That’s a really famous one. Den Descartes seet, an sengen Meditatiounen an ech mengen och an sengem Discours de la méthode:
________________________________________________________________________
Cogito ergo sum.
Ech denken, also sinn ech.
________________________________________________________________________
Dest ass wuel daat berühmtest Philo-Zitat iwwerhaapt. Mais waat heescht daat dann iwwerhaapt, deen Saatz. Ugangsiwwerleeung vum Descartes ass: Mjo, daat waat ech gesin, kann mech täuschen (Fata Morgana, Draam e.t.c.) Meng Sinneswahrnehmung ass net fiable. Wisou soll ech hinnen dann Glaawen schenken? Soll ech gleewen, datt daat waat ech gesin wouer ass? Daat et eppes gett, waat deenen Wahrnehmungen entsprecht? Leiwer zweifelen ech dodrun. An dun goung et lass. Dun huet en probeiert un alles, awer wierklech ALLES ze zweiflen (den berühmten doute cartésien). Schlussendlech huet en dun gemierkt, daat en un eppes net zweiflen kann: Nämlech daat en denkt. Well, wann en zweifelt, dann denkt en jo. Des Aktiviteit muss jo dann schon ‘existeieren’ souzesoen. An well Denken nie alleng kennt, well et emmer een Subjekt ass, deen denkt, seet hien, daat hien och net drun zweifelen kann, daat hien existeiert (daat denkend Subjekt) also: Ech denken, also sinn ech. (Dest ass natierlech voll vereinfacht) Mais ech fannen et flott, dei berühmten Zitater duerch ze huelen, an probeieren se kuez ze deiten. D’ass sou eng Art Übung, sech op daat Wesentlescht ze konzentreieren.