Esse est percipi?

Der Meilenstein

Tief im dunklen Walde steht er

and auf ihm mit schwarzer Farbe,

daß des Wandrers Geist nicht darbe;

dreiundzwanzig Kilometer.

 

Seltsam ist und schier zum lachen,

daß es diesen Text nicht gibt,

wenn es keinem Blick beliebt,

ihn durch sich zum Text zu machen.

 

Und noch weiter vorgestellt:

was wohl ist er – ungesehen?

ein uns völlig fremd Geschehen.

Erst das Auge schafft die Welt.

Christian Morgenstern

Werbeanzeigen
Published in: on Oktober 6, 2009 at 8:54 am  Comments (2)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/10/06/esse-est-percipi/trackback/

RSS feed for comments on this post.

2 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Dat ass en effet interessant, an och e bëssen verstéirend irgendwei … et sinn d’Liichtwellen vun den Objeten, déi op eis Aan treffen, déi eis et erméiglechen iwwerhaapt eppes ze gesinn. Et ass net wéi wann mir giffen selwer souzesoen ‚vun bannen no baussen‘ kucken … et ass méi dass dat vun dobaussen zu eis erankënnt … genau wéi bei enger Kamera.

    Kucken erschént sou éischter passiv wéi aktiv …

    Aaah, wéi och ëmmer. Ech si midd an hongreg, villäicht sollt ech net posten 😉

  2. Ech mengen net, daat deen Text sou gemengt ass. Ech mengen, hie well soen, daat et eppes reischt dann gett, wann et ‚wahrgenommen‘ gett. Waat natierlech immens verwirrend ass. Daat well jo dann heeschen, daat et eng Wirklechkeet amfong ausserhalb vun eisem Wahrnehmen guer net gett, an net nemmen daat! D’Welt ass nemmen WELL mier se Wahrnehmen, se hänkt also vum menschlechen Geescht of….heescht daat, daat mier d’Welt erschaafen (‚Erst das Auge schafft die Welt‘) ?
    Ech hun daat Gedicht an engem Aufsatz iwwert radikalen Konstruktivismus fonnt. Radikalen Konstruktivismus ass der Usiicht (lo mol ganz vereinfacht) daat d’Welt en Konstrukt vun eis ass. D.h. daat mier eis eis Wirklechkeet ‚konstruéieren‘ (daat klengt net gudd op letz.) an daat et eigentlech keng Wirklechkeet ausserhalb eisem konstrueierten System gett. Daat dei Wirklechkeet mat der Wirklechkeet vun aaneren iwwereneen stemmt erklärt den rad. Konstruktivismus duerch d’Phänomen vun der Kommunikatioun. En immens immens spannend Thema fannen ech.
    Soit. Daat Gedicht huet mech un dem George Berkeley, ireschen Philosoph, säi Saatz: ‚Esse est percipi‘: Sein ist Wahrgenommenwerden. erennert.
    Ech wees net, wei bahnbrechend ech deen Saatz lo fannen soll. Well hien seet (natierlech….trrr) daat Gott deen ass deen alles gesäit, alles wahrnimmt, ergo alles ass wahrgenommen, ergo alles daat waat Gott wahrnimmt existeiert, och wann de Mensch net kapabel ass, dei Saachen ‚wahrzunehmen’… Daat nervt di Philosophen dei sech duerch hiert Gottargument emmer retten wellen….naja.
    Wat natierlech interessant ass, ass, daat d’Saachen op der Welt net duerch sech alleng Existenz hun. (‚daß es diesen Text nicht gibt, wenn es keinem Blick beliebt‘)
    Waat mech dann rem verwirrt, ass den Saatz:
    ‚was wohl ist er – ungesehen?
    ein uns völlig fremd Geschehen.’…..heescht daat en ‚ass‘ trotzdem ouni daat en wahrgenommen gett, mais mier kennen net wessen, waat? D.h. daat dann also dach en Dingsda ‚an sich‘ kann sin, mier et eben just net, wei de Kant seet, erkennen kennen?
    Do ass jo dann vill manner am Spill. Waat mengt den Morgenstern dann lo? Keng Ahnung. Fannen et awer deck cool daat Gedicht.


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: