Famous Philosophy-Quotes (1) Berkeley

Ech hu mer geduecht, ech kinnt mol sou eng Rubrik maan, wou ech berühmt philosophesch Sätz präsenteieren. Heinsdo waert ech se kommenteieren, heinsdo einfach nemmen ziteieren. Einfach sou zur Info.

Hei also daat eischt Zitat vum ireschen Philosoph George Berkeley, een vun deenen dräi berühmten briteschen Empiristen (Hume, Locke, Berkeley):

_______________________________________________________________________

Esse est percipi (vel percipere)

Sein ist Wahrgenommen werden oder Wahrnehmen
_______________________________________________________________________

Domadder well en soen, daat näischt ass, waat net ‚wahrgenommen‘ gett. D.h. wann keen en bestemmtenen Geigenstand  kuckt (keen taascht, keen schmaacht e.t.c.), an dee Geigenstand nie gekuckt gouf, dann existeiert en net. Et ass eng meiglech Äntwert op di berühmt Fro: Wann de Baam am Besch fällt, an d’ass keen deen daat gesäit, oder heiert…..fällt en dann wierklech? Den Berkeley seet: Nee. Mais bon, vue daat och Deieren ‚wahrnehmen‘ kennen, ass et jo dann kloer, och nom Berkeley, daat de Bam tatsächlech fällt. Wei ass et dann entzwousch, wou keen Liewewiesen ass, deen e bestemmtenen Geigenstand wahrnehmen kann? Äntwert vum Berkeley: Di göttlech Wahrnehmung. Gott gesäit alles. Majo dann.

Wei ass et dann mam ‚percipere‘? Majo, wann ech alleng entzwousch sin, an keen kann mech wahrnehmen, dann well daat net heeschen, daat ech net existeieren. Well ech, als ‚wahrnehmendes Subjekt‘ existeieren, well ech ‚wahrnehmen‘ kann. Domadder ass jo mol d’Existenz vun ‚wahrnehmend Entitäten‘ gesechert (och ouni d’Gottargument)

Bon, genuch dozou. Kann een mier soen, wei een ‚wahrnehmen‘ op letzebuergesch iwwersetzt?

Werbeanzeigen
Published in: on Oktober 7, 2009 at 4:11 pm  Schreibe einen Kommentar  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/10/07/famous-philosophy-quotes-1-berkeley/trackback/

RSS feed for comments on this post.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: