Willensschwäche – aleedend Reflexioun

Jo, et wier besser elo meng Hausarbeit ze schreiwen. Meng Vernunft seet mier: Allez, maach daat lo, soss gess du net faerdeg. Eigentlech wier et jo di beschten Entscheedung, elo un der Arbescht ze schreiwen. An dach setzen ech hei firum PC an maan alles, mais net daat. Wisou? Wisou ass mäin Wellen esou schwaach? Wisou maan ech net daat, waat ech selwer als daat ging bezeechnen, waat am beschten wier?
De Platon seet, et giff een no daer Handlungsabsicht handlen, dei een am vernünftegen empfennt. Der beschter Handlungsabsicht folgt noutwendegerweis eng Handlung daer deser Absicht entsprecht…..Also gett et fir heen guer keng Willensschwäche.
D.h., wann ech lo hei firum PC setzen an net meng Hausarbescht schreiwen, heescht daat fir de Platon, daat ech et eigentlech als mei vernünfteg empfannen, firum PC ze setzen, wi meng Aufgab ze maan. Ech mengen just, ech giff et als mei vernünfteg empfannen meng Arbescht ze schreiwen, well ech denken, datt daat dei vun der Gesellschaft firgeschriwwen Norm ass, daat als mei vernünfteg ze gesin, wei firum PC ze setzen. Schaffe schaffe sagt der Schwabe.
Mais naja. Fannen ech daat wierklech vernünfteg, hei ze setzen an net meng Arbescht ze schreiwen? Eigentlech iwwerhaapt net. An trotzdem maan ech et.
Ech hun gelies, daat Willensschwäche en Symptome vun Depression an/oder Schzophrenie ass. (nemmen sou nierwenbäi) An dann daat ganzt leugnen? Platon n’aurait-il pas eu tort?
Ech gin lo dest Semester an e Seminar, deen sech eben just em d’Thematik vun der Willenschwäche dreint. Et gin di klassesch Positiounen, wei dei vum Platon an Aristoteles firgestallt, sei wei och di modern, wei dei ennert aaneren vum Donald Davidson. Ech sin wierklech gespaant, waat do rauskennt.
Op jiddefall hun ech mer geduecht: Bon, du kinns jo deng Reflexiounen hei opschreiwen, sou hues du iergendswei deng Fräizäit mat dengem Studium verbonnen. Sou gess de der d’Illusioun daat et net Schaffen ass, mais Spaß. Ech mengen, et muss een mat allen Tricker schaffen. Zumols fir een, deen su wellensschwaach ass ewei ech 🙂 oder?

!!!! Ech hun bäigeleiert! Sou wei ech den Platon hei duergestallt hun ass net ganz richteg. En eegenen Artikel iwwert den Platon zur Willensschwäche kennt demnächst.

Werbeanzeigen
Published in: on Mai 1, 2009 at 8:53 am  Comments (2)  
Tags: ,

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/05/01/willensschwache-aleedend-reflexioun/trackback/

RSS feed for comments on this post.

2 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. Selwechte Probleem hei. Meng Aarbecht iwwert Fräiheet a Noutwennegkeet beim Hume well sech net selwer schreiwen…

    Mee cool e Philosblog!

    • Jo, schlussendlech ass meng Arbescht iwwert den Begreff ‚erste Philosophie‘ beim Aristote geschriwwen! Yay! Bon, ech sin zwuar net iwwerzeegt, hätt mech sollten mei dohannert setzen. Naja….

      Mee cool, e Philosstudent 🙂


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: