On ne vit qu’une fois. Et encore!

Ech stellen mer emmer di immens schmerzvoll Fro, ob ech meng Zäit verschwenden mat deenen Saachen di ech maan, resp. net maan.

Do fällt mer lo grad su e coolt Bertrand Russell Zitat an: The time you enjoy wasting is not wasted time.

Dofir denken ech mer….bah, sulaang et der Spaß mescht, grad CSI ze kucken, oder topeg Saachen am Internet ze kucken….dann ass jo kee Probleem. Dann awer nagt sech di Fro an: Jo, mais, aaner Saachen giffen mer am Moment vläit méi Spaß maan, oder wieren mi sennvoll grad, gemaach ze gin. Mais dann denken ech mer: Ma wanns de wierklech weilts aaner Saachen maan (awer wierklech wierklech), dann giffs de se och maan. Vläit ass do och rem de Problem mat der Willensschwäche mat am Spill. Naja, soit.

Ech mengen, sulaangs de zefridden bass, mat deem waats de grad mechs, ass jo alles tiptop. Sin ech dann zefridden?

Ech hun emmer d’Impressioun, daat ech meng Zäit verschwenden…obwuel ech awer Saachen maan, di ech gaeren maachen. Ech denken mer emmer: Da muss doch noch mehr sein. An ech sin iwwerzeegt, daat am Liewen nach mei ass, wi daat, waat ech grad maan. Also soll ech vläit no deem ‚Mehr‘ do streben. Mais wéi, mais waat, mais wou…..

Prends possession de toi-meme seet den Seneca. Ma dann lass. 🙂

Advertisements
Published in: on Mai 1, 2009 at 1:27 pm  Comments (3)  
Tags: ,

The URI to TrackBack this entry is: https://medialuz.wordpress.com/2009/05/01/on-ne-vit-quune-fois-et-encore/trackback/

RSS feed for comments on this post.

3 KommentareHinterlasse einen Kommentar

  1. ohjo, ech wees genau wats de mengs. Kuk, lo henken ech rem op Flickr an Photogen an kucken mer dausenden Fotoen un, obwuel ech dat sooouuu oft man. Do denken ech mer och oft: Ass dat lo sennvoll. Mee et mecht mer jo awer Spaß, och wann ech mer denken : Go out and catch the light amplaatz et hei um PC ze kuken. Naja. 😉

    p.s: flott Iddi, däin blog… Sou gett een vill iwwer dein Fach gewuer 😀

    • Merci!
      Jo, ech denken, ech waert demnächst zwuar mi kuez artikelen schreiwen, dei bessen mi easy sin sou. well ech mengen, d’ass awer iergendswei latzeg su e kilmoeterlaangen Kant-Post ze liesen… 🙂

      • nee net onbedingt latzeg, mee et ass een schonn bessi demotivéiert an et mengt een et géiff deck komplizéiert an schwiereg ginn. Mi kuerz Texter erhalen d’Konzentratioun méi an wierken einfach méi fresch. 🙂


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: