Famous Philosophy-Quotes (4) Descartes

That’s a really famous one. Den Descartes seet, an sengen Meditatiounen an ech mengen och an sengem Discours de la méthode:

________________________________________________________________________

Cogito ergo sum.

Ech denken, also sinn ech.

________________________________________________________________________

Dest ass wuel daat berühmtest Philo-Zitat iwwerhaapt. Mais waat heescht daat dann iwwerhaapt, deen Saatz. Ugangsiwwerleeung vum Descartes ass: Mjo, daat waat ech gesin, kann mech täuschen (Fata Morgana, Draam e.t.c.) Meng Sinneswahrnehmung ass net fiable. Wisou soll ech hinnen dann Glaawen schenken? Soll ech gleewen, datt daat waat ech gesin wouer ass? Daat et eppes gett, waat deenen Wahrnehmungen entsprecht? Leiwer zweifelen ech dodrun. An dun goung et lass. Dun huet en probeiert un alles, awer wierklech ALLES ze zweiflen (den berühmten doute cartésien). Schlussendlech huet en dun gemierkt, daat en un eppes net zweiflen kann: Nämlech daat en denkt. Well, wann en zweifelt, dann denkt en jo. Des Aktiviteit muss jo dann schon ‚existeieren‘ souzesoen. An well Denken nie alleng kennt, well et emmer een Subjekt ass, deen denkt, seet hien, daat hien och net drun zweifelen kann, daat hien existeiert (daat denkend Subjekt) also: Ech denken, also sinn ech. (Dest ass natierlech voll vereinfacht) Mais ech fannen et flott, dei berühmten Zitater duerch ze huelen, an probeieren se kuez ze deiten. D’ass sou eng Art Übung, sech op daat Wesentlescht ze konzentreieren.

Advertisements
Published in: on Oktober 9, 2009 at 3:40 pm  Comments (6)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/10/09/famous-philosophy-quotes-4-descartes/trackback/

RSS feed for comments on this post.

6 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Et bléiwt awer e Problem: wat ass mat ‚ech‘ gemengt?

    Hien kann net sécher sinn, dass hien och als Mënsch, sou wéi hien sech spiert, existéiert. Hien kann séch just sécher sinn, dass eppes do ass, wat denken kann.

  2. jo, ma daat ass dann säin ‚Ich‘ giff ech son. Ech mengen, den Descartes zielt den Kierper net zu sengem ‚Ich‘. Sin mer do awer net ganz secher. D’ass op alle Fall d“res cogitans‘ (ech mengen daat heescht ‚die denkende Substanz‘ oder sou) dei secher zum Ich geheiert.

  3. Mee die ‚denkende Substanz‘ kéint ëmmer nach Deel vun enger Illusioun sinn. Wéi en Roboter deen drop programméiert fir ze denken, dass ‚hien‘ existéiert.

  4. jo, d’ass wouer. Dorunner huet den Descartes wuel kaum geduet 🙂

  5. Dass den Descartes alles a Fro stellt, ass leider falsch. Hien stellt nämlech ni d’Kausalitéit a Fro (e baséiert vill méi säi ganzen Denkprozess op d’Unnahm, dass et eng Kausalitéit gëtt). An domatter ass seng Schlußfolgerung um Enn falsch, well en ni bewisen huet, dass deen „ergo“ wierkelch fräi vun Zweifel ass.
    Ech stëmmen och dem Grommel zou. Well wéi de Søren Kierkegaard argumentéiert, stellt den Descartesni d’Existenz vum “ech” a Fro – an domatter analyséiert en och ni, op d’Denken eng Existenz zur Konsequenz huet, oder op d’Existenz d’Denken mat sech zidd.

  6. Jo, effektiv ass et falsch, mais d’ass awer säi Programm. Daat hien daat net konsequent duerchzitt, ass jo duerch däi Beispill gudd dokumenteiert. Hien stellt d’Existenz vum ‚Ech‘ net a fro, mais setzt säi Saatz einfach sou als Maxim dohinner, seet, dorunner kinnt een net zweiflen, obwuel hien, wis de sees, nie analyseiert op d’Denken eng Existenz zur Konsequenz huet.
    Lo denken ech drun, dann hien jo och den ‚Malin Génie‘-Szenario einfach duerch säin (och net grad schlüssegen) Beweis vun der Existenz Gottes anéantiseiert huet. (jo, d’ass mer keen aanert Wuert agefall) D’kann och kee béise Geescht mech täuschen, daat ech denken an dofir sin, vue daat Gott dodriwwer steet an tralala. (Vläit ieren ech mech do, souvill Descartes hun ech och net gelies)
    Un di ganz Kausaliteit-Saach haat ech mol net geduecht. Merci, daats de daat opbruecht hues!


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: