 2:00 pm  Comments (2)  

Alt erem eng Cactus Beobachtung

D’Leit sin vill mi entspaant an der Vakanz. Bon lo soot dier: Bah, logesch, natierlech ass daat sou.

Mais gidd mol an de Cactus. An kuckt ierch d’Leit un dei do schaffen. Vill besser gelaunt, vill besser. Et fierwt of.

Gudd-gelauntheet fierwt of, ja! An och d’Bomen an d’Bopen, dei jo eigentlech souwisou net mi schaffen gin, och dei, kucken fröhlesch an entspaant.

Et ass e Genoss. Mol eng keier keng Depri-Stemmung am Cactus.

C’est bien.

D’freet een sech just, op daat net iergendswei armseileg ass, daat d’Leit nemmen dann, wann se Vakanz hun, frou sin. Oder daat Leit, nemmen dann, wann vill aaner Leit Vakanz hun, frou gemaach gin. Ausserdem freet een sech, wi krass d’Emwelt een manipuleieren kann. Op daat net iergendswei schlemm ass, well een sech denkt, daat villes net vun engem selwer ofhänkt, mais vun deenen aaneren. Wisou een net, einfach sou, frou ka sin. Wisou een di aaner Leit oder Vakanz brauch. 

Bref. Et wuar eng angenehm Stemmung am Cactus. Da freet een sech natierlech och: Hun ech daat net einfach sou empfonnt, well ech eben gudd drop wuar, an mer dunn eben di gudd gelaunten Gesiichter besser opgefall sin?

Ech wees et net. Et wuar op allefall, alt erem, en Erliewnis, an de Cactus ze gon 🙂 (Daat do kann een eescht huelen, muss een awer net. Ennert Erliewnis verstin ech natierlech eigentlech eppes aanescht, mais bon….Il faut savourer les petites choses, son ech)

Published in: on August 10, 2009 at 10:49 am  Comments (4)  

Coming soon

– En Post iwwert den Heidegger (et huet sech eng Sympathie entweckelt…OBWUEL ech Carnap liesen. Strange thing. Vläit sin ech naiv. Naja, wei och emmer.

– puer Zitater aus dem Carnap sengem ‚Der logische Aufbau der Welt‘. It’s pretty cool 🙂

– Iwwerhaapt su ‚Wiener Kreis‘ ‚logischer Empirismus‘ Szenen. Liesen mech grad do e bessen eran. spannnend spannend.

Published in: on Juli 20, 2009 at 11:45 am  Schreibe einen Kommentar