De Kleeschen

Wisou kreien d’Kanner d’Ligen vum Kleeschen erzielt? Wisou kreien se gesoot, daat hien d’Kadoen brengt, an daat nemmen, wann se brav sin? Any ideas? Ech sin fir d’Ofschaafung vum Kleeschen. Verstoot mech net falsch. Ech hun näischt geint Märecher. Mais net esou Märecher, dei fir  d’Kanner als Realiteit duergestallt gett. Wisou hun ech nie gegleewt, daat d’Engelen am Himmel Boxemännecher baacken, mais hun awer gegleewt, de Kleeschen giff existeieren? Wuar daat wierklech neideg, mech daat gleewen ze loossen? Ech fannen, et soll de Kanner mei däitlech gemaach gin, daat et eng Geschicht ass. Eng schéin Geschicht, freilich. Mais ’nemmen‘ eng Geschicht.  Bon, freier oder speider checken d’Kanner souwisou, daat et nemmen eng Ligen war. Mais wisou iwwerhaapt ufänken Ligen ze erzielen? Bon, fier erzeiheresch Zwecker, ok! Mais den Kleeschen-Gedanken ass schäiss: Sief brav, da kriss de e Kado. Du kriss eppes, wanns de dech normal behells, an net en Schwäin bass. Ma wisou solls de dann dofir eppes kreien?  Daat soll eng Selbstverständlechkeet sin. Ech fannen, et soll een de Kleeschen net als Argument erbäihuelen, fir säin Kand roueg ze stellen.

Werbeanzeigen
Published in: on Oktober 5, 2009 at 12:44 pm  Comments (8)  

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/10/05/de-kleeschen/trackback/

RSS feed for comments on this post.

8 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Näischt fir ongut, mee du hues selwer nach keng Kanner 😉

    Anti-autoritär etc ass jo alles schéin a gutt, mee ëmmer funktionnéiert dat och nët (wann iwwerhaapt). An dann fannen ech esou eng ‚Lijen‘ nach besser, wéi kierperlech Gewalt/Züchtegung.

    D’Kanner iwwerstinn deen Trauma. Hues du jo och, oder? 😉

    En plus léisst et se dann och un aneren onsichtbaren Wiesen zweifelen, wat menger Meenung no kee Fehler ass.

  2. Ech denken daat een seng Kanner och ouni Kleeschen erzéihen kann. Mä et ass wéi bei ville soziale „Normen“: Wann een als Eltren zu sengem Kand seet: De Kleeschen ged et net, daat ass just erfonnt (respektiv „deen ass laang doud“) dann huet een herno Problemer mam Léierpersonal, mat aaneren Eltern, etc.

    Ech fannen et awer interessant daat graad de Grommel dofir pledéiert, Kanner de Glaawen un eng chreschtlech Figur baizebrengen. Emmerhin implizéiert daat meeschtens och de rechtlesche kathoulesche Bataklang 😉

    Aanersaits ass e bessi Magie an der Kannerwelt secherlech naischt schlechtes. Schwiereg. Trotzdem muss Erzéihung och ouni esou Figuren funktionéiren. De Nuetspater an de Kroppemann si jo och scho besse méi laang an der Pensioun.

  3. Joel:

    1. De Kleeschen ass éischter un Coca-Cola drun wéi um Chrëschtentum. Opmanst wéi en bei eis an der Läscht duergestallt gët. Die ursprënglech Geschicht mat de Jongen am ‚Säurebad‘ kennt dach bal keen méi, oder? Op alle Fall net, wann et em den 6. Dezember an d’Kado’en geet.

    2. Hues de mäin läschten Saz verpasst? ‚En plus léisst et se dann och un aneren onsichtbaren Wiesen zweifelen, wat menger Meenung no kee Fehler ass.‘

    3. Ech hunn zwar selwer keng Kanner, sinn awer 2fachen Monni. An ech kann der soen, et kënt de Moment do erfënns de einfach irgendeppes, just dass se follegen oder opmanst temporär bëssen ageschüchtert sinn. Oder du erpress se mat eppes: „Wanns de lo dat oder dat nët mëss, da gees de direkt schlofen, etc“. Du kanns dat natierlech nees barbaresch fannen, mee ech bezweifelen, dass du selwer je vill mat klengen Kanner an hierer Erzéiung ze dinn has 😉

    4. Menger Meenung mécht et wéi ëmmer dat gesond Mëttelmooss: Fräiheet AN Disziplin a gescheiten Moossen. Extremer bréngen näischt. An Kanner brauchen, a sichen och, Limitten.

    • 1. +2. Huet een op zu Lëtzebuerg menger Meenung an Erfahrung no nach emmer. Emmerhin huet en een Beschofsgewand un an ass als solchen eng Respektpersoun.

      3. Ech hun 4 méi kleng Geschwester. Gleef mir, ech hu genuch matkritt waat Kannererzéihung ugeht, e.A. och Vakanzenaktivitéiten etc.

      4. Hunn ech je de Geigendeel behaapt?

  4. Ech kann mer och firstellen daat, wann ech bis Kanner hun, mer daat ganzt och waert iwwerleen. Ech hun jo och näischt geint: ‚wanns de net brav bass, gees de lo direkt schlofen‘.
    Vläit hues de Recht, daat de Kleeschen eng gudd Saach ass, fir daat d’Kanner hiere kriteschen Geescht entwecklen oder sou. Ech hun di Kleeschen-Geschicht jo och ganz flott fonnt wu ech kleng wuar. Ech denken just, daat et net misst vun den Elteren encourageiert gin, d’Kanner su laang wi meiglech an de Glaawen ze haalen, et giff e gin.

    De Kleeschen ofschafen, heescht jo net, säi Kand antiautoritär erzeihen. Ech schwieren der, ech hun definitiv eppes geint antiautoritär Erzeihung, wann se radikal antiatritär ass. D’Kanner mussen wessen, wou hier Grenzen sin, waat se daerfen an waat net, an wessen, daat se net alles kennen kreien. Ech fannen, de Kleeschen-Saatz: ‚Wanns de net brav bass, brengt de Kleeschen der näischt‘ keint een jo ganz einfach ersetzen mat: ‚Wanns de net brav bass, kriss de näischt fir Kleeseschersdaag‘. Daat et de Kleeschen gett oder net, ech mengen, daat kann d’Kand jo dann selwer fir sech erausfannen. Ech well och net soen, daat d’Elteren sollen soen: De Kleeschen gett et net. Se sollen just net soen: De Kleeschen gett et. Ech mengen, d’Kand gesäit jo um Fernseh di wonnerbar kitscheg Kleeschen-Filmer an kritt di ganz Kleeschen-Saach an der Schoul mat. Et kann sech jo dann alles zesummenreimen. Wann et un de Kleeschen gleewt, jo, wisou net? Mais et soll net an der Hand vun den Elteren leihen. Ech fannen, Elteren sollen einfach eierlech mat de Kanner sin. Daat se heinsdo Saachen net soen, daat ass fir mech och gudd. Ech giff et eng gudd Äntwert vun Elteren op d’Fro ‚Gett et de Kleeschen?‘ fannen: Waat mengs du? Et wier dach interessant, ze wessen, waat d’Kand dann äntwert. Wann et seet: Jo, et gett en. giff ech als Mamm fron: Firwaat mengs de daat? An dann giff d’Kand jo schon ufänken bessen ze iwwerleen. Ech fannen, Maieutik soll och vun Elteren, schon su frei wi meiglech bedriwwen gin. Elteren sollen hier Kanner encourageieren, selwer ze denken. Dofir fannen ech, se sollten hinnen net onnetz Ligengeschichten an de Kapp setzen.
    Bon, du sees lo: ‚Du hues dach selwer keng Kanner‘ oder vläit: ‚Daat kanns de dach net vun engem 2 jähregen erwuarden, iwwert d’Existenz vum Kleeschen nozedenken. Ech soen: Dach, daat kanns de erwuarden. Ech hun e Buch gelies, wou et em Philosopheiren mat Kanner geet, an ech soen der, et ass erstaunlech op waat fir durchaus philosophesch Ideen d’Kanner kommen. Se sin duerchaus kapabel, Saachen a Fro ze stellen. Et muss een hinnen just en Ansporn gin. An ech fannen, d’Kleeschen-Ligen stellt fir mech eng Barriere an deem ganzen Prozess duer.
    Bon, dann stellt sech d’fro: Muss daat ganzt Philosopheieren dann iwwerhaapt sin? Als Philosophie-Student sin ech dann mol eng keier fest dovunner iwwerzeegt an soen: Jo! ouni eng Begrennung ze gin, well ech d’Philosopheieren, wann et dann mol eng keier net netzlech ass fir d’Liewen, als Zweck an sich betruechten. Naja, das tut jetzt nichts zur Sache.

    Vläit hues de jo awer Recht. Vläit ass d’Kleeschen-Ligen pädagogesch wertvoll, well wis de sees d’Kanner „dann och un aneren onsichtbaren Wiesen zweifelen“ léisst. Ech fannen awer, et kinnt och aanescht gon. An ‚Magie‘ weisst du sees, Joel, kann een och duerch Geschichten aus dem Märchenbuch kreien. Dofir brauch een net de Glaawen um Kleeschen. Ech fannen, d’Kleeschen-Geschicht soll och ’nemmen e Märchen‘ sin.

  5. oder d’kinnt een son: ‚Et as sou wei d’Geschicht vum Kleeschen: Hien huet nemmen deenen braven e Kado gin….mh firwaat dann wuel?‘ Bon, vläit mierkt e Kand dee subtilen Ennerscheed tescht ‚Geschicht vum Kleeschen‘ an ‚de Kleeschen, the real one‘ net. Mais daat kann een jo dann kucken. E Kand op seng geeschteg Fähegkeeten préifen fannen ech emmer gudd. Sou huet een eng Richtlinn. Sou gesäit een vläit, wouhinner een d’Kand soll an d’Schoul schécken an iwwerhaapt, op et vläit ’schon‘ ufänken kinnt, mat schreiwen zum Beispill, oder ähnleches, waat geeschteg Ustrengung fuerdert.
    Vläit ass daat alles Coupage de cheveux en quatre. Ech fannen, daat gett net genuch gemaach, also way to go! 🙂

    • Subtil ass natierlech ëmmer besser wéi mat der Broutschéiss! Schlussendlech leeft et awer op dat selwecht eraus: brav sinn gët belount, net brav sinn gët bestrooft. Wat usech, menger Meenung no, och ok ass, soulaang et a Moossen ass an net all Kritik einfach sou getilgt gët. Och Kanner sollen kritesch sinn me et ginn och Regelen déi sollen/mussen agehalen ginn. D’Konscht ass et fir dat den Kanner op eng intelligent Manéier bäizebréngen.

  6. genau!
    Daat brav sin belount gett, fannen ech jo och ok. Just fannen ech et schiel, daat och ’net net brav sin‘ belount gett (ech mengen du verstees den Ennerscheed). Et ass jo schliesslech Kleeseschersdaag. Mais naja. Loossen mer lo net pingeleg sin.


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: