Eng kleng Bemierkung zu der neier Rubrik

Ech wollt just son, daat dei Zitater dei ech hei präsenteieren, aus MENGER Siicht berühmt sin. Natierlech kann ech mech do ieren. Ausserdem setzen ech dei Zitater spontan hei drop, ouni eng gewessen Chronologie ze befolgen. Ech wees, datt daat vläicht eischter stéierend kann sin, mais ech fannen et besser sou, well soss gesäit daat alles no enger ‚kurze Geschichte der Philosophie‘ aus. Sou eppes ze maachen beabsichtegen ech op kee Fall. Ech fannen, fir sou eppes ze intendeieren sin ech nach vill ze onerfahren, an ech fannen, et läit net a menger Hand ze soen, waat wichteg, a waat net wichteg ass an der Philosophie-Geschicht. Iwwerhaapt sin dei Intrpretatiounen (wann een daat su nennen kann) nemmen naiv Bemierkungen vun engem klengen Philosophie-Student, deen nach vill ze léieren huet. Ech wollt daat just soen, net daat een mengt, ech wier sou arrogant, ze behaapten, ech giff daat alles, waat ech hei schreiwen als ‚di richteg Interpretatioun‘ bezeechnen oder sou. Keineswegs, keineswegs. Dofir sin ech och ganz oppen op jeglechen Kommentar dozou. Ech fannen, als Philosophie-Student sollt een emmer oppen fir Bemierkungen vun deenen aaneren sin. Bon, och als Mensch iwwerhaapt 🙂 Soit. Ech wollt daat just kloer stellen, well daat huet mech lo bessen genervt. Ech hu mer geduet: Wee mengs du daats du bass, hä? An ech gin lo direckt eng Äntwert: En Meedchen, waat passioneiert vun sengem Fach ass an eben gaeren seng Meenung dozou seet (och wann des Meenung net d’Fruucht vun stonnelaanger Iwwerleeung ass e.t.c…)

Werbeanzeigen
Published in: on Oktober 9, 2009 at 3:52 pm  Schreibe einen Kommentar  

Famous Philosophy-Quotes (4) Descartes

That’s a really famous one. Den Descartes seet, an sengen Meditatiounen an ech mengen och an sengem Discours de la méthode:

________________________________________________________________________

Cogito ergo sum.

Ech denken, also sinn ech.

________________________________________________________________________

Dest ass wuel daat berühmtest Philo-Zitat iwwerhaapt. Mais waat heescht daat dann iwwerhaapt, deen Saatz. Ugangsiwwerleeung vum Descartes ass: Mjo, daat waat ech gesin, kann mech täuschen (Fata Morgana, Draam e.t.c.) Meng Sinneswahrnehmung ass net fiable. Wisou soll ech hinnen dann Glaawen schenken? Soll ech gleewen, datt daat waat ech gesin wouer ass? Daat et eppes gett, waat deenen Wahrnehmungen entsprecht? Leiwer zweifelen ech dodrun. An dun goung et lass. Dun huet en probeiert un alles, awer wierklech ALLES ze zweiflen (den berühmten doute cartésien). Schlussendlech huet en dun gemierkt, daat en un eppes net zweiflen kann: Nämlech daat en denkt. Well, wann en zweifelt, dann denkt en jo. Des Aktiviteit muss jo dann schon ‚existeieren‘ souzesoen. An well Denken nie alleng kennt, well et emmer een Subjekt ass, deen denkt, seet hien, daat hien och net drun zweifelen kann, daat hien existeiert (daat denkend Subjekt) also: Ech denken, also sinn ech. (Dest ass natierlech voll vereinfacht) Mais ech fannen et flott, dei berühmten Zitater duerch ze huelen, an probeieren se kuez ze deiten. D’ass sou eng Art Übung, sech op daat Wesentlescht ze konzentreieren.

Published in: on Oktober 9, 2009 at 3:40 pm  Comments (6)